• De PLUS

    • Fuerwierk
    • Motor
  • De MINUS

    • Ze vill Touchscreen

Am Automag vun haut schwätze mer iwwert en Auto, dee wuel bal all Mënsch kennt, och wann en näischt fir Autoen iwwreg huet.

Et gëtt en elo schonn an der 8. Generatioun, dat eleng schwätzt scho fir seng Erfollegsgeschicht. Rieds ass vum VW Golf GTI, an doriwwer schwätze mer mam Andy Brücker vun der Automag-Redaktioun.

Eigentlech war de Golf GTI just als limitéiert Sonderserie geduecht, an elo ass et zanter Joerzéngten eng absolut Referenz a senger Klass.

Automag: VW Golf 8 GTI

Richteg… 1976 ass déi 1. Oplo vum Golf GTI erauskomm a sollt just 5.000 mol gebaut ginn. De Succès an d’Nofro war awer sou grouss, dass et der um Enn 461.690 gi sinn… an dat just vun der 1. Serie! Mëttlerweil si mer wéi gesot bei der 8. Generatioun ukomm, an déi muss sech ellen ustrengen, well déi 7. Generatioun huet d’Miesslat nawell zimmlech héich geluecht!

Den neie Golf GTI muss sech awer net just mat sengem Virgänger vergläiche loossen?

Nee... schonn zanter éiweg gëllt de Golf GTI als Referenz an der Kategorie vun de Kompaktsportler, an dofir muss en bei all Vergläichstest duerhalen. Sief et géint d’sportlech Variante vu Renault Mégane, Hyundai i30, Peugeot 308, Audi A3 oder wéi se soss all heeschen. Deementspriechend breet gefächert sinn d’Uspréch. E muss alldagstauglech sinn, awer och sportlech. Et muss een en direkt als GTI erkennen, däerf awer net protzeg eriwwer kommen. E muss engem extrem breede Public gefalen an dobäi dann och nach alles besser kënne wéi d’Konkurrenz. Do hu se bei VW an der Entwécklung nawell eng héich Verantwortung.

Wéi hu se sech dann ugestallt bei der 8. Generatioun vun hirem Musterschüler?

Optesch muss ech soe gefält e mer ganz gutt. De GTI-Logo op diverse Plazen ass natierlech Flicht. Wat direkt opfält, ass dat duerchgezunnent Luuchteband vu riets no lénks un der Front. E ganz neien Design-Feature sinn déi 10 LED-Elementer als Niwwelluuchten, déi dem Auto e ganz markant Gesiicht ginn. Déi Optioun sollt een op alle Fall uklicke bei der Bestellung.  D’Wabe-Muster vun de Griller ass erhale bliwwen, woubäi d’Waben awer e gutt Stéck gewuess sinn. E Spoiler, Diffuser a Verbreederungen dierfen natierlech och net feelen. Eisen Testauto hat 19-Zoll Felgen, déi perfekt an d’Radhaus gepasst hunn. Op den Auto elo rout muss sinn, sou wéi bei eisem Modell, doriwwer léist sech sécherlech streiden. Ma zum Gléck kann ee sech d’Faarf jo eraussichen.

Wat sees de dann zum Banneraum?

Fänke mer mol bei deem positiven un. D’Sëtzer sinn e Genoss... och op laange Strecke si se gemittlech genuch, bidden awer och ganz gudde Säitenhalt, wann ee mol méi schëtzeg ënnerwee ass. Dat perforéiert Lieder a verschiddene Gro-Téin gesäit gutt aus, och a Kombinatioun mat der rouder Nout. D’Ambientebeliichtung ass mëttlerweil jo scho bal Standard, grad ewéi grouss Ecrane mat vill Touchscreen-Fläch. An do sinn ech dann och bei engem negative Punkt. Knäppercher si beim Golf 8 quasi komplett verschwonnen, a fir alles muss ee via Touchscreen an e Menü goen. Dat ass alles anescht wéi praktesch, wann een z.B. beim Fueren d’Sëtzheizung wéilt umaachen. Do géif ech mer fir verschidde Manipulatiounen e gudden ale “Knäppche” wënschen, deen een intuitiv fënnt, och ouni drop ze kucken.

Wa mer scho beim Fuere sinn... wéi sinn do deng Andréck?

Virun allem war ech beandrockt vum Fuerwierk, dat iergendwéi a kenger Situatioun iwwerfuerdert wierkt. Nei beim 8ter GTI ass de Fuerdynamik-Manager, deen dozou sécherlech och e groussen Deel bäidréit. Mat 245 PS huet den neie GTI 15 PS méi wéi de Virgänger, an déi stinn dem Auto richteg gutt. Eisen Testauto hat d’DSG-Boîte, wat wuel och déi meescht wäerten als optimale Choix gesinn, ma et kritt een en och mat manueller Boîte, wat d’Puriste freeën dierft.

Zu gudder Lescht dann d’Fro nom Präis...

Lass geet et am Katalog bei 34.640 Euro... eisen Testauto hat e Wäert vun 46.305 Euro, ma no uewen ass do nach Loft, wëssentlech dass et och schonn eng Clubsport-Versioun gëtt... an eng Clubsport Sondereditioun fir 45 Joer GTI.

Eng Iwwersiicht vun de Präisser fannt dir wéi gewinnt op auto.rtl.lu, grad ewéi eng Fotogalerie vum Testauto an all déi aner Tester vun der Automag-Redaktioun.