• De PLUS

    • Niddrege Geräischniveau
    • dynamesch
  • De MINUS

    • Et feelt en Tourenzähler

D’Elektrifikatioun leeft bei Ford op vollen Touren. Bis 2030 wëllen déi Kölner komplett op E-Undriff ëmgestallt hunn.

Virun allem am SUV-Segment sinn elo scho quasi all Modeller entweder als Mëll-, Voll- oder Plugin-Hybrid ze kréien. Esou och den aktuelle Bestseller Kuga, deen de Paul Origer fir eis an der Vollhybrid-Versioun getest huet.

MHEV, FHEV, PHEV – wann een d’Präislëscht vun der Kuga-Gamme liest, da komme schonn emol Froen op. Am Fong ass et awer ganz einfach. Bei Ford ginn et 3 Zorte vun Hybriden: de Mildhybrid, dee just fir ze starten, recuperéieren a boosten op elektresch Hëllef zeréckgräift, dofir awer net reng elektresch fuere kann. Dann de Plugin-Hybrid deen eng relativ brauchbar Zuel vu Kilometeren eleng mam Elektromotor fueren a seng Batterie per Stecker och opluede kann. A last but not least de Vollhybrid dee quasi alles kann: elektresch fueren, boosten, recuperéieren an esou iwwert dem Fuere lueden. A genee ëm dee geet et hei.

D’Missioun

Zenter dat et de Plugin-Hybrid gëtt, ass de Vollhybrid e bëssen an den Hannergrond gerëtscht. An dobäi war dës Technik de Pionéier, mat deem virun allem d’Japaner wéi Toyota, Lexus an Honda hir éischt Erfolleger gefeiert hunn. Wat ënnerscheet de Voll- vum Plugin-Hybrid? Hie verzicht op schwéier an heiansdo och onnëtz Batterien, souwéi op déi néideg Installatiounen, fir un der Steckdous ze lueden. Dofir notzt de Vollhybrid virun allem Energie, déi mer soss just verhonzen. Wéi zum Beispill beim Bremsen a beim Biergoffueren, iwwerall do wou mer musse Vitess ofbauen. An déi gewonnen Energie notze mer herno nees beim Fueren, andeems de Verbrenner Hëllef kritt oder Etappe ganz elektresch an esou emissiounsfräi kënne gefuer ginn. Besonnesch bei engem schwéieren SUV mécht déi Technik méi Sënn wéi ee mengt.

Den Undriff

Ford setzt beim Kuga haaptsächlech op ee grousse Bensinner. Den Duratec-4-Zylinder verzicht op komplizéiert a kriddeleg Turbotechnik an hëlt seng 152 PS no gudder aler Manéier aus relativ üppegen 2.5 Liter Hubraum. Gehollef kritt hien vun engem 125 PS Elektromotor, kombinéiert leescht de Kuga Vollhybrid deemno 190 PS. D’Batterie ass mat 1,1 kWh natierlech e gutt Stéck méi kleng wéi bei der Plugin-Versioun, spuert allerdéngs och ronn 150 Kilo Gewiicht.

Op der Strooss

Wat mierkt ee vun der Technik beim Fueren? Iwwerhaapt näischt. De Kuga geréiert alles selwer, schalt vum E-Motor op de Verbrenner ëm an ëmgedréit, ouni datt een eppes dovunner mierkt. Wat virun allem opfält, dat ass een extrem nidderege Geräischniveau, deen am Kuga herrscht, a genee dat mécht d’Faszinatioun um Fuere mam Kuga Vollhybrid aus. Jee no Fuermodus léisst sech d’Recuperatioun dann och nach variéieren, esou datt een net dacks op d’Brems trëppele muss – fir mäi Goût och schonn ee Komfortgewënn. Leeschtung vermësst een am Fong keng. Allerdéngs dierf ee sech och net den Turbowumms vun engem Diesel oder Bensinner erwaarden, Vollgas beäntwert déi variabel Automatik mat Kaméidi. Also besser méi gemälleg ënnerwee sinn. Obwuel d’Fuerwierk, esou wéi mer et vu Ford gewinnt sinn, méi Leeschtung verdroe kéint. De Kuga ass nämlech ee vun den agillsten an dynameschsten SUV um Marché. Trotz senge 1.700 Kilo mécht den héichgeluechte Ford op der Landstrooss onheemleche Spaass.

D’Präisser

Hybridtechnik soll d’Ëmwelt schounen, dat ass jo kloer. Anengems awer och de Portmonni. Verzicht een op de Plugin, da kann ee mam Kuga FHEV scho beim Kaf iwwer 5.000 Euro aspueren. Eis Testversioun als sportlechen ST-Line start bei ronn 35.800 Euro, als Trend sti ronn 33.000 op der Rechnung. Sécherlech hëlleft d’Hybrid-Technik beim Spueren, Potential stécht haaptsächlech awer och nach ëmmer am rietse Fouss. Op iwwer 900 km Test mat hallef Autobunn an hallef Stad- a Land huet de Kuga am Schnëtt 7 Liter verbraucht. Genee esou gutt sinn awer och emol 5 Liter oder 10 Liter dran.