• De PLUS

    • Plaz
    • Präis-Leeschtung
  • De MINUS

    • Ergonomie
    • Geräischkuliss

Ëmmer dann, wann et méi graff zougeet, kommen d’Gefierer vu Volkswagen Nutzfahrzeuge an d'Spill. Hieren neisten Utilitäre ass do awer eng Ausnam.

Mam neie VW Caddy musse sech d’Kombiversioune vu Golf a Passat waarm undoen. Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp hat de prakteschen Héichdaachkombi am Test.

Automag: Volkswagen Caddy

De VW Caddy ass en ale Bekannten. Ëmmerhin gëtt de prakteschen Héichdaachkombi, also d’Kategorie, déi sech de Caddy zesumme mat Konkurrente wéi dem Citroën Berlingo oder Dacia Dokker deelt, elo an der 5. Generatioun gebaut. An dat gëtt och Zäit: déi 4. Generatioun déi elo ofgeléist gëtt, ass 2003 agefouert ginn an huet um Golf 5 baséiert. Zanterhier huet sech an der Automobilindustrie vill gedoen. Et gouf also gläich e puer Chantieren un deene VW beim Caddy ze schaffen hat. Fir de Fortschrëtt suergt dobäi de Grëff an d’Regal vum Golf 8. Den „Modularer Querbaukasten“ mécht et méiglech.

Den Design

Optesch bleift de Caddy nach ëmmer als Caddy ze erkennen. Vill Spillraum haten d’Designer och net, ëmmerhi bestëmmt bei engem Utilitäre d’Funktioun den Design, an net ëmgedréint. Wat awer opfält, sinn déi vill zackeg Kanten am Blech, do wou beim Virgänger ronn a fléissend Formen den Toun uginn hunn. Esou gräift déi 5. Generatioun vum Caddy déi aktuell Designsprooch vu VW op a léisst optesch den Ënnerscheed vun Utilitäre a Familljekombi schmëlzen. E VW Caddy fiert een elo net méi well een e brauch, mee well een e wëll. Oder béides.

Den Interieur

Wann een de Banneraum mat engem Gebai vergläiche misst, da wuel mat enger Kathedral. Déi grouss Fënsteren an déi enorm Kappfräiheet suergen dofir, dass ee sech am Caddy fir d'éischt emol e bësse verluer virkënnt. Ma et gewinnt ee sech awer séier drun, a beim Wiessel zeréck a mäin eegenen Auto hunn ech mech gefillt, ewéi an enger Sardinnebéchs. An Zuelen ass déi 5. Generatioun méi laang a méi breet ewéi virdrun. Mat senge 4,50 Meter an der Längt an enger Héicht vun 1,80 ass et awer weiderhi kee Problem, fir eng Parkplaz ze fannen. Déi nei Proportioune suergen och fir méi Plaz op de bis zu 7 Sëtzer bannendran. D’Mall ass dann nach emol e bësse gewuess: 1.213 bis 2.556 Liter passen bei ëmgeklappte Sëtzer eran. Do ka kee gewéinleche Kombi mathalen.

Mee net alles wat nei ass, ass och gutt. VW huet d’Unuerdnung vun de Knäppercher, déi eis iwwer Jore begleet huet an dofir gesuergt huet, dass ee sech séier erëm fënnt, op d'Kopp geheit. Et brauch een e bëssen, bis ee sech erëm fënnt, zemools well verschidde Knäppercher duerch beréierungsempfindlech „Slideren“ oder eng Optioun am Infotainment-Menü ersat gi sinn. Besonnesch onpraktesch ass dat, fir d'Astellung vun der Klimaanlag oder der Sëtzheizung. Dat Gefummels um Touchscreen huet mech méi ofgelenkt, wéi dass et mer gehollef huet.

Navi an Infotainment

Als Utilitäre konnt de Caddy bis ewell net am Beräich vum Infotainment punkten. Mee och an dësem Punkt leet VW eng Schëpp bäi: wie wëll, ka sech fir digital Instrumenter oder den „Innovision Cockpit“ entscheeden. A wie sech an der Optiounslëscht mam „Discover Pro“ fir déi performantst Infotainmentléisung entscheet, huet zousätzlech en 10 Zoll groussen Touchscreen, eng kabellos Luedstatioun fir den Handy an e Sproochassistent mat Online-Zougrëff u Bord. Dobäi kënnt eng ganz Arméi u Sécherheetsassistenten, déi fir déi éischte Kéier am Caddy ze kréie sinn.

Op der Strooss

De Caddy gëtt et als Bensinner mat 114 Päerd, déi meescht dierfte sech awer fir eng vun den dräi Diesel-Motorisatioune mat 75, 102 oder 122 Päerd entscheeden. An eisem Testauto war de stäerksten Diesel, en 2.0 Liter TDI mat 122 Päerd, a Kombinatioun mat enger 7-Gang DSG Boîte am Asaz. A spéitstens do gëtt de Caddy sech als Utilitäre ze erkennen, wann och nëmmen akustesch. Den Diesel ass zu all Moment present a spéitstens op der Autobunn sinn d’Wandgeräischer däitlech ze héieren.

Zwar kléngen 122 Päerd net no vill, ma d’Leeschtung geet am Alldag awer méi wéi duer. Vu Fuerspaass kann een allerdéngs net schwätzen. Zwar ass de Caddy e komfortabele Begleeder, ma déi héich Bauform wiert sech awer géint eng all ze sportlech Fuerweis op geschwongene Landstroossen. An och déi schwammeg Steierung suergt dofir, dass een et als Chauffeur éischter gemittlech ugeet.

D'Präisser

Lass geet et bei 21.440 Euro fir de klengsten Diesel mat 75 Päerd. Fir eisen Testauto, en 2.0 Liter Diesel mat 122 Päerd an Automatikboîte wiesselen 26.690 Euro de Besëtzer. An dat virun Optiounen, well och an dësem Kapitel kënnt den Utilitäre Golf a Co méi no.