Virun engem Mount gouf en neie Member aus der C5-Famill presentéiert – den C5 X. E soll fir de Summer op de Marché kommen.

D’DS huet am Fong de Grondsteen geluecht – typesch Citroën war eng grouss avantgardistesch Limousine mat engem onverwiesselbaren Design an enger Fiederung, déi am Confort vu kenger Mark iwwertraff gouf. Mat de Modeller CX, XM an och nach C6 gouf dës Traditioun nach laang Jore virugefouert. Elo schéngt mam neien C5 X e wierdegen Nofollger an de Startlächer ze stoen.

Kloer ass och den C5 net vergiess – et war déi lescht Citroën-Limousine déi nach mat hydropneumatescher Suspensioun gebaut gouf, éi, 2018 dann definitiv de Wiessel vum klassesche Sedan zum SUV koum. Wat awer kee wousst: et sollt net beim C5 Aircross bleiwen. Virun engem Mount gouf en neie Member aus der C5-Famill presentéiert – den C5 X.

Hien vertrëtt d’Segment vun de grousse Reeslimousinen - eng Kategorie, déi eigentlech vun den SUV dominéiert gëtt. Dofir gouf beim Design eng Mëschung gewielt; den C5 X inspiréiert sech un der Etude CXperience Concept vum Paräisser Salon vun 2016 a kombinéiert, mat engem grousse Mallendeckel, d’Form vu Berline a Break. Engersäits wéngt der gudder Aerodynamik, anerersäits soll déi grouss Mallen-Ouverture virun allem praktesch sinn. Dem Buschtaf X geschëlt sinn e puer SUV-Elementer wéi déi relativ héich Schëllerlinn, eng vergréissert Buedemfräiheet an imposant 19-Zoll Rieder. Genee wéi beim klenge Brudder C4, un deem den C5 X sech staark inspiréiert, gëtt esou déi beléiften héich Sëtzpositioun erméiglecht. Vum C4 kënnt och d’Luuchtesignatur, déi den neie grousse Citroën nuets onverkennbar maache soll.

Op seng Wuerzele konzentréiert Citroën sech nach emol am Banneraum. Sech wuel fillen ass de Credo, dofir suergen d’Sëtzer aus dem Advanced Comfort-Programm, déi fir de Plus u Confort nach emol extra gepolstert goufen. No der selwechter Philosophie gouf och dem C5 X seng Fiederung entwéckelt. Lächer an de Stroossen, Ralentisseuren oder aner Sënne vum Stroossebau solle beim Fuere komplett ewechgefiltert ginn. D’Plugin-Hybrid-Motorisatioun iwwerhëlt esouguer eng aktiv Versioun déi sech permanent der aktueller Situatioun upasst; entweder komfortabel op laangen Autobunnsetappen oder e bësse méi dréchen an de Kéieren. Confort bréngen am C5 X awer net eleng d’Sëtzer oder d’Fiederung mee och d’Plazoffer. Op 4m80 gëtt hanne wéi vir eng immens grousszügeg Been- a Kappfräiheet versprach. Anengems suerge grouss Fënsterfläche ronderëm souwéi e grousse Glasdaach fir vill Luucht am Banneraum. Eng speziell akustesch Beschichtung vum Glas hält de Kaméidi dobaussen.

Elegant wéi eng Limousine a praktesch wéi ee Break; duerch déi grouss, elektresch ugedriwwen Heckklapp passe 545 bis 1640 Liter. Awer och klengt Gepäck fënnt am Banneraum an onzielegen Oflage seng Plaz.

Dat bescht aus zwou Welte versprécht Citroën mam Undriff. Bekannt aus villen anere Modeller vu Peugeot, DS an Citroën ass de Plugin-Hybrid mat 225 PS. 50 km packt hie reng elektresch, an dat bis zu Vitesse vun 135 km/Stonn. Esou soll am Alldag, z.B. um Wee fir op d’Arbecht, beim Akafen oder mat de Kanner an d’Schoul den C5 X exklusiv elektresch fueren – fir de Weekend oder d’Rees an d’Vakanz iwwerhëlt dann de Verbrenner.

Nei Technologien dierfen natierlech och net feelen. Citroën setzt op een erweiderten Head-Up-Display deen duerch d’viischt Scheif grouss a faarweg projezéiere kann – en éischte Schrëtt a Richtung “Augmented Reality”. Mam C5 X feiert och een neien Infotainment Première; Haaptelement sinn een 12-Zoll Touchscreen an HD-Kalitéit, 4 USB-C-Dousen souwéi d’Méiglechkeet de Smartphone ouni Kabel ze lueden. Zu gudder Lescht komme am Citroën-Flaggschëff och nei Assistenzsystemer. Radare, Kameraen a Sensore loossen den C5 X am Niveau 2 autonom fueren. Engersäits duerch den Highway Driver Assist - en adaptiven Tempomat deen och am Stau fonctionéiert an d’Spuer hale kann -  anerersäits duerch Systemer déi den doudege Wénkel an den Trafic hannert dem Auto iwwerwaachen.

Fir de Summer gëtt den C5 X erwaart, dëst als Bensinner oder Plugin Hybrid.