• De PLUS

    • Equipement
    • 7 Joer Garantie
  • De MINUS

    • Fuerleeschtungen

Den Automag presentéiert sech hei op der Antenn ganz ofwiesslungsräich. Vu kleng bis grouss ass alles dobäi.

Modeller fir dee méi klenge Porte Monni bis bei därer déi bal e Lotto Gewënn viraussetzen. Haut gëtt et een aus der Kategorie fir de bescheidene Budget. De KIA Picanto, deen e puer Neierunge mat op de Wee krut. De Christian Schmit hat sech där Saach ugeholl.

Automag: KIA Picanto GT-Line

Zënter 2004 kann e beim koreanesche Konstrukteur de Picanto bestellen. 2017 koum schonn di drëtt Generatioun. Elo da mat deem wéi esou dacks zitéierte Facelift. Et goung quasi anengems. Well och beim Cousin dem Hyundai i10 rezent nogewürzt gouf. An der GT Versioun hate mir en zur Dispositioun. An do gouf dach schonn d’Karosserie dynamesch retuschéiert.

Grafik vun de viischte Luuchten, d’Alu Felgen , de Küler Grill, an d’Niwwelluuchten déi elo wéi e Cube an de Spoiler integréiert sinn falen engem markant op. Dat gëllt och fir d’Blende vum Auspuff a fir d’Grafik vun den hënneschte Luuchten. Vill Chrom suergt dann och nach fir e gewëssene Pepp. Mee alles dat passt net zu deem wat ënnert der Motor Hauf gebuede gëtt.

Den Undriff

Am Moment ginn der jo vill vun eis geléiert méi kleng Bréidercher ze baken a net onbedéngt grouss Spréng ze maachen. Deementspriechend d’Motorisatioun vum Testauto. Et war de Basismotor mat 67 PS aus 1000 Kubik. Domat si nu wierklech vum klenge Sprengerlek keng Wonner ze erwaarden. Bon den 3-Zylinder gëtt sech drun, och akustesch, mee et brauch e Gedold. Iwwer 14 Sekonne bis d'Tachonol bei 100 steet, a bei 160 km/h Endvitess. Dorunner kann di versprachen Optimiséierung vun der Motrice, an eng automatiséiert Boîte och näischt änneren. Mä si erfëllen elo di streng Ofgasnorm, déi en Vigueur ass.

A beim Verbrauch louche mir mat eppes iwwer 5 Liter, net all ze wäit vun den Hiersteller Angaben, vu 4,5 ewech. Maache mir d’Motorhauf zou a schloen en anert Kapitel op.

Den Interieur

Hei schléit sech de klengen 3m67 kuerze Picanto ganz prima. All Respekt wat alles do esou gebuede gëtt. Zemools an där Kategorie vun Auto. Klimaautomatik, Réckfuerkamera, Parksensore vir an hannen, Heizung fir Sëtzer a Volant. Sécherheet a Connectivitéit um neiste Stand. Mat den Assistente fir d’Spuer ze halen a vrum doudege Wénkel ze warnen.

Den neien Infotainment System mat de Schnëttstellen Android Auto an Apple Car Play, erlaabt och méi Verbindunge via Bluetooth. De GSM kann och elo induktiv an der Mëttel Konsole opgeluede ginn. Den Infotainment Upgrade kennt och elo mat méi groussem Display, a verbesserter Grafik.

Mat UVO Connect ass di digital Ära vun der Mobilitéit och elo am klengste Modell méiglech. Et ginn esou kontinuéierlech Echtzäit Informatioune geliwwert a mat der App ginn Funktioune vum Auto bequem an intuitiv vum Smartphone aus gesteiert.

D’Präisser

Natierlech wëlle mir wëssen, wat fir de klenge Koreaner ze iwwerweise wier?

An der GT Line mat 67 PS steet e mat 14.000 Euro Basis Präis an der Lëscht. Kommen nach, wéi beim Testauto de Pack Navigatioun a Smart dobäi + Aurora Black Pearl als Faarf, da wieren et net grad 16.700 Euro.

Wie keng grouss Uspréch u Fuerleeschtunge stellt, dee kënnt am Alldag och mam klenge Moteur am Kia Picanto zuwee.

Di 7 Joer Garantie by KIA sinn engem op alle Fall gewëss.