• De PLUS

    • Design
    • Stroosselag
    • Ergonomie
  • De MINUS

    • Spierbare Wiessel vun Elektro op Bensinn
    • Oniwwersiichtlech Karosserie
    • Niddreg E-Räichwäit

Plug-In Hybriden sinn am Automag keng Onbekannt méi. Ee vun den neitste Vertrieder mam Mix aus Bensinner an Elektromotor ass de Renault Captur.

Wéi sech de Mini-SUV am Alldag mécht, huet den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp probéiert erauszefannen.

Laang Zäit sinn et bei Renault keng hallef Saache ginn. Wou aner Hiersteller sech mat Hybrid a Plugin-Hybrid-Modeller lues an un d’Elektromobilitéit erugetaascht hunn, huet Renault direkt Vollgas ginn. De franséischen Hiersteller huet scho fréi parallel zu senge Modeller mat Verbrennungsmotor eng reng elektresch Gamme proposéiert. Mam neie Captur schléisst sech Renault elo dem Trend zum Plug-In Hybrid un.

Den Design

Amplaz op e strengen Offroad-Look ze setzen, hunn d’Designer dem Renault Captur e verspillten Optrëtt verpasst. Dozou ziele geschwonge Formen, erfrëschend Lackfuerwen a vill Optiounen, mat deene sech déi néideg Portioun Lifestyle am Katalog ukräize léisst. Ënnert dem gefällegen Design leid allerdéngs d’Iwwersiichtlechkeet. Besonneg a schmuele Parkplazen oder Parkhaiser, déi scho virum SUV-Boom geplangt a gebaut goufen, kënnt ee gären un d’Schweessen. Dorun änneren och Sensoren a Kameraen näischt.

Den Interieur

Bannendra kann de Captur mat engem opgeraumten Interieur punkten. Alles wat ee sicht, ass séier ze fannen an un der Ergonomie an der Verarbechtungsqualitéit gëtt et näischt ze meckeren. D’Sëtzer si bequem awer no beieneen, et sollt ee sech also mat sengem Bäifuerer gutt verstoen. Déi zweet Rei ass éischter fir Kanner an Teenager, esoulang se net ze grouss gerode sinn. Bei der Mall kascht de Plug-In Undriff Plaz: 379 Liter passen eran, wann ee se dn bis iwwert déi relativ héich Kant gehuewen huet.

Navi an Infotainment

Bléckfang ass den zentralen Touchscreen am Héichformat, deen een an där Gréisst soss vun Tesla oder Volvo kennt. Allderdéngs notzt Renault d’Potential vum groussen Ecran net aus a bei villen Applikatiounen bleiwe grouss Deeler vum Schierm eidel. Der Funktioun schued dat awer näischt. D’Navigatioun leeft flësseg, d’Musek aus de Boxe kléngt gutt. Eppes anescht hätt ech mer 2021 awer och net erwaard. Den digitalen Cockpit ass Serie a bitt dem Chauffeur zu all Moment en Abléck an dat, wat wat sech ënnert dem Capot deet.

Den Undriff

E-Tech heescht den neien Undriff deen, mat méi enger klenger Batterie an ouni Stecker fir opzelueden, och am Clio ze kréien ass. Ugedriwwe gëtt de Captur vun engem 1,6 Liter Véierzylinder-Bensinner mat 92 Päerd an engem 49 kW staarken (67 PS) Elektromotor. D’Systemleeschtung läit domat bei 159 PS (117 kW). Seng Energie kritt den Elektromotor aus enger 9,8 kWh-Batterie, déi eng Räichwäit vu bis zu 65 Kilometer erméigleche soll. An der Praxis war d’Batterie schon no 30 Kilometer zeideg fir un d’Steckdous.

Op der Strooss

Am Alldag kann den Captur duerch säin niddrege Schwéierpunkt mat enger gudder Stroosselag an enger liichtgängeger Lenkung punkten. Allerdéngs vergësst d’Fiederung hir Manéieren, wann de Makadamm mol engkéier net ewéi geleckt ass. All ze sportlech Allüren bremst de Captur séier aus: 10,1 Sekonnen dauert de Sprint op Tempo 100, woubai reng elektresch bis zu 135 km/h méiglech sinn. Spéitstens dann, meeschtens awer scho méi fréi, schalt sech de Besinner dobäi. An dat ass däitlech ze spieren a manner souverän wéi bei der Konkurrenz. E wéineg souveränen Androck huet och d’Automatik-Boîte hannerlooss, déi mat Momenter gestruewelt huet, fir déi richteg Iwwersetzung ze fannen. Ënnert dem Stréch sinn déi Schwächte keen Drama, mä anerer kënnen et en Tick besser.

De Präis

De Renault Captur ass als E-Tech Plug-In Hybrid en erfrëschende Kompakt-SUV mat klenge Schwächten, mat deenen een sech am Alldag awer ufrënne kann. Virausgesat, et kritt ee sech mam Präis arrangéiert: 31.900 Euro kascht de Captur mam Stecker fir opzelueden.