• De PLUS

    • Infotainment
    • Motoriséierungen
    • Design
  • De MINUS

    • Verbrauch

Fir déi 4. Generatioun vum Tucson, huet ee sech bei Hyundai dofir entscheet, net just kleng Detailer ze änneren, ma et ass quasi eng Design-Revolutioun.

Et géif een ouni Weideres behaapte kënnen, dass den neien Tucson och als neie Modell mat engem aneren Numm géif duerchgoen.

Wann ee virum neien Tucson steet, fält engem direkt op, dass e gewuess ass, och wann et no méi wierkt, wéi et tatsächlech ass. Et si real nämlech just 10mm an der Längt, 15mm an der Breet an 10mm méi e laange Radstand.

Design
Direkt an d’Aen fält engem den neie Kühlergrill, deen och d’Tagfahrlicht mat integréiert, dëst awer op esou eng clever Manéier, dass een d’Luuchtenelement net als eenzelt erkennt, wa se aus sinn… da gliddere se sech nämlech komplett an de Külergrill an a loossen deen nach vill méi grouss wierken, wéi en eigentlech schonn ass. An der Hyundai-Designsprooch heescht d’Form an där se gehale sinn „Parametric Jewel Elements“, eng Form déi och anerwäerts um an am Auto ëmmer nees optaucht.

Säitlech falen dann nach déi grouss véiereckeg Radkëschten op an e sëllege Kanten an der Säitelinn, déi d’Luucht gutt opfänken an d’Form vun der Karosserie gutt erëmginn.

Um Heck ass et en duergezunnent Luuchteband vu lénks no riets wat nei ass, an de Luuchtendesign erënnert liicht un de Ford Mustang Mach-E. E Wischer gesäit een net hannen un der Fënster… deen ass nämlech ganz uewen ënnert dem Spoiler verstoppt, wat natierlech „clean“ ausgesäit, mä wann een dann emol d’Fënster fräi-wischere wëll, ass d’Resultat dann dach éischter limitéiert, well de Wischer zimmlech kleng ausgefall ass. D’Siicht no hanne gëtt domat net wierklech besser.

Am Allgemengen ass d’Iwwersiicht am Auto éischter problematesch. Do hëllefen dann awer technesch Léisungen. Eng déi mech besonnesch positiv iwwerrascht huet, sinn d’Kameraen, déi aktivéiert ginn, wann een z.B. d’Spuer wiessele wëll. Wann een de Winker umécht, ännert den Display am Tableau de Bord, an lénks oder riets, jee nodeem wouhin ee fuere wëll, gëtt den Tourenzähler oder Kilometerzähler ersat duerch eng Kamera-Vue, déi engem de Beräich vum doudege Wénkel weist. Domat huet een dann, kombinéiert mat de Réck-Spigelen, eng gutt Siicht no hannen.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Infotainment
Wa mer scho beim Display sinn, kommen ech dann och op den Infotainment-System ze schwätzen. Ech muss soen, ech war begeeschtert. Et huet een immens vill Méiglechkeeten, sech den Ecran sou zesummenzestellen, wéi ee grad Loscht huet, mat deenen Infoen déi ee brauch. Ech fir mäin Deel hat mech dach zimmlech séier domadder aklimatiséiert a fannen, dass een do bei Hyundai der Konkurrenz aus Europa dach e Schrëtt viraus ass, op d’mannst emol bei verschiddene Marken, déi do éischter um Holzwee sinn a mengen Aen. Positiv ass och, dass munch Funktiounen nach via Knäppercher kënnen aktivéiert ginn, an ee sech net an engem Touchscreen-Menu verlafe muss, just fir z.B. eng Sëtzheizung unzemaachen.

Interieur
D’Veraarbechtung am Banneraum ass och ganz gutt. D’Materialie fille sech gutt un an et quiitscht oder knirscht näischt. An der Mëttelkonsol si vill Elementer an engem blénkege Lack, wat natierlech net grad fërderlech ass, wat Fangerofdréck ugeet… ma et hält sech awer a Grenzen.

Beim Fueren ass mer opgefall, dass vun enger gewësser Vitess un dann awer en zimmlech staarkt Wandgeräisch bei der Fënster op der Chauffersäit ze héieren ass. Wéi et op der Bäifuerersäit ass, konnt ech vu menger Säit net aschätzen.

D’Plazverhältnisser souwuel vir, wéi och hanne sinn immens gutt. Och an der Mall kritt ee richteg vill ënner. 616 Liter, oder 1.795 Liter wann een déi hënnescht Sëtzer ëmleet. Dat ka liicht änneren, deemno wéi eng Motoriséierung ee wielt. Do huet een nämlech richteg vill Auswielméiglechkeeten—vu Mild-Hybrid iwwer Hybrid a Plugin-Hybrid, Diesel oder Bensinner.

Motor
Dat geet u beim 150 PS Bensinner, iwwer en 115 oder 136 PS Diesel, bis 230 PS Hybrid oder souguer en 265 PS Plugin-Hybrid. Do kann ee sech definitiv austoben bei der Selektioun a sech genee dat aussichen, wat fir den Eegegebrauch dat richtegt ass. Et kann een och tëscht Frontundriff oder Allrad wielen, jee no Motoriséierung. Et soll och nach eng 290 PS N-Variant am Laf vum Joer op de Marché kommen.

Präis
Präislech ass den Tucson da mat all deene Verbesserungen och net méi grad gënschteg a kënnt ëmmer méi no un z.B. de VW Tiguan, och wann an der Ausstattung den Hyundai fir dat selwecht Geld dann awer méi bidde kann. Eisen Testauto, en 230 PS Hybrid mat der 6-Gang-Automatik an der héchster Ausstattung mat der Bezeechnung "Shine", a just mat enger Zousazoptioun, nämlech dem wäisse Lack fir 676 Euro, koum op 42.671 Euro. Mat Remise kënnt een dann op ronn 39.000 Euro.

De Verbrauch fir eisen Testauto ass uginn mat 5,7 Liter. Do sinn ech awer bei wäitem net hikomm a loung éischter bei ronn 8 Liter, ouni dass ech elo iwwerdriwwen hätt.

RTL