• De PLUS

    • vill Plaz
    • gutt Iwwersiicht
    • Verbrauch
  • De MINUS

    • Kee Plug-in Hybrid
    • Kaméidi beim acceleréieren
    • Präis

Am Automag vun haut dréint sech alles ëm e klenge Japaner, dee schonn eng Rei Joren op eise Stroossen doheem ass.

Rieds geet vum Honda Jazz. A genee dee gëtt et elo och am SUV-Look mat Hybrid-Undriff. Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp hat den Honda Jazz Crosstar am Test.

Gro Plastiks Pare-Chocë sinn oft en Zeechen fir onverwüstlech Utilitären, also Autoen, deenen am Alldag e bësse méi ofverlaangt gëtt, wou duerchaus mol eng Mauer, e Bam oder e Koup Sand an de Féiss ass, a wou déi eenzel Schréips net wéi deet. Bref, Honda schléit mam Jazz Crosstar genee déi Schinn an, woubäi sech d’Gefill vun engem robusten Mini-SUV bei mir als Tester net astelle wëll. Ouni uerdentlech Buedemfräiheet an Allrad-Undriff, mécht den Jazz éischter déck Baken. Et ass awer net ewéi wann den Jazz keng Stäerkten hätt, se leie just an anere Beräicher.

Den Interieur

Zum Beispill bannendran. Esou kleng wéi den Jazz Crosstar vu baussen ass, esou grouss ass e wann ee bis era klëmmt. Déi grouss Frontscheif, déi schmuel A-Sailen an déi kleng dräieckeg Fënsteren vir suergen fir de richtegen Duerchbléck an e lëftegt Raumgefill. Wann een et net besser wéisst, géif ee mengen et séiz een hannert dem Steierrad vun engem Minivan. Apropos sëtzen: d’Verstellméiglechkeeten vun de Sëtzer si limitéiert a relativ fest. De Crosstar qualifizéiert sech domat éischter als City-Flitzer wéi als Kilometerfriesser. D’Plaz an der zweeter Rei geet och fir Erwuessener nach gutt duer, just d’Mall stéisst séier un hir Limitten. 298 Liter passen eran, dat ass manner wéi beim Renault Clio (340 Liter) awer e liicht méi wéi beim Toyota Yaris (280 Liter).

Navi an Infotainment

Bei den Instrumenter setzt Honda wéi déi meescht Hiersteller op en digitalen Cockpit. Allerdéngs léisst dee sech net allze vill personaliséieren. Dat kann ee kritiséieren oder et freet ee sech iwwert déi iwwersichtlech Duerstellung vun de wichtegste Parameter. Iwwert en zentralen Touchscreen léisst sech den Volet vum Infotainment steieren. Net gefall huet mer, dass den Ecran liicht vum Chauffeur ewech gedréint ass. Ob dat gewollt ass, oder ob dësen Detail bei der Ëmstellung vum Riets- ob de Lénkslenker vergiess gouf sief dohi gestallt. E schlechte Choix war och de Stoff-bespaanten Hautparleur um Armaturebried, deen no de ronn 6.000 Kilometer vum Testauto alles anescht wéi nei ausgesinn huet. Erfreelech ass dogéint, dass rudimentär Funktioune wéi d‘Heizung nach ëmmer iwwer Knäppercher gesteiert gi kënnen.

Undriff

D’Kapitel vum Undriff fält beim Jazz Crosstar kuerz aus: et gëtt just eng eenzeg Hybrid-Versioun, déi op en 1,5 Liter Véierzylinder-Bensinner an zwee Elektromotoren setzt an domat op eng Systemleeschtung vun 109 Päerd kënnt. Gäng gi keng gewiesselt, d’Iwwersetzung iwwerhëlt eng stufelos CVT-Automatik, an do läit déi a mengen Aen gréisste Schwächt vum Jazz Crosstar.

Op der Strooss

Den Mini-SUV ass e gemittlechen Zäitgenoss an all ze hektesch Chauffeuren wäerte mam klenge Japaner keng Freed hunn. Zum engen ass den Jazz Crosstar mat 109 Päerd net iwwerméisseg motoriséiert. Zum aneren fält de Sprint op Tempo 100 mat 9,9 Sekonnen éischter gemittlech aus. An da wieren do nach d’CVT-Boîte an de Motor, déi sech beim spontane Sprint fir ze Iwwerhuelen mat uerdentlech Kaméidi beschwéieren. An zwar esou, dass ech mech gefrot hunn, ob ech mech verschalt hätt.

Et soll awer och Automobiliste ginn, déi sech duerch näischt aus der Rou brénge loossen. A genee déi kéinte sech mam klenge Japaner ufrënnen. Bis maximal Tempo 50 ass den Jazz reng elektresch ënnerwee, eréischt duerno hëlleft de Verbrenner. Als Hybrid ouni Stecker ass d’Batterie allerdéngs séier platt, ma wie virausschauend fiert a recuperéiert, kann dobäi nokucken wéi d’Batterie sech erëm fëllt. Gemittlech gefuer waren an eisem Test 4,2 Liter/100 Kilometer méiglech, e bësse méi stramm (net sportlech) louch de Verbrauch bei verstännegen 4,9 Liter op 100 Kilometer.

De Präis

Mat 26.530 Euro ass den Honda Jazz Crosstar den deiersten Vertrieder aus der Jazz-Famill. Wien awer elo scho mat der Primm vum Staat fir Hybrid-Autoe rechent, gëtt op dëser Plaz enttäuscht: ouni Stecker (also Plug-in) gëtt et fir den Jazz Crosstar kee Subside.