• De PLUS

    • Motor
    • Boite
    • Veraarbechtung
  • De MINUS

    • Oniwwersiichtlechen Infotainment

E Cabrio mat iwwer 400 PS? Do kann een et kaum nach erwaarden, dass d'Wieder endlech besser gëtt.

D'Fréijoer ass do, zumindest mol wann een op de Kalenner kuckt, an de Summer steet logescherweis virun der Dir.  Dat sinn déi Joreszäiten, wou een de Cabrio eraus hëlt. Fir déi eng geet een, soe mir mol, einfache Cabrio duer, fir déi aner muss deen awer och eppes ënnert der Hauf hunn. An esou ee stellt de Rich Simon eis vir. Nämlech de Mercedes AMG E53 4Matic.

Automag: Mercedes AMG E53 Cabrio

Wann ee vun AMG schwätzt, dann ass et sous entendu, dass ee vu vill Power schwätzt. An där huet den E53 natierlech och. 320kW entsprieche 435 Päerd. Dat Ganzt bei engem Gewiicht vu ronn 2 Tonnen. Net méi an net manner. Fir déi Päerd an de Galopp ze kréien, ass een 3 Liter 6-Zylinder zoustänneg.

Den E53 krut ee Facelift. Virun allem de Külergrill ass wesentlech méi present, fir net ze soe "méi aggressiv" wéi bei sengem Virgänger. Un der Luuchte gouf och e bësse gebastelt. Dat alles steet dem Auto richteg gutt. Richteg gutt ass och d'Veraarbechtung. D'Sëtzer am 4-Sëtzer sinn immens bequem. Kee Problem gëtt et fir den Handy an aner méi oder mann wichteg Saachen ze placéieren.

Et ass sécherlech een Trend, deen net opzehalen ass. Déi gutt al Knäppercher ginn duerch drécken op iwwerdimensional Touchscreens ersat. Dat gesäit optesch villäicht ganz gutt aus. Bis ee sech awer duerch de Mode d'Emploi gelies huet, fir och alles ze verstoen, vergeet engem d'Freed un esou engem Touchscreen. Virun allem och am E53. Et muss ee praktesch Informatiker sinn, fir sech duerch déi Abberzuel vun Astellungen duerchzewurschtelen. Iwwert dem fueren, dréit dat sécherlech net zu "Safety First" bäi. Manner wier an dem heite Fall méi, an da wier dat Ganzt och vill méi iwwersiichtlech.

Wann ee sech een AMG keeft, dann natierlech och fir de Fuerspaass ze hunn. Deen huet een. Trotz sengen 2 Tonne ass den Auto agreabel duerch d'Kéieren ze manövréieren an de Reiz fir de Kickdown ze drécken, deen ass permanent do. Déi eenzel Fuermodusse sinn extrem gutt op den Auto ofgestëmmt. Dat virun allem och wéinst der grandioser 9-Gang Automatik! 435 Päerd. Do geet et virun. De Sprint vun 0 op 100 mécht den E53 a 4,6 Sekonnen.

Wann een iwwer ee Cabrio schwätzt, da muss een natierlech och iwwer den Daach schwätzen. Deen ass aus Stoff, léist sech bannent 20 Sekonnen an enger maximaler Vitess vu 50 Kilometer automatesch op- oder zoumaachen. Wärend der Testfaart war et net all ze waarm. Mam Fön am Genéck, dem Wandschutz erop, der Heizung un war et awer agreabel, fir decapotabel ze fueren. De Wand vu baussen huet ee praktesch net gespuert. Wëll een dat allerdéngs am Summer spieren, da muss ee schonns praktesch alleguerten d'Fënsteren erof maachen, fir ee Cabrio-Feeling ze hunn.

De Mercedes AMG E53 4Matic Cabrio huet Klass, ouni Zweiwel. Allerdéngs ass d'Konkurrenz staark. Virun allem aus den eegene Reien. An dat mam E450. Deen huet mat 367 Päerd der zwar 68 manner wéi den AMG. Dofir kascht hien awer och ronn 15.000 Euro manner. Den AMG fänkt bei eis am Land bei 94.887 Euro un. Mat bësse Schnick-Schnack, deen ee brauch oder och net, ass ee séier bei 110.000 Euro.