• De PLUS

    • Fuerspaass
    • Desgin
    • Elektresch Autonomie
  • De MINUS

    • Oniwwersiichtlech Karosserie
    • Präis

Mam CLA schléit Mercedes d’Bréck tëscht der A- an der C-Klass. Zanter Kuerzem sinn de Coupé an de Shooting Brake och als Plug-In Hybrid ze kréien.

Ob et dobäi just drëms gaangen ass e Lach an der Gamme opzefëllen, oder ob déi nei Motorisatioun Sënn mécht, huet den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp probéiert erauszefannen.

Automag: Mercedes-Benz CLA

D’Zäiten, wou een un der Modellbezeechnung ofliese konnt, wéi vill Zylinder ënnert dem Capot hir Aarbecht maachen, si scho laang eriwwer. A wien dovun ausgeet, dass den CLA op der C-Klass baséiert, läit genee esou falsch. Ënnert dem Blecht stécht déi aktuell Generatioun vun der A-Klass. A genee vun dëser huet de CLA säin neisten Undriff.

Den Undriff

250e heescht de Plug-in Hybrid, dee Mercedes aus der A-Klass iwwerholl huet an esouwuel am Coupé ewéi och am Shooting Brake ze kréien ass. Ënnert dem Capot schaffen en 1,3 Liter Véierzylinder-Bensinner mat 160 Päerd an e 75 kW staarken Elektromotor zesummen. Fir en harmonescht Mateneen suergt eng Aachtgang-Duebelkupplung. D’Kombinatioun kléngt net no Sportsmaschinn, ma ënnert dem Stréch bréngt den CLA et esou op eng Systemleeschtung vun 218 Päerd. An och heemlech Frënn vum Elektroauto ginn zerwéiert: reng elektresch versprécht Mercedes 70 Kilometer Autonomie.

Op der Strooss

Fir bei der Autonomie ze bleiwen: an der Praxis waren déi 70 Kilometer net dran. Jee no Fuerweis loung een tëscht 45 a 55 Kilometer. Allerdéngs zitt den Elektroundriff och genuch Jus aus der Batterie. Ëmmerhin ass et méiglech bis Autobunnsvitess reng elektresch ënnerwee ze sinn. Oder déi voll Leeschtung mat engem behäerzten Trëtt op d’Gaspedal ofzeruffen. De Chauffer huet et also an der Hand, oder am Fouss, wéi en d’Energie an der 15,6 kWh grousser Batterie notzt.

De Fuerspaass

E Plug-In Hybrid a Fuerspaass? Abee, jo. D’Zesummenaarbecht vu Verbrenner an Elektromotor ass den Ingenieuren gutt gelongen. Ouni de préiwende Bléck op den Display ass et kaum ze spieren oder ze héieren, wéien Undriff grad aktiv ass. Dobäi kënnt den niddrege Schwéierpunkt, déi stramm Stroosselag duerch déi zousätzlech Kiloen vun der Batterie an déi präzis Lenkung. Do passt et gutt an d'Bild dass den CLA de Sprint op Tempo 100 a 6,8 Sekonnen packt. Et kann een awer och einfach d’Rou genéissen an probéieren beim Bremsen an Ausrullen e Maximum un Energie ze recuperéieren. D’Elektronik ënnerstëtzt de Chauffeur dobäi andeems se d’Streck permanent analyséiert den Undriff upasst.

De Confort

Och beim CLA bleift Mercedes sech a Saachen Finitioun a Confort trei. Bequem Sëtzer, en ergonomeschen Cockpit, e strafft an awer confortabelt Fuerwierk an e Banneraum, deen de Kaméidi ausspäert, suerge fir entspaant Kilometer hannert dem Steier. Ech hu mech wierklech schwéier gedoen eppes ze fannen, wat ech kritiséiere kéint.

De Präis

De Mercedes CLA Coupé steet mat 42.470 Euro an der Präislëscht, de Shooting Brake Start bei 43.460 Euro, wéi ëmmer virun Optiounen. Domat ass den CLA als Plug-In Hybrid keng Promotioun, allerdéngs kritt een dofir en Auto, dee sech an eisem Test keng Bléiss ginn huet. An dat obscho mer am Automag gären d’Hoer an der Zopp sichen…