• De PLUS

    • Fuerverhalen
    • Confort
  • De MINUS

    • Assistenzsystemer

D’R-Modeller si bei VW jo bekanntlech déi leeschtungsstärkst Versiounen. Elo gëtt och d’SUV-Flaggschëff Touareg mam onscheinbare Buchstaw gekréint.

Anengems gëtt een neie Plugin-Hybrid-Undriff lancéiert. De Paul Origer hat den neie VW Touareg R e-hybrid fir eis am Test.

Automag: VW Touareg R

Och wann éischter déi méi kompakt SUV’s boomen, esou ass awer och nach ëmmer Demande fir déi héichgeluechte Luxusklass do. An tëscht Audi Q7, Mercedes ML a BMW X5 gëtt dacks de VW Touareg vergiess. Zu Onrecht, wéi elo den Touareg R beweist.

Den Design

Géint de VW-Design kann ee wierklech näischt soen. No de bauchege Virgänger ass den aktuellen Touareg wierklech gutt gelongen. Typesch VW mat vill riichte Linnen, wéineg Schnickschnack an awer enger gewëssener Klass. Den R-Modell hieft sech dann nach eemol e bëssen of, dat duerch e puer donkel Elementer, wéi Felgen, Grill, Luuchten a Baguetten.

Den Undriff

D’Häerzstéck stécht beim Touareg R awer ënnert dem Capot. En 3.0 Liter V6 TSI Turbobensinner mat schonn net grad iwwelen 340 PS. Dee kritt awer nach emol Hëllef vun engem 100 kW-Elektromotor esou dat ënnert dem Stréch ganzer 462 PS zesummekommen. Domat net genuch, insgesamt 700 Nm stinn en plus zur Verfügung. Reng elektresch versprécht VW eng Autonomie vun ca 47 km, am Test war den Touareg esouguer nach méi spendabel an huet och emol iwwer 50 ugewisen.

Op der Strooss

Kloer ass ee bei engem 2,5 Tonnen-SUV extrem skeptesch wat d’Fuerverhalen oder esouguer de méigleche Fuerspaass, deen een sech jo vun engem R-Modell erwaart, ugeet. Ma ech sollt mech staark wonneren. Ugefaange beim elektresche Fueren am e-Modus, mat deem den e-Hybrid d’office ëmmer start. Dee mat 136 PS elo net ze staarken Elektromotor packt den Touareg relativ spilleresch esou dat vill km méiglech sinn éier iwwerhaapt de Bensinner aspréngt. D’Gaspedal hëlleft dem Chauffer, zousätzlech zum exzellent gemaachten Display, genee ze steieren, wéi ee Motor grad an den Asaz soll. Kloer sinn dës Grenzen dann iergendwann emol erreecht an dann ass Liewen an der Bud.

De V6 kléngt net nëmme gutt, e mécht dem XL-VW och nach gehéierlech Been. Déi extrem reaktiv 8-Gang-Automatik an dat spontaant Héichdréie vum V6 suerge wierklech fir faszinant Acceleratioune, wann et muss sinn a 5,1 Sekonn op 100. Dat ass Sportswon-Niveau! A wie mengt, den Touareg R kéint just gutt ritausfueren, dee soll mam Dréiriedchen op de Sportmodus schalten a sech iwwerrasche loossen, wéi spuerstabil a liicht sech den 2500-Kilo-Koloss iwwer Landstroosse beweege léisst! Natierlech geet et och anescht: spuersam fuere fält mol net esou schwéier wéi geduecht. Impulser an d’Gaspedal an eng intelligent gereegelt Recuperatioun suergen dofir, datt wäertvoll Energie net onnëtz fleete geet. Esou dat no iwwer 600 km Test eng Moyenne vun 10 Liter mol guer keen esou schlechte Schnëtt ass.

De Confort

Warscheinlech frot der iech elo: wat gëtt et bei engem VW R-Modell iwwert de Confort ze zielen? Am Fall vum Touareg ganz vill. Ech ka mech wierklech net méi erënneren, wéini ech fir d’lescht esou gutt a confortabel gefouert gi sinn. D’Loftfiederung an extrem niddereg Fuergeräischer loossen een - an dat ass net iwwerdriwwen - wéi op enger Wollek schwiewen. Besonnesch den Elektromodus suergt fir total Stëll am Banneraum. Dobäi kënnt een immens flott gemaachten Interieur, top verschafft a mat allem erdenkleche Luxus.

Just a punkto Assistenzsystemer muss VW nach nofeilen. D’Verkéiersscheld-Erkennung huet dacks d’Schëlder vun den Offaartsspure fir boer Mënz geholl an d’Brems agehäit, den aktive Spuerhalassistent konnt ech net elleng gewäerde loossen, well soss déi aner Autoe geduecht hunn, ech hat der iwwert den Duuscht gedronk. An eng breet Garage sief recommandéiert. Bei mir goung den Touareg just mat ageklappte Spigelen eran.

D’Präisser

Jo, dat déckt Enn kënnt nach. Kloer ass den Touareg R e-Hybrid eng Topversioun zu engem Top-Präis: bei ronn 83.000 Euro geet et mol lass. Mat e puer Optioune sinn déi 100 net méi wäit. En X5 oder GLE ass allerdéngs och net vill méi bëlleg an huet als Hybrid manner Leeschtung. Also villäicht awer emol eng Iwwerleeung wäert!