• De PLUS

    • vill Plaz
    • gutt Sëtzer
    • Fuerwierk
  • De MINUS

    • mëttelméissegen Infotainment
    • brummen an déiwen Touren
    • Banneraum net méi zäitgeméiss

Mam Opel Insignia Sportstourer steet e Familljekombi aus Rüsselsheim am Mëttelpunkt.

Opel huet sengem Flaggschëff e Facelift spendéiert, fir den Uschloss un d’Konkurrenz net ze verléieren. Ob dat gelongen ass, huet den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp probéiert erauszefannen.

Automag: Opel Insignia Sports Tourer

2008 huet Opel de Vectra an d'Pensioun geschéckt. D’Flaggschëff vun Opel heescht zanterhier Insignia a probéiert sech géint Konkurrente wéi de VW Passat oder de Ford Mondeo duerchzesetzen. 2017 ass déi zweet Generatioun vum Insignia lancéiert ginn an elo steet de Facelift un.

Gréisste Changementer

Den Insignia ass de leschte Modell, deen Opel nach zesumme mat GM entwéckelt huet. 2017 huet de Groupe PSA Opel iwwerholl an ass domat och fir dëse Facelift responsabel, e Facelift deen dezent – anerer géife soe spuersam – ausgefall ass. Gréisst Changementer sinn déi nei Matrix-LED Luuchten, déi sech aus 84 eenzele Moduler zesummesetzen a méi präzis a méi séier reagéiere solle wéi déi vun der Konkurrenz. Zweete Changement ass den 2.0 Véierzylinder Bensinner mat 200 Päerd. E standesgeméissen Undriff, bei deem sech d’Fro stellt, wisou dësen net scho vill éischter am Insignia ugebuede ginn ass.

Den Design

Facelift heescht an der Reegel, dass bekannt Technik mat e puer neie, lackelegen Optiounen, nei verpaakt gëtt fir den Interessi um Modell erëm opzefrëschen. Opel huet sech zeréckgehalen, den Insignia krut eng nei Front spendéiert, wouduerch en elo erëm e Stéck méi no un déi aktuell Gamme vun Opel réckelt.

Den Interieur

Bannendran gëtt däitlech, dass den Insignia schonn eng Rei Joren um Bockel huet. Changementer ginn et keng: et bleift bei den almoudeschen Instrumenter an dem klengen Touchscreen, op deem e mëttelméissegen Infotainment leeft. Nei ass eng Réckfuerkamera an en Assistent, dee beim hannerzeg ausparken virum Quer-Verkéier hannert dem Auto warnt.

Ofgesinn dovun kann den Interieur awer mat sengem iwwersiichtlechen Tableau de Bord punkten an der Tatsaach, dass vill Funktiounen nach ëmmer hiren eegene Knäppchen hunn. Eppes wat mëttlerweil net méi selbstverständlech ass, mee zum Komfort bäidréit. Genee esou wéi déi bequem Sëtzer an déi generéis Plazverhältnisser op alle 5 Sëtzplazen.

Den Undriff

Nei am Programm ass den 2-Liter Véierzylinder-Bensinner mat enger Leeschtung vun 200 Päerd an engem maximalen Dréimoment vun 350 Nm. A Kombinatioun mat enger 9-Gang Automatikboîte geléngt de Sprint op Tempo 100 a 7,9 Sekonnen. Dat eleng mécht aus dem Familljekombi awer nach keng Sportsmaschinn. D’Automatik probéiert konsequent d’Dréizuel am Keller ze halen. Dat dréckt zwar de Verbrauch, féiert awer och zu engem permanenten Brummen a Vibratiounen. Dobäi kënnt och, dass sech d’Automatik ëmmer fir e Moment sammele muss wann de Chauffer déi riets Pedall e bësse këddelt. Zwar hëlleft et an de Sportmodus ze wiesselen, ma en Update vun Opel kéint de Problem laangfristeg léisen. Fir de Rescht kann den Insignia op der Strooss iwwerzeegen. D’Fuerwierk ass confortabel ausgeluecht, d’Wandgeräischer bleiwen dobaussen a besonnesch op der Autobunn verfléien d’Kilometer hannert dem Steier.

De Präis

Bei de Präisser bleift Opel selbstbewosst. Den Insignia Sports Tourer Ultimate steet mam vun eis getesten 2.0 Turbo an Automatik-Boîte mat 44.400 Euro an der Präislëscht. Mat enger ganzer Partie Optiounen déi engem d’Liewen méi komfortabel oder d’Fueren méi sécher machen, louch de Präis vun eisem Testauto bei 53.400 Euro.