• De PLUS

    • Plaz
    • Interieur
    • Fuerverhalen
  • De MINUS

    • Präis
    • 4-Zylinder ze schwaach

En neie Logo, en neie Slogan, an elo brëllt de Léiw méi haart. Gemengt ass hei de Léiw vu Peugeot.

Peugeot Sport Egineered, huet beim Modell 508 d’Krallen elo geschäerft. Eraus koum de 508 PSE. De Christian Schmit war fir eis op der Presentatioun, an dat an der Belsch zu Nivelles.

Automag: Peugeot 508 SW PSE

Do ass den Importateur vu Peugeot BELUX doheem. Mir hunn dierfen dobäi sinn, wou Peugeot säi stäerkste jee gebaute Modell virgestallt huet. Ze erkennen u Lamellen, déi ze schwiewe schéngen, den Neonfaarwegen dräi Sträifen, déi d’Kralle vum Léiw solle symboliséieren, an 20 Zoll Rieder.

GTI ass passé, elo heescht et PSE wa méi Power gefrot ass. An dësem Fall e Bensinner, dee vu gläich zwéin Elektromotoren assistéiert gëtt.

Den Undriff

Do wier emol de bekannten 1600er 4-Zylinder Turbo Bensinner mat 200 PS. De Plug-In Hybrid huet awer och nach en Elektromotor, deen am Geheis vun der 8-Gang-Automatik Plaz fënnt + den E-Motor un der hënneschter Achs, deen 83kw leescht. Di berüümt System-Leeschtung läit esou bei 360 PS.

D’Lithium Ione Batterie passt mat engem intelligente Packaging ënnert di hënnescht Sëtzrei. Sou bleift de Volume an der Mall erhalen. Dat ass bei Plug-In Hybrid nach laang net ëmmer esou.

Sportlech an der DNA vu Peugeot, mat all deene Rallyen, déi gewonne goufen, wëll een dat duerchaus gleewen. An esou sinn d’Fuerleeschtungen dach impressionant, fir en iwwer 1900 Kilo schwéieren Auto. 5 Sekonne fir op 100, der just 3 fir de Sprint vun 80 op 120, 520 Nm Dréihmoment an 250km/h.

De 508 PSE, deen als Limousine a Sport Wagon ze kréien ass, léisst sech am Modus Electric, Confort, Hybrid, Sport a 4 X 4 beweegen.

Ouni Dezibel setze mir eis a Beweegung. Dat ass och beim PSE de Fall. Wann de Bensinner sech bäischalt, ass dovun net vill ze verlauschteren. Eréischt wann de Sportmodus aktivéiert gëtt, dann ännere sech Kennfeld vu Lenkung, Boîte a Gaspedall. De Motorsound gëtt méi rau an di adaptiv Fiederung positionéiert sech och nei. Och wann d’Batterie eidel ass, kann een nawell, wa gebraucht, op 4X4 Traktioun zielen. D’Bremse sinn och entspriechend adaptéiert ginn, fir dass dat Temperament och nees mat Zäiten un d’Stoe kënnt.

An da guidéiert de Navi eis op de Circuit. Fir ze weise wat an esou engem PSE stécht, war dee vu Mettet bei Namur reservéiert ginn. Mam Jean-Louis Vanclooster vun der Driving Academy hate mir en erfuerenen Instrukter nieft eis. Déi puer Ronnen hunn op alle Fall Spaass gemaach. Gutt gebrëllt Peugeot’s Léiw.

An dann um normale Stroosse Reseau schnurrt de 508 wéi eng Kaz. Well do teste mir da nach op di 42 km reng elektresch tatsächlech dra sinn. Dir kënnt iech et denken, trotz zeréckhalendem rietse Fouss a Recuperatioun, leider net.

Mir stellen awer fest dass dass de 508 PSE gutt ausbalancéiert ass, an trotz 20 Zoll Pneuen d’Suspensioun net knëppel haart ausgeluecht ass.

Den Interieur

Bannenan ass et de gewinnten, dach futuristesche Look vum Tableau de bord. Héichwäerteg, a brauch de Verglach mat der Konkurrenz aus der ieweschter Mëttelklass net ze fäerten. Och den Ekipement vun Haus aus, ouni Oppräis, léisst sech weisen. Lieder / Alcantara-Fautelen mat Massage-Funktioun, Focal-Soundsystem, en Navigatiounssystem, deen net méi grad um leschte Stand ass, an Night Vision. Do ginn Obstakelen, oder Mënsch an Déier och an der Nuecht mat Zäit erkannt. Tip top.

Am Resumé:

Peugeot Sport Engineered huet mat vill E-Power dee stäerkste Léiw mat top Fuerleeschtungen op d’Rieder gesat. Mee de 1600er wierkt zäitweis dach ugestrengt, an och all di Spoileren maache nawell keen Topathlet aus him. Mat iwwer 68.000 Euro och kee Cadeau.