• De PLUS

    • Motor
    • Fuergefill
  • De MINUS

    • Präis

Haut proposéiere mir am Automag eng Dram-Kombinatioun. Där Meenung ass op alle Fall de Christian Schmit, dee fir eis de BMW 545e xDrive huet dierfe fueren.

Automag: BMW 545e xDrive

Dram-Kombinatioun dowéinst, well de BMW 545e nach e 6 Zylinder ënnert der Hauf parat hält, gekoppelt mat enger 4X4 Traktioun an engem Plug-In Elektromotor. Warscheinlech di eenzeg Méiglechkeet, fir dass de Sound vun engem Reie-6-Zylinder nach dierf eng Zäitchen ënnert dem Capot iwwerliewen. Et gouf jo schonn d’Fro opgeworf, op Hybrid elo deen neien Diesel wier?

Schéin och emol erëm eng klassesch Limousine ze fueren. Et muss jo net ëmmer SUV sinn. Am 545e ass mol Kraaft sat. Den 3 Liter stellt 286 PS zur Dispositioun. Den Elektromotor steiert der nach 122 bäi, an esou komme mir op eng System-Leeschtung vun 394 där Päerdercher.

Op der Strooss

Sportlech a spuersam? Mir si gespaant. E verlängerte Weekend hate mir Zäit zesummen ze verbréngen, an dat erauszefannen.

En Tour de Luxembourg stoung um Programm mat Fotoshooting vu schéine Plazen hei am Land. (Et ginn der en etlech)

De 5er mat den 2 Häerzer bitt deem hannert dem Volant e souveräänt Fueren. Dat Bescht aus 2 Welten. Cruisen a mat wéineg Verbrauch d’Landschaft genéissen, an awer och wa gewënscht ganz sportiv iwwer Land.

Tacho Nol steet, bis 5 gezielt, scho bei 100, an eréischt bei 250 ass Schluss. An dann déi wonnerbar Lafkultur vun engem 6-Zylinder.

Di 57 Kilometer, déi si engem zu München reng elektresch verspriechen, ware wéi sou dacks bei Plug-In Versioune leider net dran, a beim Verbrauch louche mir trotz Oplueden zäitweis bei 8 Liter.

Et muss een awer wéinst der Fairness soen, dass mir de 545e mol gefuerdert hunn. Mee dofir wëllt e jo esou e BMW, „Freed um Fueren“ dir wësst schonn.

An dat Zesummespill tëscht deenen zwee Motoren harmonéiert gutt. E groussen Deel heizou kënnt der agreabeler 8-Gang automatescher Boîte zegutt.

De Chauffer kann natierlech tëscht verschiddene Fuer-Programme wielen. Sport, Hybrid, a fir ganz effizient a mat besserem Gewëssen ënnerwee ze sinn, dann nach Eco Pro.

D’Autonomie u Kilometere vun der Batterie kann och am System „geparkt“ ginn, fir esou reng elektresch duerch d’Stad ze fueren, oder duerch Agglomeratiounen, wou dat erfuerderlech ass. D’Kraaft vun der Recuperatioun kann deen hannert dem Volant net selwer bestëmmen. E schlaue System iwwerhëlt dat mat Hëllef vu Sensoren an der Navigatioun. Sou gëtt op der Autobunn manner recuperéiert wéi am Agank vun Dierfer.

D’Software declenchéiert och de sougenannte Segel-Modus. Op déi elo ze vill, oder net genuch agräift, ass eng Fro vun Interpretatioun. Di bayresch Entwécklungsingenieure sinn der Meenung:

„Mit dem Plug-in Hybriden wollen wir Kunden, die vom Verbrennungsmotor kommen, an die Elektromobilität heranführen“, ein Brücken-Fahrzeug sozusagen, das nicht zu kompliziert sein sollte“.

Egal wéi, mir hunn de 545e gäre beweegt, deen och elo nach méi e groussen Ecran mat Touchscreen spendéiert krut an den Iphone kann elo als Schlëssel genotzt ginn. Bei Connectivitéit an Infotainment gouf et och nach dee leschten Update.

D’Präisser

A jo dat ass e Kapitel, wat een dann erëm op de Buedem vun den Tatsaachen hëlt. Esou e BMW 545e, deen iwwregens net an der Touring-Versioun ka bestallt ginn, gëtt mat 71.300 annoncéiert. Dat géing jo nach eventuell fir dëse Luxus Liner. Mee och beim Testauto goufen e puer Kräizercher bei den Optioune gemaach, a schwupps stoungen um Enn nobäi 102.000 Euro op der Rechnung.

Bon spéitstens do ass et da wuel eriwwer mat der Dram-Kombinatioun.