• De PLUS

    • Design
    • Interieur
  • De MINUS

    • Motoriséierung vum Testauto
    • liicht Ondichtegkeet un hënneschter Dier

D'Italiener si bekannt dofir, besonnesch emotionell Autoen ze bauen. Ob dat beim Giulia och de Fall ass, huet den Andy Brücker getest.

Beim Giulia, dee mer ënnert d'Lupp huele konnten, handelt et sech ëm e Facelift-Modell. Eng Iwweraarbechtung gouf et virun allem am Interieur bei de verschaffte Materialien, grad ewéi bei den Assistenzsystemer an och beim Infotainment mam Touchscreen.

Bei den Assistenzsystemer ass Alfa Romeo elo eng Kollaboratioun mat Bosch agaangen, an am Verglach mam Virgänger ginn et elo Spuerhalteassistent, doudege-Wénkel-Warner, aktiv Vitess-Reegelung mat Stop-and-Go am Stau, souwéi Verkéierszeechenerkennung a Middegkeetswarner.  Beim Navi schafft een elo zesumme mat TomTom, an ech menge jidderee weess, dass déi wësse wéi en Navi funktionéiere soll. Deemno ginn et op deene Punkte kloer Verbesserungen. Wärend der Zäit wou ech den Giulia am Test hat, huet souwäit och alles funktionéiert, wat d'Elektronik an den Infotainment ugeet, wat jo net ëmmer de Fall war bei Alfa an der Vergaangenheet, wann een allgemeng esou op d'Feedbacke lauschtert. Ech konnt mech do op alle Fall net beschwéieren.

D'Iwwersiicht um 8,8 Zoll groussen Ecran an der Mëttelkonsol gouf dann och iwwerschafft. Mëttlerweil ass et wéi gesot elo mat Touchscreen an d'Grafike goufen och verbessert. Et kann ee sech hei säin Ecran individuell zesummesetzen, mat deenen Informatiounen, déi ee fir sech als am wichtegsten befënnt.

Positiv iwwerrascht war ech vun de Materialien am Interieur... vill Lieder an an och Holzapplikatiounen. Awer net sou Holz wéi een et vu fréier kennt. Hei a Alfa gesäit et wierklech gutt aus an et fillt sech och gutt un. Wéi de Look vum Holz no e puer Méint oder Joer ausgesäit oder ob déi Elementer ufälleg si fir Téitschen z.B. konnt ech an där kuerzer Zäit awer net erausfannen. Schéin war z.B. den Tableau de Bord am däischtere Lieder, mat enger heller duebeler Nout zesummegehalen. Dat Designelement gouf dann och fléissend mat eriwwergeholl op d'Dierpanneauen, souwuel vir wéi och hannen. Fir de Recht huet en hellbeigen Toun den Interieur dominéiert, eng Faarf déi ech mir elo net erausgesicht hätt, ma et huet awer mat der däischtergrénger Karosserie an dem Recht vum Banneraum harmonéiert.

D'Liedersëtzer ware ganz bequem an hunn invitéiert och emol méi laang Strecke mam Giulia ze fueren. D'Lenkung ass präzis an d'Fiederung net ze straff. Wat engem allerdéngs e bëssen de Fuerspaass geholl huet, war de Motor. An eisem Testauto war en 2.2 Liter Diesel mat 136 verbaut... dat ass e Motor, deen ee mol net zu Lëtzebuerg bestelle kéint, och wann een en onbedéngt wollt hunn. Wat se sech dobäi geduecht hunn, wéi se e Presseauto mat där Motoriséierung ugemellt hunn, bleift wuel den Italiener hiert Geheimnis. A mengen Aen hu se sech domat op alle Fall kee Gefale gemaach. Den Auto bitt sou vill Reserven an allen Hisiichten, ma de Motor war einfach komplett ënnerdimensionéiert. Bestelle kann een als klengsten Diesel eng 160 PS-Variant, wat schonn éischter Sënn mécht. Da ginn et awer och nach Variante mat 190 oder 210 PS. Am Bensinner huet een de Choix tëscht engem 2 Liter mat 200 PS oder 280 PS.

Fir déi méi sportlech ambitionéiert Chauffere gëtt et selbstverständlech och nach eppes... entweder de Quadrifoglio mat engem 510 PS staarke V6. Oder weem dat nach net duergeet, dee ka sech de GTA bestelle mat 540 PS, oder souguer de GTAm, deen optesch nach méi op Racing ausgeluecht ass, och mat 540 PS. Ma do muss een dann awer schonn 175.000 Euro op den Dësch leeën.

Wa mer da scho bei de Präisser sinn... wéi gesot den 136 PS Diesel dee mir gefuer sinn, kritt ee weder hei nach bei de belsche Kolleegen ze kafen. Lass geet et bei eis bei 34.230 Euro fir den 1 Liter Bensinner mat 200 PS.

Eise Modell war an der TI-Ausstattung ausgeliwwert ginn a koum mam Toit ouvrant, der méi grousser Brems, de Schaltpaddels, der Metallicfaarf an den 19 Zoll Alufelgen op 47.428 Euro.

Bis Enn Mäerz dëst Joer mat goufen zu Lëtzebuerg 25 Alfa Romeo Giulia ugemellt. Domat läit een op enger Linn mat z.B. dem Ford Ecosport, dem Hyundai i30N oder dem VW ID.3 mat 150kw.

Den Design gefält op alle Fall an e wäert och sécherlech nach weider Fans fir sech begeeschtere kënnen.