• De PLUS

    • Motor + Fuerwierk
    • gutt Sëtzer
    • Fuerspaass
  • De MINUS

    • Iwwersiicht
    • spezielle Look

Dass d’Japaner wëssen, wéi een e Kompaktsportler baut, ass jo näischt Neies. Ee Vertrieder vun där Gattung ass den Honda Civic Type R.

Automag: Honda Civic Type R

Den Honda Civic Tpye R gëtt et zanter 1997, woubäi den R fir “Racing” steet. Deementspriechend kloer war och ëmmer, fir wéi eng Clientèle den Auto gebaut gouf. Den éischte Modell gouf just a Japan als Rietslenker ugebueden. Eréischt 2001 koum mam EP3 och en Type R bei eis an Europa, deemools mat engem 2-Liter-Sauger mat 200 PS. Dat ass en Auto, deen elo nees lues awer sécher zimlech gefrot ass, bei de Fans. Gutt Occassioune gi mat bis zu 10.000 Euro gehandelt um Occasiounsmarché.

Deen ale Civic Type R ass also ganz beléift... wéi ass et da mam neiste Modell?

Also bei den Auto-Journalisten ass déi 5. Generatioun vum Type R op alle Fall och beléift, a ville Vergläichstester huet en d'Nues vir bäi. Et muss een allerdéngs zimlech selbstbewosst sinn, wann ee mat engem aktuellen Type R ënnerwee wëll sinn. Well wat Spoileren ugeet, fält mer grad keen aneren Auto an, dee méi dovunner um Seriemodell verbaut huet. Et weess ee guer net, wouhin ee soll kucken, bei sou vill Aero-Package. An dobäi hate mir d’Sport-Line-Ausféierung, déi en Tick méi dezent ausfält... fir genee ze sinn, ass den hënneschte Spoiler eng Etage méi niddereg. Dat war et dann awer och scho mam Thema “dezent”, wat d’Baussekarosserie ugeet.

Geet et da bannen esou “sportlech” weider?

Jo op alle Fall... ugefaange bei de Schuelesëtzer am Alcantara, déi passe wéi ugegoss... e Steierrad, komplett am Alcantara iwwerzunn... Carbon-Elementer... eng knackeg 6-Gang-Boite... a wa mer scho bei där Boite sinn, déi ass dann och elo gekoppelt un en neie Rev-Match-System. Dat heescht beim Zeréckschalte gëtt en automatesch Tëschegas, fir d’Dréizuel perfekt unzepassen. Dat mécht definitiv Laun.

Déi Laun gëtt dann nach besser, wann een den 2 Liter VTEC-Motor richteg schaffe léisst... deen elo iwweregens via Turbo zwangsbeootemt gëtt. Dobäi kommen 320 PS a 400 Nm eraus. Via verschidde Fuermodi, kann ee méi brav, oder méi en aggressive Setup vu Fuerwiek a Motorcharateristik auswielen. A Verbindung mat de Michelin Pilot Sport 4S-Pneuen, ass een dacks nawell zimmlech schëtzeg ënnerwee... ouni dass den Auto och nëmmen usazweis u seng Limitte kënnt. Et heescht de Gasfouss ënner Kontroll ze halen, soss ass een de Führerschäi méi séier lass, wéi ee mengt.

Kann en dann och nach anescht, wéi just sportlech?

Jo op alle Fall... ech war z.B. positiv iwwerrascht vun der Mall, déi nawell zimlech grouss ausfält, 420 Liter normal, an 786 Liter wann d’Réckbänk ëmgeklappt ass. Praktesch ass och, dass et e 5-Dierer ass. Net ganz alldagstauglech ass allerdéngs d’Iwwersiicht am Auto. Wann ee bei en Trottoir bäifiert, muss een z.B. oppassen, dass ee sech de Frontsplitter net futti fiert. Do brauch een da schonn d'Parksensore mat 360 Grad-Ëmsiicht.

Wéi gesäit et dann aus mam Verbrauch... a mam Präis?

Fänke mer mam Verbrauch un... uginn sinn 8,4 Liter. Déi Moyenne kann een tatsächlech och fueren, wann ee ganz brav fiert... ma net wann een den Auto just puer Deeg huet. Ech loung bei knapps ënner 10 Liter.

Präislech geet et lass bei knapp ënner 43.000 Euro. Jee no zousätzlechem Package kënnt do awer nach deen een oder aneren Dausender dobäi.