• De PLUS

    • Design
    • Interieur
    • Fuerspaass
  • De MINUS

    • Autonomie
    • Präis

Esouguer de grousse Motorespezialist Honda huet ëmgesuedelt an d'lescht Joer säin éischte vollelektreschen Auto presentéiert.

Eo ass deen neien Honda e endlech och an der Automag-Redaktioun gelant a gouf vum Paul Origer am Alldag getest.

Automag: Honda e

Autoen, Motorrieder, Méimaschinnen, Generatoren, Pompelen, Booter – et gëtt bal näischt, wat Honda net schonn emol mat engem Motor equipéiert huet. No Erfarunge mat der Hybrid-Technik ass dee weltwäit gréisste Motorekonstrukteur relativ spéit op den Elektrozuch opgesprongen, bréngt awer dofir dee bësse méi aussergewéinlechen Elektroauto.

Den Design

Dat Retrodesign fonctionnéiere kann, huet de Fiat 500 scho bewisen. A genee de selwechten Nerv huet Honda mat der Presentatioun vun der Etude Urban EV Concept 2017 zu Frankfurt getraff. Een niidleche klengen Auto ouni vill Designschnickschnack, dofir sympathesch, quadratesch a praktesch mat vill Erënnerungen un den Honda Civic vun der éischter Generatioun. De Seriemodell gouf schliisslech e bësse méi ronn a méi grouss wéi d’Etüd, ënnert anerem koumen och nach zwou Diere bäi. Soss behält den Honda e déi ronn Luuchten hannen a vir, grad ewéi déi zwou Kameraen un den Dieren, déi d’Baussespigel ersetzen, dat alles verpak an eng ganz simpel a sober Silhouette, déi en absolutte Bléckfang ass. Och e Joer no sengem Lancement fält den Elektro-Honda op wéi ee faarwegen Hond.

Den Interieur

Déi meescht Autoe si baussen hui a banne langweileg, abee beim Honda e ass den Interieur den absolutten Highlight. Dominéiert gëtt deen nämlech wéi beim Concept Car vun enger Armada vu Schiermer, déi iwwert déi ganz Breet vum Tableau geet. Ee fir de Chauffeur fir Vitesse a Co, een an der Mëtt an ee fir de Bäifuerer. A ganz lénks a riets dann d’Ecrane fir d’Baussespigel. Iwwregens ass och de Spigel an der Mëtt op Wonsch digital. Dat ass awer net alles. Fir de Gemittlechkeetsfacteur suergen e grousse Glasdaach, eng héichwäerteg Holzdekoratioun un Tableau a Mëttelkonsol, esou wéi Stoffsëtzer am Stil vun der Bom hirem Canapé. E Raumwonner, wéi den Jazz, dierf ee sech allerdéngs net erwaarden. Et sëtzt een zwar nach ganz kamoud op de viischte Plazen, hanne gëtt et dogéngt enk fir Knéien a Kapp. Ausserdeem léisst den Heckmotor just eng butzeg Mall vun nëmmen 170 Liter zou.

Den Undriff

Bei Honda stouch den Highlight schonn ëmmer ënnert dem Capot, net fir näischt waren d’Japaner Weltmeeschter an der Formel 1. Beim neien E-Honda sti je no Versioun 136 oder 153 PS zur Verfügung déi mat 315 Nm deem 3,9 Meter kuerzen Auto richteg Bee maachen. D’Batterie ass mat 35,5 kWh éischter kompakt ausgefall an hei läit den Hues am Peffer. Déi theoretesch 220 km Autonomie kann ee vergiessen. Bei wanterlechen Temperature ware mueres beim Start héchstens 130 disponibel. An op déi huet ee sech besser och net verlooss, schliisslech hunn déi versprache Reschtkilometer terribel variéiert. Net nëmmen den Elektromotor, mä och d’Heizung waren nämlech immens frou mam Stroum: schuckeleg 22 Grad Bannentemperatur hu mol gutt 25 Kilometer verschlongen. Esou datt ënner 20 - 23 kWh den Honda e kaum leeft - als Verglach: ee Mustang Mach E kënnt labber drënner. An domat net genuch: beim Lueden huet den Elektro-Honda kee Stress. Per CCS dauert eemol voll minimum eng Stonn, un der Borne sinn an der selwechter Zäit mol knapp 10 Prozent gelueden.

Op der Strooss

Dat ech hu misse stänneg lueden, gouf beim Fueren nees gutt gemaach. Dee klengen Elektro-Honda mécht nämlech Spaass wéi keen aneren. Heck-Undriff, déi 1,5 Tonnen optimal verdeelt, eng kommunikativ Steierung an eng herrlech knackeg Stroosselag. Spilleresch léisst en sech em den Eck dirigéieren a pecht fërmlech um Makadamm, d’Steierung ass total fräi vun Undriffsaflëss an de One-Pedal-Modus léisst een d’Rekuperatioun optimal notzen. A confortabel a praktesch geet och. Den Honda e fiedert ganz manéierlech, behält ëmmer extrem niddereg Bannegeräischer a kann, dank sengem winzege Wendekrees, op engem Béierdeckel d’Kéier maachen. No e puer Kilometer huet ee sech och un déi elektronesch Baussespigel gewinnt. Allerdéngs schéngt déi besser Aerodynamik dem Verbrauch net vill ze bréngen. Op der Autobunn leeft den e zwar illegal 150 Saachen, léisst d’Stroumleitungen dann awer och gléien.

D'Präisser

Den Honda e ass definitiv e knuffege, sympatheschen a kompakte Stadauto, och wa seng Batterietechnik enttäuscht. Bei ronn 33.000 Euro geet et lass, dann awer och, typesch japanesch, voll equipéiert mat villem, wat et soss am Premium-Segment zu héije Präisser gëtt. Op engem dat fir een Zweetauto net ze deier ass, muss jidderee selwer decidéieren.