• De PLUS

    • Design
    • Verbrauch
    • praktesch
  • De MINUS

    • Iwwersiicht
    • kriddeleg Assistenzsystemer
    • Lenkung

Wat fir VW de Golf ass dat ass fir Fiat de 500.

De klengen Italiener huet net nëmme Fiat aus der Patsch gehollef, en huet sech och zur Marken-Ikon entwéckelt. Elo ass den Nofolger do an de Paul Origer erzielt eis, no 500 km mam 500e, wat sech bei deem alles geännert huet.

Automag: Fiat 500e Cabrio

Mir erënneren eis un de faméise Retro-Design deen, Enn der 90er mat VW New Beetle a Chrysler PT Cruiser e grousse Boom gefeiert huet. Keen aneren Auto huet dat awer esou erfollegräich gemeeschtert wéi de Fiat 500. Ganzer 13 Joer huet sech déi nei Interpretatioun vun 2007, den Nuova Cinquecento, quasi onverännert um Marché behapt. Fir den Nofolger huet Fiat decidéiert esou munches ëmzekrempelen.

Den Design

Hei huet sech Fiat net getraut vill ze veränneren - firwat och? De 500er huet sech haaptsächlech iwwert de Look verkaf, an dass dësen och bei der neister Generatioun weiderhin ukënnt, hunn déi vill Käpp bewisen, déi sech beim Laanschtfuere gedréint hunn. Déi kompakt rëndlech Form, d’Schnuff am Kindchenschema mat de ronnen Aen, de knackegen Hënneschten – all dat ass bliwwen a gouf just liicht moderniséiert. Mat 3m63 ass de 500 och nach ëmmer relativ kleng bliwwen, wann och d’Längt ëm nach emol 9 cm zougeluecht huet. De Plus u 6 cm an der Breet an de licht méi muskulösen Design loossen en awer nach emol méi erwuessen optrieden.

Den Intérieur

Hei ass schonn däitlech méi passéiert. Den Design bleift senger Linn trei, gefällt mat flotte Matièren, enger gudder Verarbechtung a klengen Opmierksamkeeten. D’Sëtzpositioun – am Virgänger nach relativ bescheiden - ass am neie 500 duerch e komplett verstellbart Steierrad a méi Raum bannenan wiesentlech verbessert ginn. Et sëtzt een zwar nach ëmmer héich, dofir bleift awer nach iwwert dem Kapp däitlech Spillraum. Just um Récksëtz soll ee sech weider keng Wonner erwaarden; allemools kleng Kanner kënnen hei Plaz huelen, soss leet ee besser d’Jacket dohinner. Last but not least bleift d’Mall onverännert bei 185 Liter.

Den Undriff

Beim Design war Fiat virsichteg, beim Undriff gouf alles ëmgekroomt. Den Cinquecento huet neierdéngs een “e” hannert sengem Numm an domat een Elektromotor ënnert dem Capot. 87 kW leescht dës Maschinn a gëtt vun enger relativ grousser 42 kW-Stonne Batterie gespeist. Esou versprécht Fiat eng Autonomie vun 320 km nom WLTP-Zyklus – a mengem Alldagstest goufen 260 bis 280 km ugewisen, wat awer nach an d’Rei geet. Gelueden ass en, dank Schnelllueder u Bord, relativ séier. Per CCS op 80 % a 35 Minutten oder via Borne a 5 – 6 Stonnen.

Op der Strooss

Dem Nino Rota säin Thema zum Film “Amarcord” erkléngt, wann, no ëmständlechem Duebeldrock op d’Start-Tast, de Fiat 500e seng éischt Faart ophëlt. Passend zur Dolce Vita, déi een am 500e a vollen Zich ausliewe kann. Schliesslech geet e richteg gutt an elektrotypesch lautlos vun der Plaz. Beschleunegen an iwwerhuelen ass deemno guer keng Affär, op Wonsch och alles am One-Pedal-Modus wann een an der Positioun Range ënnerwee ass. Schued awer dat d’Rekuperatioun just iwwert déi 3 Fuerprogrammer astellbar ass, e bësse méi Feintuning hätt mer hei gefall. Dofir ass de 500e am Alldag wierklech praktesch. Mat der Autonomie gouf et am Fong ni ze knapp, esouguer séier Trips iwwert d’Autobunn suckelen net dermoossen un der Batterie. E puer Nervfacteuren hunn trotzdeem der Dolce Vite e battere Bäigeschmaach ginn.  Engersäits d’Iwwersiicht hanne schief eraus wou déi enorm C-Sail ganz Autoe verschwanne léisst, esouwéi vir no riets wou de Sputt tëscht Spigel an Navi-Ecran knapps 20 cm héich ass. Dann déi extrem synthetesch a liichtgängeg Steierung déi engem den zackege Landstroossen-Trip verdierft. An nobesseren däerf Fiat och bei den Assistenzsystemer. De Spuerhalesystem mat Lenkagrëff ass limite geféierlech a muss och nach leider bei all Start ausgeschalt ginn, ausserdeem war de Kollisiounswarner ee richtege Panik-Pitti, deen esouguer bei liichtem Erufuere scho geflippt ass.

D’Präisser

Keeft een de 500e an der Versioun wéi eisen Testauto, also als Cabrio La Prima mat all Luxus, da stinn iwwer 38.000 Euro um Kontrakt. Glécklecherweis start den Elektro-Cinquecento scho bei ronn 23.000, allerdéngs dann och mat nëmme 50 kW a manner Equipement, mä mindestens deem selwechte Charme.