• De PLUS

    • Design
  • De MINUS

    • Schwaache Motor
    • Wandgeräischer

Zanter 2010 ass den Nissan Juke um Marché an zanter 2 Joer ass déi zweet Generatioun eraus. Vum éischte Modell un ass den Juke opgefall.

„Love it or hate it“ huet et vun Ufank u geheescht.

Verkafszuelen ginn de Japaner awer sécherlech Recht. Den Juke zitt nach ëmmer. Et huet ee sech awer distanzéiert, fir ënnert anerem de Leit een 1,6 Liter mat 200 Päerd unzebidden.

Haut gëtt et just nach eng Motorisatioun:

1 Liter, 3 Zylinder an 114 Päerd.

Déi sinn a sech agreabel ze fueren. Allerdéngs géif ee sech dach dat eent oder anert Päerd méi wënschen, wann et Biergop geet an et muss een eng Kéier relancéieren. Deen Ament kämpft den Juke an d'7-Gang-Automatik weess net esou richteg, wou se hischalte soll. Da ramouert et och an deem soss dach relativ rouege Motor.

Design ass alles beim Juke. An dat geet awer e bëssen op Käschte vun de Wandgeräicher. Där huet ee beim SUV Japaner leider ze vill.

Ze vill ass och de Verbrauch. Nissan gëtt dee fir den Juke mat 5,9 bis 6,2 Liter un. Dat ass awer e fromme Wonsch. An der Moyenne hu mir 7,2 Liter gebraucht, ouni eis de Batti ze stellen.

Domadder huet et sech awer och schonns bal mat der Kritik. Am Test hate mir de sougenannten N-Design. Dat ass ee vu 6 Modeller déi ee kritt, an den zweet-deiersten Juke, deen den Ament um Marché ass.

Fir 28.157 Euro kritt een ënnert anerem 19 Zoll Felgen. Eng Abberzuel u Faarf-Kombinatiounen, déi hënnescht Fënstere getéint an och de gudden Infotainment an Navi ass an deem Präis mat dran.

Als Optioun war an eisem Testauto nach de Pack intérieur Plus „Chic Black“ fir 1.450 Euro. Da verdeckt den Alcantara deelweis den haarde Plastik um Tableau de Bord an d'Musek kënnt aus Bose-Lautsprecher.