• De PLUS

    • Fuerconfort
    • Autonomie
  • De MINUS

    • Ergonomie vum digitalen Tableau
    • Präis

D’Auswiel un Elektroautoen hëlt permanent zou, och bei VW. Nom ID.3 ass et elo um ID.4, dee beim Concessionnaire am Showroom steet.

Sech en ukucken, schéin a gutt, mä fueren ass natierlech besser. An esou hat VW mat den éischte Sonnestrale vum Fréijoer op en Tour duerch d’Land invitéiert.

Automag: Volkswagen ID.4

Nom ID.3 elo ID.4. Deen éischten Elektro-SUV, dowéinst och de Slogan mat „0 Emissioun, mee 100 % SUV“. Et ass iwwregens dee Modell, deen och ausserhalb vun Europa Karriär soll maachen. Di zweefaarweg Karosserie mat hirer geschwongener Design-Linn ass gelongen, a weess ze gefalen. Am "Honey Yellow" stoung e vrun eis. Déi Faarf steet dem VW Stromer ganz gutt.

4m58 an der Längt, 185cm an der Breet, et si quasi di identesch Dimensioune vum bekannte Modell Tiguan aus der Gamme. Awer a punkto Plaz-Verhältnesser, mat 2m77 Radstand, geet de Punkt un den neien ID.4. Well och an der zweeter Rei bleift nawell vill Sputt fir Been, Knéien a Kapp. Mat iwwer 540 Liter Volume an der Mall gëtt et och näischt ze meckeren. Wann hanne kee sëtzt, sinn d'Transportméiglechkeete bal 3 mol méi grouss. Scho gläich nom Depart fält engem op, dass den Innenarchitekt hei méi Budget zur Dispositioun hat. Alles wat een upaakt, wierkt méi héichwäerteg wéi beim klenge Brudder.

E Bléck op d’Roadbook, an et duecht e bei sech, do ass alles dran, fir den ID.4 am Alldag ze testen, inklusiv Autonomie a Recuperatioun. 175km stoungen um Programm mat Escalen zu Esch/Sauer bei der SEO a bei engem touristeschen Highlight zu Bäerdref... de 55m Waassertuerm. Den ID.4 fiert sech eigentlech kaum anescht wéi di bekannte SUV mat Bensin oder Diesel an der Gamme.

Den Interieur

Genee wéi beim ID.3 ass bannenan alles op e maximum reduzéiert. Zwee Ecrane versuergen de Chauffer mat Informatiounen. Virun engem dee klenge fir Vitesse, Batterie, Autonomie a Fuermodus. Um groussen 12 Zoll Touchscreen spillt sech de Film fir Navi, Info an Entertainment of. An der digitaler Welt sicht een Informatiounen dacks méi laang wéi gewënscht. Beispill: Just wëllen den Trip virum Start zeréck op 0 setzen.

„Augmented-Reality-Head-up-Display“ an ID Light ënnerstëtzen de Chauffer intuitiv iwwert dem Fueren.

Den Undriff

Beim ID.4 huet een de Choix tëscht enger 58 kw/h Batterie an enger mat 77. Mir sinn déi leschtgenannte Versioun gefuer. Mécht dann 204 PS an 310 Nm Dréimoment. 8,5 Sekonnen a schonn ass een op 100, a bei 160 km/h ass Schluss.

D’Akkue leien ënnert de viischten an hënneschte Setzer. Doduerch ass et eng ideal Gewiichtsverdeelung op der Achs vu 50:50. Esou léisst sech den ID.4 einfach a liicht beweegen. Och op Kéiere-Kombinatiounen am Éislek huet e sech net aus der Rou brénge gelooss. Bon a souwisou en E-SUV ass jo kee Sportsmodell.

Positiv opgefall ass d’Isolatioun an d’Veraarbechtung. Näischt ass ze verlauschteren, an och Wandgeräischer hale sech op ganz moderatem Niveau.

Mat 21 Zentimeter Buedemfräiheet kéint een sech theoretesch och am Offraod-Beräich beweegen. Mä eng 4X4 Traktioun kënnt eréischt mam neien ID.4 GTX, deen den 28. Abrëll an enger Videopresentatioun eng éischte Kéier virgestallt gouf. Dee Modell huet da bis zu 299 PS an ee Motor pro Achs.

Bei eisem Testauto war den Undriff hannen op der Achs. Deen erlaabt den agillen Handling, trotz 2100 Kilo op der Wo, an e Wendekreess vu grad mol 10 Meter.

Ënnerwee geet de Bléck op d’Autonomie, an ech sinn iwwerrascht wéi vill nach iwwreg ass. Op Positioun B gëtt recuperéiert, an um Enn vun eiser Etapp waren dat nobäi 30 Kilometer.

Mat 408km fortgefuer, 175km Etapp absolvéiert a nach 261km Rescht. Mat 18 kw Verbrauch géif e jo elo nach esou just di nei Norm vun der staatlecher Primm erfëllen.

D’Präisser

Déi vun eis gefuere Versioun mat der 77kw/h Batterie start als Pro Performance ID.4 mat 42.180 Euro, d'Top Versioun Max steet mat 55.000 Euro an der Lëscht. Ech denken, et muss e kee Prophéit sinn, fir dem ID.4 e Succès ze garantéieren.

Den neien Elektro-VW huet och de CCS Chargeur mat u Bord, fir esou op der Autobunn ganz séier mat Gläichstroum Energie ze tanken... bis zu 125kw.