• De PLUS

    • Plaverhältnisser
  • De MINUS

    • komplizéierten Infotainment

Mat 7 Modeller, wa mer vum Offroad-Dinosaurier G mol ofgesinn, ass vun A bis S d’SUV-Gamme vu Mercedes nawell gutt vertrueden.

Jéngste Spross ass ënnert aneren de GLB, deen um leschte Festival seng Première gefeiert huet. Wéi sech deen am Alldag fiert a wat en esou besonnesch mécht, dat verréit eis de Paul Origer.

Automag: Mercedes GLB 180d

Mercedes huet se an alle Gréissten. No hirem éischte Crossover M-Klass, deemools an den 90er Joren op grousser Promotour am Kinoblockbuster Jurassic Park, koumen d’SUVen an alle Klassen. Laang gefeelt huet eng gewësse Mëttelgréisst tëscht GLA a GLC. An d’Waarden huet sech gelount, well ewéi esou dacks, ass de gëllene Mëttelwee dee richtegen!

Den Design

Schonn als getarnten Erlkönig hat ech de GLB an de Bierger begéint an hunn en, wéi och déi international Motorpress, wéinst sengem markanten eckegen Design als de berechtegte klenge Brudder vum G-Modell gelueft. An tatsächlech huet Mercedes dat gutt hikritt. De GLB ass kee Lifestyle Coupé-SUV, dee weder schéin nach praktesch ass, mee bleift mat engem relativ nidderege Capot, engem aussergewéinlech héije Greenhouse an enger quadratescher Karosserie ee sympathesch iwwersiichtleche Worf.

Den Interieur

Den Numm verréit d’Basis an déi heescht B-Klass. Hei konnt een sech schonn net iwwer Plaz bekloen, abee de GLB mécht et mindestens genee esou gutt. 10 cm méi Radstand an 20 cm méi an der Längt a schonn huet een esouvill Plaz dat esouguer eng 3. Sëtzrei méiglech ass. Allerdéngs ass, wéi bei ville 7-Sëtzer, déi hënnescht Rei just 1m20 grousse Schlaangemënschen zouzemudden. Dofir ass op deene 5 anere Plazen absolut näischt ze meckeren. Bequem Sëtzpositioun a virun allem vill Loft iwwert dem Kapp – dee just e puer cm méi laange GLC bréicht ech op jidde Fall net. Och net wéinst der Mall. Déi an de Buedem geklappte Sëtzer 6 a 7 schlécke wäertvolle Volume, spuert ee sech déi ronn 800 Euro deier Optioun, da passe bis zu 570 brauchbar Liter eran.

Infotainment

De GLB däerf sech mengen, hien ass deen éischte Kandidat, deem ech d’Rubrik vum Infotainment gönnen. MBUX heescht dat neit Wonnerwierk wou een sech dierf mat sengem Auto à la Knight Rider ënnerhalen. An der Praxis ee flotte Gag, mee ob ech et wierklech muss hunn? Zemools d’Bedénge vu wichtege Funktiounen – Merci Mercedes – ruckzuck nach iwwer traditionell Knäppercher méiglech ass. Ausserdeem ass de ganze System einfach nëmmen iwwerlueden. De Chauffeur huet, jee no Equipement mat 2 groussen Ecrane plus Headup-Display onendlech Méiglechkeete säin Auto ze konfiguréieren – u sech eng flott Saach wann een am Stau Zäit huet duerch sämtlech Menuen ze zappen. Ouni Übung kann een d’Programmatioun vum Navi awer schonn zur Verzweiwlung bréngen. Allerdéngs, no e puer Deeg a ville Kilometer, hat ech den Dréi eraus.

Op der Strooss

Am Automag si mer jo dacks verwinnt an esou hunn ech net schlecht gestaunt, wéi de GLB mam Basisdiesel 180d um Parking stoung. 116 PS versus 1700 Kilo, dat ka jo lëschteg ginn. An ech sollt mech wonneren. Engersäits well et sech net méi ëm den Diesel aus Renault-Kooperatioun, mee em dee fuschneien OM 654 aus eegenem Haus handelt. Déi nei Konstruktioun ass mat der Norm 6d net nëmme méi propper, mee huet mat 2 Liter och wesentlech méi Kubik an domat méi Dréimoment. A genee déi 280 Nm hunn iwwerrascht. Trotz der klenger Leeschtung war de GLB flott ënnerwee. Op iwwer 2.000 km Teststreck op däitschen Autobunnen – ech war motivéiert – hunn ech héchstens mol am géie Biergop Leeschtung vermësst. Soss huet deen neien Ölmotor iwwerzeegt, och an Zesummenaarbecht mat der 8-Gang-Boîte mat Duebelkupplung. Resultat war déi typesch Mercedes-Dugend vum komplett rouegen a stressfräie Fueren an emol guer keen esou schlechte Verbrauchsschnëtt. Stramm gefuer waren et der 7, soss ëm 6,7 Liter op 100 Kilometer. Fir dee Gabarit vun Auto a mäi schwéiere rietse Fouss absolut an der Rei.

D’Präisser

De GLC ka sech waarm undoe wëll mam GLB huet sech Mercedes nawell een interessante Konkurrent an d’Haus geholl. Besonnesch wann et ëm d’Rechnung geet. Den neie Basisdiesel 180d start scho bei 37.440 Euro. Natierlech bleiwen deier Optiounen net aus, mee bis zum klengste GLC bleift mat 8.000 Euro awer nach vill Sputt fir Optiounen.