• De PLUS

    • Lenkung
    • Fuerwierk
  • De MINUS

    • Positioun vum Feierläscher
    • Reegelung vum Hybrid

E klengen Auto fir kuerz bis Akafen ze goen an da wa méiglech och nach Ëmweltfrëndlech ënnerwee sinn. Dat kéint zum Beispill de Renault Clio E-Tech sinn.

De Rich Simon hat deen am Test a stellt eis de Fransous am Automag vun haut vir.

Automag: Renault Clio E-Tech

De Renault Clio E-Tech ass ee klasseschen Hybrid. Dat heescht kee Stecker fir de Stroum aus der Steckdous ze suckelen. Wat vu Stroum gebraucht gëtt, gëtt am Auto produzéiert. Genee wéi dat den direkte Konkurrent Toyota Yaris mécht. Ënnert der Hauf ass een 1,6 Liter 4 Zylinder mat 91 Päerd. Dobäi kommen nach 49 Päerd aus dem Elektromotor. Dat mécht no Adam Ries 140 Päerd. Déi 140 Päerd, déi engem maximal, awer och nëmme kuerzzäiteg zu Verfügung stinn, bréngen den Auto awer richteg no vir. Mä och déi reng 91 Päerd, déi de Motor liwwert, gi fir déi gutt 1.300 Kilo, déi de Clio weit, duer.

Wat mech awer gestéiert huet, ass deen Ament, wou duerch d'Hybrid-Technik d'Batterie nees opgeluede gëtt. Do huet een d'Gefill, dass de Fahrlehrer géing nieft der setzen, an ouni Virwarnung op d'Brems trëppelen. Hei muss ee sech dru gewinnen. Ofgesinn dovunner, fiert de Clio E-Tech sech richteg gutt. Eng präzis Lenkung, anstänneg Bremsen an ee Fuerwierk, wat zwar fir esou een Auto relativ stramm ass, dofir awer an enke Kéieren engem een zousätzlecht Gefill vu Sécherheet gëtt.

Den Interieur

Deen ass anstänneg verschafft, awer sans Plus. Innovativ ass hie sécherlech net, dofir ass awer alles iwwersiichtlech. D'Navigatioun an d'Multimedia-Software ass up to date an de 7 Zoll Monitor geet och fëllegen duer. D'Sëtzer aus Stoff sinn net onbedéngt sexy. Si ginn awer genuch Halt an dat ass jo net onwichteg. Absolut on-sexy ass de Feierläscher. Jo dee muss een am Auto hunn. Allerdéngs um Bäifuerersëtz vir lénks nieft dem Been? Dat muss net sinn. Optesch an och wat d'Beefräiheet ugeet, eng Katastroph. Alles an allem huet een awer relativ gutt Plaz am Clio. Et ass jo kee Famillje-Van. An der Hybrid Versioun verléiert een awer u Plaz an der Mall. Duerch Technik geet déi vun acceptabelen 340 op 254 Liter zeréck.

De Verbrauch gëtt Renault mat 4,4 Liter un. Ech sinn 395 Kilometer mam Clio E-Tech gefuer an hu mech un d'Vitesslimitatiounen gehalen. Um Enn stoung ee Verbrauch vu 5,2 Liter zu Buch. Also 0,8 Liter iwwer der offizieller Annonce. Dat ass awer nach ëmmer gutt! Reng elektresch ass ee mam Clio just e puer Kilometer ënnerwee. Renault schreift, dass een an enger Stad kann zu 80 Prozent mat Elektorundriff ënnerwee sinn. Zu Paräis, wou ee vun enger rouder Luucht bei déi aner fiert, ass dat villäicht méiglech. Subjektiv gefillt, ass dat a mengen Aen awer ënner normale Konditiounen net méiglech.

De Präis

De Renault Clio E-Tech intens, wéi ech en am Test hat, kascht an der Basis 23.883 Euro. Mam Pack Multimedia an der enger oder anerer klenger Optioun kënnt een op ee Präis vu 25.575 Euro. Zum Verglach. De Konkurrent aus Japan, den Toyota Yaris, kascht an der Basis 22.200 Euro. Also eng 1.600 Euro manner wéi de Clio.