• De PLUS

    • gutt equipéiert
    • chic
  • De MINUS

    • kee Schnellluede méiglech
    • Plastik am Interieur

De Renault Twingo, dee kenne mir. Di éischt Generatioun koum 1992 op d’Strooss. Mëttlerweil si mir an der Drëtter.

An och déi koum schonn vir gutt 6 Joer an de Showroom. Elo dann endlech, déi dacks annoncéiert, ZE Zero Emission Versioun.

Renault huet Erfarung mat Elektroautoen. De ZOE ass ewell en Evergreen. Beim Modell Twingo gouf eigentlech scho bei der Entwécklung iwwer E-Power nogeduecht. An der Top Versioun "Vibes" stoung e vrun eis. Also an der Noperschaft war dee Klengen gläich acceptéiert. Daum no uewen. Chic Chic, oder deen ass awer léif, war ze verlauschteren.

Whoah dee klenge Sprengerlek huet Navi, Sëtzheizung, Park Sensoren a Réckfuerkamera, an Tempomat u Bord. A mam elektresche Stoffverdeck gëtt et en Hauch Cabrio a Sonnestralen am Interieur. De schwaarz / wäissen Interieur, opgepeppt mat engem Touch Orange, wierkt frëndlech. De Plastik, wéi esou oft an där Kategorie, dach ganz haart.

Renault versprécht mam Twingo E-Tech Electric 190 Kilometer wäit ze kommen.

188 ginn der beim Depart annoncéiert. Geet also och duer fir emol en Tierchen iwwer Land ze maachen. D’Batterie huet 21,4kw/h Kapazitéit. Klengt no net vill, mee den Twingo bréngt jo och net esou vill Kiloen op d‘Wo. Do ginn déi 80 PS dann duer, well obwuel den Twingo 4 Dieren huet, ass e seelen mat vill Passagéier ënnerwee.

Deen, deen hanne sëtzt, ass nëmmen op kuerze Strecken zefridden. Kloer bei 3m60 si keng Plazwonner ze erwaarden.

An d’Mall passen 200 Liter mat Aussicht op 1.000 wann d’Sëtz-Rei ëmgeluecht gëtt. Dat ass net vu Muttwëll, well d’Kabele fir opzelueden leien och do.

Mee, grad bei klengen Autoen, déi jo dann éischter op kuerzen Trajete genotzt ginn, maachen Elektrogefierer méi Sënn. Obwuel Renault de Bensinner nach net aus dem Programm gestrach huet.

Wéi bei Elektroautoen üblech, hänkt d’Autonomie vill vum rietse Fouss of, a wéi effizient een ënnerwee ass.

Op alle Fall vun 0 op 50 ass e mat vir bäi, an bei 135 gëtt de Limiteur declenchéiert. Mee dat geet masseg duer, well op der Autobunn schmëlzt di Autonomie wéi Botter an der Sonn.

Domat wiere mir dann och scho beim Thema Recharge. Kloer bei knapp 22 kw do kann ee sech souguer virstellen un der klassescher Steckdous iwwer Nuecht ze lueden. Eng Wallbox erleedegt dat dann an 2 Stonnen. Déi mëttlerweil och gängeg CCS-Statiounen, fir ganz séier a mat vill Leeschtung opzelueden, brauch dir net unzesteieren. Dofir ass den Twingo ZE net ausgeluecht. Dat ka seng Schwëster ZOE besser.

Op der Strooss mierkt e wéi agreabel a vibratiounfräi sech de klengen Elektro-Fransous, am Verglach zum 3 Zylinder Bensinner, beweege léisst. Automatik an e klitzeklengen Wendekrees droen hiert nach dozou bäi, dass den Twingo an där Konstellatioun richteg Spaass ka maachen. En niddrege Schwéierpunkt, duerch d’Positioun vun de Batterien, esou läit den Auto sat op der Strooss. Traction arrière och beim Twingo ZE.

Am Resumé léisst sech festhalen, dass den Twingo en agreabele Partner am Alldag ka sinn, wa keng gréisser Distanze mussen absolvéiert ginn. Fir en Zero Emission Twingo sinn op d'mannst 20.000 Euro fälleg, den Testauto an der Vibes Versioun koum mat Optiounen op 25.000 Euro, dat virun der Primm vum Staat, déi jo och nach dran ass. Vu de Verbrauch vun tëscht 12 an 13 Kilowatt misst déi jo dra sinn.