• De PLUS

    • Leeft roueg
  • De MINUS

    • Cockpit net méi ganz frësch
    • Plazverhältnisser op den hënneschte Plazen

Elo wou jo Elektromodeller bei alle Konstrukteuren ze kréie sinn, huet d’Automag-Redaktioun dierfen eng Ronn mam Pionéier an deem Segment dréinen.

Eng Woch Alldag Test stoung um Programm, dat mam Nissan LEAF E+, an um Volant de Christian Schmit.

Automag: Nissan Leaf E+

Wéi et nach zimmlech roueg em esou Modeller war, an di renomméiert Marken nach net un den Duerchbroch vum Elektroauto gegleeft hunn, koum de japanesche Konstrukteur mam Leaf vun der éischter Generatioun. Dat si schonn iwwer 10 Joer hir. 2009 gouf en zu Yokohama presentéiert, an am Dezember 2010 goufen di éischt verkaf. Bis Oktober 2020 waren et 490 000 Unitéiten.

Den Undriff

40 kW/h oder 62 kW/h, als E+, et huet een de Choix. Eisen Testauto hat di Batterie mat méi Jus ënnert dem Capot. An esou hu mir dann gespaant gekuckt wat d’Autonomie da beim Depart, voll opgelueden, géif uweisen? 381km.

Domat léisst sech liewen, mä et ass de Veteran net méi Klasse Primus. An dann, hält déi Kilometerzuel un Autonomie och dat wat si versprécht? Bon de Retour vu wanterlechen Temperaturen hunn net dozou bäigedroen. Depart bei 3 Grad a Schnéischauer. Mä Heizung a Ventilatioun suckelen nu mol un der Autonomie. Dowéinst kéint een op kuerze Strecken och emol op d’Heizung verzichten, well e gehëtzte Volant a Sëtzer dann duer ginn.

Op der Strooss

Den éischten Trajet féiert eis vum Concessionnaire zu Alzeng op Réiden un d’Atert. Laut Navi sinn dat 48km. Mä trotz verhalener Fuerweis rutscht d’Skala e gutt Stéck méi séier an de Keller. Och di Deeg drop louche mir dacks wäit auserneen. Obschonn ech bal ëmmer eleng am Leaf ënnerwee war, a brav op Recuperatioun gesat hunn. Déi Geschicht mam E-Pedal, wou ee quasi ni op d’Brems trëppelt, klappt am Alldag ganz gutt. Am Schnëtt hu mir eis mat 16 kW op 100km beweegt. D’15 huet de Bordcomputer ganz seelen ugewisen. Domat léiche mir jo voll am Schema fir an de Genoss vun der Primm ze kommen.

Komme mir zum Thema Oplueden. De Leaf kënnt mam Typ-2-Wiesselstroum-Uschloss bis 6,6 kW Leeschtung. Dierf awer och un déi Borne déi ganz schëtzeg luet, an natierlech och doheem an der Garage un d’Steckdous.

Dat setzt awer da viraus, dass e ganz vill Zäit huet. Mä een dee sech fir en Elektroauto decidéiert, huet jo op kuerz oder laang senge eege Wallbox am Haus.

Oder ganz kamoud mam Nissan Plugsurfing Jeton. Emol aktivéiert, hält een dee klengen Chip bei d’Borne, a scho kënne Kilowatt getankt ginn.

Ganz entspaant si jo Fuererliefnesser an engem Elektroauto. Ouni Dezibel a Vibratioune rullt een iwwer Land. Mee den Nissan Leaf kann awer och a 7 Sekonne schonn op 100 sinn, a mat bal 160 km/h ass den ausgeräifte japaneschen E-Auto och nach mat dobäi.

D’Leeschtung ass jo direkt disponibel, trotzdeem ass et eng effikass an harmonesch Doséierung bei Acceleratiounen. Och d’Fiederung kritt déi meescht Schlechtegkeeten am Makadamm eliminéiert.

De Cockpit wierkt net méi esou frësch, wéi bei aneren E-Modeller anno 2021. Hei gëtt nach op Schalteren a Knäppercher, a Plaz vu scrollen an touchen um Screen, gesat.

Bannena fält op, dass trotz 4m47 Längt d’Plaz fir Chauffer a Passagéier net enorm ass. Den Auteur vun dësen Zeilen ass mat 1,75 kee Ris, an dach souz ech hanne mat ugewénkelte Knéien, an d’Féiss passen och net ënnert di viischt Sëtzer. An d’Mall par konter passt genuch. D’Kabelen hunn hir Plaz enger Zort Rucksak.

Am Resumé

De Nissan Leaf ass sécherlech net vir näischt de meescht-verkaaften Elektroauto. Mä de Virsprong schmëlzt elo séier, well an tëscht de Choix u méi attraktiven a modernen E-Autoe wiisst.

A punkto Präis louche mir beim Testauto mat der stäerkster Batterie an top-equipéiert bei eppes iwwer 42.000 Euro. Do ass di staatlech Primm nach net ofgerechent, an Nissan mécht bestëmmt do och nach e Geste. Well den Nofollger Modell Ariya zirkuléiert jo schonn op hirer Internetsäit, a léisst net méi laang op sech waarden.