• De PLUS

    • verspillten Design
    • realistesch Ugaben zu Autonomie a Verbrauch
    • gutt Stroosselag
  • De MINUS

    • däischtere Banneraum
    • héich Luedkant vun der Mall
    • Plaz an der 2. Rei limitéiert

Jeep steet fir Offroad tauglech an net onbedéngt spuersam Gefierer. Abee, daat kéint sech elo mam Jeep Renegade änneren.

Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp huet sech mam neisten Undriff ënnert dem Capot vum Kompakt-SUV auserneegesat.

Automag: Jeep Renegade 4Xe

2014 huet den Hiersteller mat den amerikanesche Wuerzelen seng Fans eng éischte Kéier mam Kompakt-SUV Renegade iwwerrascht. A ronn 7 Joer méi spéit ass de Klengsten aus der Gamme fir eng zweet Iwwerraschung gutt: mam Renegade fänkt bei Jeep d’Zäitalter vum Plug-In Hybrid Undriff un.

Missioun

4Xe heescht d’Zauberformel, déi Jeep technesch fit fir d’Zukunft maache soll an den CO2-Ausstouss vun der Gamme reduzéiere soll. An dat kënnt net vun ongeféier: dem Paräisser Klima-Ofkommes no dierfen nei Autoen, déi an der EU verkaaft ginn, nach maximal 95 Gramm CO2 um Kilometer ausstoussen. Fir Plug-In Hybrid Modeller läit d’Grenz nach méi niddreg, allerdéngs ziele si an de Berechnungen duebel, wat sech positiv op déi ganz Gamme auswierkt. Den Interessi fir méiglechst vill Plug-In Hybrid Modeller ze verkafen, schount also net just d’Ëmwelt, mä och d’Finanze vum Hiersteller.

Den Design

"Never change a winning team" heescht et. Beim Renegade huet dës Expressioun den Design bestëmmt. Ännerunge gouf et keng, an dat war och net néideg. Zanter sengem Lancement 2014 huet de verspillte Kompakt-SUV kee Stëbs ugesat. Als 4Xe-Modell hieft de Renegade sech just duerch verschidde blo hannerluechten Jeep-Logoen um Capot an um Mallen-Deckel of, wat een awer eréischt op den zweete Bléck erkennt. Fir de Rescht deit näischt dorop hin, dass d’Päerd ënnert dem Capot net just mat Bensin gefiddert ginn. Bannendra beamen digital Instrumenter, en Infotainment-System mat Online-Servicer an aktuell Assistenz-Systemer de Renegade an d’Joer 2021.

Den Undriff

Jeep setzt bei sengem Plug-In Hybrid op zwee getrennten Undriffer. Ënnert dem Capot sëtzt en 1,3 Véierzylinder-Turbobensinner mat 130 oder 180 Päerd. Dobäi kënnt un der hënneschter Achs e 60 kW (40 PS) staarken Elektromotor. Ënnert dem Stréch suergt dat net just fir eng Systemleeschtung vun 190 oder 240 Päerd, mä och fir den Allradundriff, wann et drop ukënnt. Dobäi ass de System esou einfach wéi genial: erkennt d’Elektronik, dass et u Gripp feelt, gëtt de Verbrenner parallel zum Elektromotor geschalt. E permanenten Allradundriff bitt Jeep am Renegade net méi un. Allerdéngs kann de Chauffeur de Fuerprogramm selwer auswielen an domat den Allrad aktivéieren.

Déi meescht Renegade wäerten awer um Makadamm beweegt ginn, an do gëtt Jeep eng reng elektresch Autonomie vu 50 Kilometer un. An der Praxis ass d’Energie aus der 11,4 kWh grousser Batterie no ronn 40 Kilometer opgebraucht. Wien d’Batterie disziplinéiert luet a virun allem op kuerze Strecken ënnerwee ass, ka ganz ouni Bensin auskommen. Ass d’Batterie awer bis platt, muss ee mat engem Verbrauch vu knapp 6 Liter op 100 Kilometer rechnen. Jeep rechent ënner ideale Konditiounen e Verbrauch vun knapp ënner 2 Liter vir. Mir loungen am Test entweder drënner oder wäit driwwer.

Op der Strooss

An der Praxis ass den Jeep Renegade als 4Xe Versioun erfreelech onopfälleg. 7,4 Sekonnen dauert de Sprint op Tempo 100, bis Autobunnsvitesse kann ee reng elektresch Ënnerwee sinn, a wa sech Elektroundriff a Bensinner ofwiesselen, kritt een dat als Chauffeur net mat. D’Gewiicht vun ëmmerhi bal 1,8 Tonnen suergt fir eng uerdentlech Stroosselag an d‘Recuperatioun erlaabt et, fir de gréissten Deel vun der Zäit op d’Bremspedal ze verzichten.

Fazit

Beim Renegade mécht Jeep villes richteg a setzt d’Wäiche fir d’Zukunft. Nieft dem verspillten Design, kann de klengste Jeep mat engem interessanten Allrad-Konzept iwwerzeegen. En anere Choix iwwerléisst Jeep de Renegade-Keefer ewell och net méi: just de Plug-In Undriff gëtt als 4x4 Undriff ugebueden, woubäi mer beim Präis wieren: 36.500 Euro kascht den Entrées-Ticket an d’Plug-In Hybrid-Welt bei Jeep, fir d‘190 Päerd Versioun aus eisem Testauto.