• De PLUS

    • gudde Reescomfort
    • Elektro an Diesel harmonéieren
  • De MINUS

    • E bëssen an d'Jore komm

Dir denkt iwwer e Plugin-Hybrid-Auto no, braucht Plaz, e soll chic a praktesch zugläich sinn? En SUV aus guddem Haus, gekoppelt mat engem propperen Diesel?

De Christian Schmit ass fir eis esou eng Kombinatioun gefuer. Um Volant vum Mercedes GLC 300de.
Bestseller an der Gamme bei Mercedes-Benz ass nach ëmmer de GLC. Deen ass jo 2015 an d'Gamme komm an elo gëtt et deen och als Diesel mat Elektropower.

Op der enger Säit en 2 Liter 4 Zylinder Diesel mat Adblue, deen 194 PS Leeschtung bréngt. Donieft dann den Elektromotor, deen och nach 122 PS bäisteiert. Da wiere mir bei 306 PS System Leeschtung. Vläicht déi Kombinatioun, déi noutwenneg ass fir eng Relance beim Diesel? Déi ass jo, esou d'Statistik, bei de Ventë konstant réckleefeg.

Seng dätsch Konkurrente vu München an Ingolstadt hunn änlech Modeller am Programm.

50 Kilometer Autonomie, reng elektresch weist de Bordcomputer un. Doru mierkt een, dass den abléckleche GLC am Pensiounsalter ass. D'nächst Joer dierft déi nei Versioun do däitlech méi bidden. Bei der Presentatioun vun der neier C-Klass war jo ze verlauschteren, dass do dat Duebelt gebuede gëtt.

Reng elektresch setze mir eis a Beweegung. A schonn no e puer Kilometer mierke mir wéi dynamesch de Motoren-Duo harmonéiert. Kee Wonner bei 700 Newtonmeter Dréimoment. Déi erlaben Acceleratioune mat Wuppes op der Landstrooss. Den E-Motor liwwert och vun der éischter Ëmdréiung un an et geet wéinst der 4matic, also der 4-Rad-Traktioun och näischt verluer.

Keng 6 Sekonne vergi bis Tachosnol 100 uweist an 230 km/h sinn op fräien dätschen Autobunnspassagen ouni Tempolimitt dran.

Vun der Zesummenaarbecht tëscht Diesel an Elektropower kritt een hannert dem Volant net vill mat. An dat ass positiv ze notéieren. Mee de Batterië-Pak bréngt zousätzlech Kiloen op d'Wo. 3 Zänner!

An déi Plaz feelt dann an der Mall. Déi schrompelt vu 550 op 395 Liter Volume. Dat Ganzt ass awer beim GLC gutt verstoppt an d'Kabele fir opzelueden, hunn och en Extra-Gefaach an trëllen net ronderëm an hënneren. Apropos Kabel, fir ze lueden.

Dee soll och an den Asaz kommen. Well Plug-In mécht nëmme Sënn, wann och un de Bornen oder doheem opgeluede gëtt. Anerefalls gëtt dat näischt mat nidderege Verbrauchswäerter an da schleeft e just 150 Kilo Akku zousätzlech duerch d'Landschaft.

Kloer, dass d'Gefill am rietse Fouss an de Choix beim Fuermodus och nach eppes bewierke kann.

Un déi 50 Kilometer reng elektresch si mir net erukomm, mee 40 waren der awer realistesch. Dat géing bei mengem Wee op d'Schaff fir e puer Deeg duer.

Déi 13,5kw/h Akku erëm voll zur Dispositioun ze hunn, dauert tëscht 2 a 5 Stonnen an hänkt vum Jus of, deen aus der Steckdous kënnt.

De Verbrauch vun 2,5 Liter konnte mir net erausfueren, mee mat ëm déi 6 Liter léisst sech jo och nach liewen, fir de groussen iwwer 2 Tonne schwéiere Benz.

De GLC ass en ausgeräifte Modell. Veraarbechtung a Qualitéit vun deem, wat en upéckt, ass vun héijer Qualitéit.

Beim leschte Facelift ass jo och Digitaliséierung an MBUX-Infotainment agezunn an d'Alexa steet mat "Hey Mercedes" fir Wënsch zur Dispositioun. Genee wéi vill Assistenten, déi de Chauffer wärend dem Fueren entlaaschten an noutfalls erëm zeréck an d'Spuer bréngen. Just den 10-Zoll-Ecran iwwert de Lëftungsdüsen erënnert nach drun, dass den SUV schonn zënter 2015 an der Gamme steet.

Fazit

Op alle Fall ass den GLC 300de en agreabele Partner, fir op d'Rees a fir eng Clientèle, déi vill Kilometer am Joer absolvéiert.

De Präis start bei 62.000 Euro, mee dat ass wéi ëmmer ganz relativ an e puer Kräizer bei den Optioune ginn duer, fir dass de Compteur séier bei iwwer 70.000 steet.

A leider ass jo geschwënn och keng Subventioun vu staatlecher Säit méi dran. Egal op Bensinner Plug-In oder Diesel. Schued!