• De PLUS

    • gutt equipéiert
  • De MINUS

    • Geräischpeegel vum Motor

Made in Korea heescht et haut am Automag mam KIA Rio.

E Modell deen de koreanesche Konstrukteur elo schonn iwwer 20 Joer a senger Gamme huet. Elo dann och mat Mild Hybrid, Facelift a méi? De Christian Schmit wollt dat hannert dem Volant erausfannen.

Automag: KIA Rio Mild-Hybrid

Erstaunlech erwuessen ass de KIA Rio dach ginn. Zënter dem Lancement am Joer 1999 huet dëse permanent u Qualitéit zougeluecht. Eng interessant Alternativ am Segment vun den Autoen, déi kompakt mat em di 4 Meter untrieden. D’Konkurrenz ass do mat dätschen, franséischen a japanesche Modeller grouss. Um selwechte Chassis baséiert och säi koreanesche Pendant bei Hyundai.

An der GT Versioun mat Logo um Mall Deckel, dezente Spoiler, a 17 Zoll Alu Felgen, si mir de Rio gefuer. Steet dem Auto prima, a wierkt nawell net opdränglech. Esou wëll en d’Roll vum „nobody“ ofsträifen.

Den 1000er T-GDI, en 3 Zylinder Turbo kënnt elo mat engem 48 Volt Mild-Hybrid-System, gouf „Smartstream“ gedeeft, a steet och esou um Motorblock. Et bleift bei 120 PS Leeschtung, mä mat engem Upgrade fir d’Effizienz an CO2-Bilanz ze verbesseren. Dozou zielt dann och eng elektronesch clever 6 Gang Boîte mat Seegeleffekt. Do rullt een dann zäitweis iwwer Land mat 0 Touren a 0 Dezibel. Mee soss ass den 3 Zylinder ëmmer am Interieur present, wat bei méi héijer Vitesse duerchaus nervt.

Tëscht Vitesse an Tourenzieler gëtt de Chauffer och elo iwwer de „flux d’énergie » au courant gehal, a kritt optesch gewisen, dass Energie beim Bremsen oder biergoffuere recuperéiert gëtt. Mam Resultat, dass elo d‘5 virum Komma beim Verbrauch steet. Wien allerdéngs am Drive-Mode op "Sport" setzt, dee kraazt da séier un der 7 virum Komma.

De KIA Rio GT animéiert een duerchaus emol op Sport ze setzen, well Lenkung, Chassis an eng passend ofgestëmmte Boîte matspillen. Bon all ze schlecht sollt de Stroossebelag net sinn, well dann ass d’Fiederung iwwerfuerdert. Dofir sinn d’Setzer awer bequem, an di schwaarz/wäiss Stoff Kombinatioun wosst och ze gefalen. Fuerleeschtunge mat engem Sprint op 100 an 10 Sekonnen, an 190 km/h, domat léisst sech sécher liewen.

Apropos sécher. Do kann de Koreaner och nach punkten. Well an där Kategorie sinn all déi Fuerassistenz-Systemer net selbstverständlech. Spuer halen, Kollisiounswarner, Smart Cruise Control oder och nach di Saach mam doudege Wénkel.

Dat gëllt och fir d’Connectivitéit an den Infotainment-Beräich. Och hei kritt de Rio elo dat mat op de Wee, wat seng méi grouss Modeller aus dem Haus KIA u Bord hunn.

Den 8 Zoll Ecran ass zentral positionéiert an iwwersichtlech configuréiert, inklusiv Kamera fir ze rangéieren. Klassesch Schaltere bleiwen engem och erhalen. An der Mëttelkonsol hu mir nach Sëtzheizung a beheizbare Volant notéiert. An d’Mall passe weiderhin 325 Liter. Wier et nach fir e bëssche Stoff oder Lieder a Plaz just haarde Plastik duergaangen, et géif e sech richteg wuel fillen am Rio vu KIA.

De Kia Rio T-GDI Mild Hybrid steet an der GT Versioun mat 22.470 Euro an der Lëscht. Den Testauto mat just e puer Optiounen, déi nach méiglech sinn, koum op 23.825 Euro. E stolze Präis, och wann d’Ausstattung dann iwwerduerchschnëttlech ausfält. Fir e Mild-Hybrid gëtt et och keng Primm vum Pappa Staat, mä vu KIA di legendär 7 Joer Garantie.