• De PLUS

    • Interieur
    • Plazeverhältnisser
  • De MINUS

    • Gewiicht
    • Oppräisser

Als eng vun deene leschte Marken aus dem VW-Konzern, kritt dann elo och Skoda hiren éischten als reng elektreschen Auto entwéckelte Modell an d’Gamme.

Den Enyaq i.V. ass gläichzäiteg och ee grousse Schratt an d’Zukunft vun der tschechescher Autosmark. Wat den Enyaq alles ze bidden huet, dat huet fir eis de Paul Origer op der Presentatioun zu Lëtzebuerg erausfonnt.

Automag: Skoda Enyaq i.V.

MEB – dës dräi Buschtawe stinn an der grousser VW-Famill fir d’Elektromobilitéit an esou fir all dat, wat nach komme soll. De lescht virgestallte VW ID4 baut dorobber op, genee wéi deemnächst och deen neie vollelektresche Seat El-Born. Elo ass Skoda mam Enyaq iV um Tour.

Den Design

Skoda huet scho laang eng glécklech Hand wat den Design ugeet. En plus war et fir d’Tschechen eng Erausfuerderung fir aus der Mass vun der SUV’s erauszestiechen. Jo, dir hutt richteg héieren, och den Enyaq ass nees ee Crossover. Mat 4m65 ass hien awer e Stéck méi kuerz wéi de Kodiaq an ausserdeem och 4 cm méi flaach. De Baussendesign passt natierlech perfekt an d’Famill. Net feelen dierfen déi zackeg Falen am Blech an déi betounte Käilform. En Highlight vum Enyaq gëtt awer virun allem de markentypesche Grill, dee beim E-SUV esouguer beliicht an – typesch Béihmen – am Kristalldesign ze kréien ass.

Den Interieur

Luxuriéis Banneraim, elo mol vun der Versioun Laurin & Klement ofgesinn, spille bei Skoda éischter keng Roll. Präiswäert, praktesch an einfach ze bedénge sollten hir Autoe sinn. Dat ass beim Enyaq anescht. Nieft enger wierklech elegant gestyltener Bannenariichtung kommen héichwäerteg an an opulenter Mooss agesate Matièren. Déi nei Elektro-Plattform schaaft dann och déi néideg Plaz fir d’Passagéier. E schéine glate Buedem a Raum fir jiddereen, esou ass och zu méi d’Reesen am Enyaq kee Problem.

Den Undriff

Hei ass d’Palett grouss: hannen oder allradgedriwwen, 3 verschidde Batteriegréissten a 5 Motorleeschtunge vun 109 bis 225 kW sinn op der neier MEB-Plattform méiglech. Esouguer eng RS-Topversioun ass geplangt. Wéi wäit ee mam Enyaq fuere kann, hänkt vun der Versioun of. Tëscht 340 a 510 km ginn, no WLTP-Norm versprach. A fir dass d’Kierch am Duerf bleift, gëtt ausser bei der RS-Versioun bei 160 km/Stonn ofgerigelt. Wéi een nees opluede kann, ass natierlech och een Thema. Hei ka mat maximal 125 kW geluede ginn, an der Praxis heescht dat vu 5 op 80 % an 38 Minutte, natierlech nëmme bei ideale Konditiounen. Huet een doheem eng Wallbox, dann dauert et wéi bei der Konkurrenz méi laang... mat 11 kW dauert et 6 bis 8 Stonnen.

Op der Strooss

Fir vill Kilometere mam neien Enyaq ze maache blouf leider net vill Zäit. Den éischten Androck ass dofir typesch Elektro-Auto: super roueg an dréihmomentstaark ass dee grousse SUV ënnerwee. Eng ganz Panoplie vun Assistenzsystemer a Fuerhëllefe suergen natierlech fir héich Sécherheet, sollen awer och de Stroumverbrauch a Moossen halen, beschtefalls an der Moyenne vun deene versprachene 15 kW-Stonnen wat dem Elektro-Skoda d’Primm vun 8.000 Euro assuréiert. Normal gefuer sinn et awer, wéi esou dacks, e puer kW méi, nämlech 22. Bei iwwer 2 Tonne Gewiicht an engem relativ héijen Opbau kann och Skoda keng Wonner bewierken. De Choix fir déi hënnescht Achs unzedreiwen ass natierlech zu Gonschte vum Fuerverhalen, trotzdeem gëtt beim Enyaq vir de Raum ënnert dem Capot fir Technik gebraucht.

D’Präisser

Skoda stoung bis ewell ëmmer fir eng Top Präis-Leeschtungs-Relatioun. Am Verglach mat der Konkurrenz steet den Enyaq och emol net esou schlecht do. Bei 34.000 Euro geet et un, allerdéngs mat knapp 150 PS an 340 km Autonomie. Eis Testversioun mat 510 km schléit mat ronn 44.000 Euro zu Buch an dann eréischt kommen d’Optiounen. Well alles wat um Enyaq nei a flott ass, kascht Supplement. Esou dat mol séier, wéi am Fall vun eisen Testautoen, 50.000 Euro iwwerschratt sinn.