• De PLUS

    • Veraarbechtung
    • Autonomie
  • De MINUS

    • Fiederung

Ausser Porsche konnt nach keen esou richteg Tesla Paroli bidden – bis elo!

D’Äntwert vu Ford am Segment vun de leeschtungsstaarken Elektroautoen heescht nämlech Mustang Mach E. Um Festival huet e seng Première gefeiert, virun e puer Woche duerft de Paul Origer den neien E-Ford op der Presentatioun zu Lëtzebuerg dann och fueren.

Automag: Ford Mustang Mach E

Schonn den Numm huet fir Gespréichsstoff gesuergt. Op der enger Säit d’Fans, déi schockéiert sinn, firwat Ford aus hirem legendäre Ponycar elo een Elektro-SUV mécht, op der anerer Säit awer nei Interessenten, déi entweder aus dem Tesla-Camps kommen oder sech an d’Neiland vun der Elektromobilitéit trauen.

Den Design

Eppes muss een zouginn, et stécht awer relativ vill Mustang an der Design-DNA vum Mach E. Besonnesch hanne sinn de Fastback, déi 3-gedeelte Luuchten oder déi betounten Hëften typesch. Mee och vir erkennt een de muskulöse Capot mat de Powerdomes, respektiv de quasi selwechte Schnëtt vun de Pharen. Déi zoue glat Kalander signaliséiert: hei fléisst Stroum. Wat awer definitiv den Ënnerscheed zum Coupé mécht, dat ass seng Gréisst. Mat 1m62 iwwerragt de Mach E säin zweedierege Brudder ëm gutt 20 cm. Zum Gléck ass en a Wierklechkeet awer manner flappeg ausgefall wéi op de Fotoen, esouguer een cm méi kuerz wéi de Coupé, dofir awer mat zwou Diere méi. An déi goufe gutt cachéiert. De Mustang Mach E verzicht nämlech komplett op Diergrëffer. Hannen ass et just een onscheinbare Knäppchen, vir e mini Grëff a Form vun enger Floss. Schéin ass dat bestëmmt, mee praktesch? Naja...

Den Interieur

Beim Interieur-Design huet Ford, wéi et schéngt, mat engem wäisse Blat ugefaangen. Oder villäicht awer mam groussen 15,5-Zoll-Bildschierm – well de Banneraum gëtt grad vun deem risegen Touchscreen dominéiert, deen en Tick méi zum Chauffer geriicht dierft sinn, sech soss awer gutt bedénge léisst. De Rescht bleift bewosst sober an dat gefält och, genee wéi de Choix vun de Matièren, déi e gewëssene Gemittlechkeetsfacteur erabréngen. A punkto Veraarbechtung iwwertrëfft Ford esouguer de viséierte Konkurrent Tesla. Wat d’Plaz bannenan ugeet, muss de Mach E sech och net verstoppen. Trotz Coupé-Daachlinn fënnt een hanne wéi vir erstaunlech vill Raum fir Kapp a Been, besonnesch confortabel huet Ford d’Sëtzer hikritt. Ënnert dem grousse Mallendeckel ass Plaz fir 402 Liter Gepäck, de Mach E bitt awer, wéi soss am Fong just bei Porsche üblech, och nach vir eng Mall. An dee sougenannte “Frunk” passen nach emol 81 Liter.

Op der Strooss

Et ass scho komesch ee Päerd um Steier ze gesinn a beim beim Drock op de Start-Knäppche keng 8 Zylinder zum Liewen ze erwächen. Just déi 2 Schiermer um Tableau starten hir wëll Animatioun, that’s it. Spéitstens beim Drock op d’Fuerpedal ass d’Fest awer un. Zemools an eisem Testauto, der Allrad-Versioun Extended AWD mat 351 PS a 580 Nm huet een d’Impressioun an eng aner Zäitzon gezoomt ze ginn. Beschleunegen, Iwwerhuelen, all dat ass ee Kannerspill a virun allem fräi vun Tücken – ganz anescht wéi den hannegedriwwene Coupé-Brudder.

D’Spezialiste vum Ford-Testzenter zu Lommel hate sech d’Fuerwierk dann nach emol virgeknäppt an dem Mach E den amerikanesche Softie endgülteg ausgedriwwen. A si hunn et tatsächlech fäerdeg bruecht, datt och een 2,2-Tonne-Gefier sech wiselflénk ëm d’Kéier dirigéiere léisst. Weder Iwwer- nach Ënnersteiere verdierwen engem d’Freed, esouguer op naasser Strooss reagéiert de Mustang Mach E ni geféierlech. Och a punkto Steierung gouf ee gudde Kompromëss fonnt. Eenzeg d’Fiederung huet duerch liicht Gehoppels a Gerumpels gestéiert, grad ewéi d’Schaukele vun der Karosserie, wann een un d’Stoe kënnt. Bonne note ginn et dann awer nees fir Opmierksamkeete wéi den exzellente Soundsystem vu B&O, dee sech am extrem rouege Mach E genéisse léisst oder, wann ee keng Rou wëll, dee per Knappdrock zouschaltbaren an emol guer net esou schlecht gemaachte Motorsound. Last but not least sief awer d’Autonomie och emol ernimmt: tëscht 440 a 610 km sinn eng Uso, genee wéi den iwwerraschend nidderege Verbrauch vu 17 – 18 kW-Stonnen! Tëscht 36 Minutten a 6 Stonne variéiert, jee no Borne, dann d’Zäit fir opzelueden, un der Steckdous doheem ass de Mach E awer ganzer zwee Deeg ausser Gefecht.

D’Präisser

Ford bitt de Mustang Mach E vu ronn 46.400 Euro un, eis Testversioun schléit mat allem Schnickschnack mat ronn 66.000 Euro zu Buch. Bestallt gëtt de Mach E exklusiv iwwer Internet, beim Händler kann een en awer ukucke, probéieren a liwwere loossen. Wéineg Faarwen an Optioune maachen et méiglech dat Ford de Mustang Mach E einfach drop lass produzéiert an esou d’Waardezäite kleng hält. Also Tesla, ditt iech waarm un.