• De PLUS

    • frëschen Design
    • roueg am Banneraum
    • innovativ Assistenzsystemer
  • De MINUS

    • Commande vum Infotainment

Et gëtt kaum en Hiersteller, dee keen SUV am Programm huet, an entspriechend grouss ass d’Konkurrenz.

Mat engem Facelift soll den Audi Q5 och déi nächst Joren an der éischter Liga matspillen. Wat sech geännert huet, weess den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp.

Automag: Audi Q5 Facelift

Vu Q2 bis Q8 – d’Gamme u méi oder manner groussen SUV-Modeller ass bei Audi net just komplett, mee och erfollegräich. A fir dass dat esou bleift, huet déi 2017 lancéiert zweet Generatioun vum Audi Q5 elo en éischte Facelift kritt.

Den Design

Facelift klengt no Schéinheetschirurgie, a jo, d’Designer hunn et gutt gemengt. D’Front gouf komplett iwwerschafft, d’Loftaläss sinn e gutt Stéck gewuess an de Single-Frame-Grill wierkt méi breet. Hannen gouf den Diffusor iwwerschafft a mat OLED-Réckluuchten eng nei Optioun agefouert. Esou léisst sech elo d’Liicht-Signatur vun de Réckluuchte bei der Commande auswielen. Alles an allem gesäit de Q5 däitlech méi frësch aus, a wien net an der Matière ass, kéint dovun ausgoen, dass en eng nei Generatioun vum Q5 viru sech huet. Dat heescht awer och, dass de bis elo aktuelle Q5 am direkte Vergläich zimmlech al ausgesäit.

Navi an Infotainment

MIB 3 heescht déi aktuellst Versioun déi am „modularen Infotainmentbaukasten“ ze fannen ass an 10 mol esou vill Rechepower huet, wéi de Virgänger. Den 10,1 Zoll groussen zentralen Touchscreen ass Serie, de volldigitale Cockpit bleift als „Virtual Cockpit Plus“ eng Optioun. Eisen Testauto war domat equipéiert, an ech géif mol behaapten de Verzicht op de ronn 400 Euro deiere Supplement wier um falschen Enn gespuert. A wou mer schonn dobäi sinn…

Dat nervt

Mat der neister Generatioun vum Infotainment-System schéckt Audi den Dréi-Dréck-Schalter op der Mëttelkonsol an d’Pensioun. An der Praxis huet mer déi einfach Méiglechkeet fir duerch de Menü ze bliederen oder tëscht de Funktiounen ze sprangen allkéiers op en neits gefeelt. Elo bleift just nach de Wee iwwert den Touchscreen, wat mech beim Fueren oflenkt, d’Sproochsteierung déi all Gespréich mam Bäifuerer ënnerbrécht oder eng Steierung mat Gesten, woubäi och déi mol méi, mol manner gutt klappt. Schued.

Den Undriff

Ënnert dem Capot vun eisem Testauto huet sech dës Kéier scho bal e klasseschen Undriff verstoppt, an zwar en 2.0 Véierzylinder-Diesel mat 204 Päerd. Bon, ganz klassesch och erëm net. Duerch säi Starter-Generator, deen de Motor beim Ufueren op Toure bréngt, fält den Q5 40 TDI Quattro an d’Kategorie vum Mild-Hybrid. Fir d’Frënn vum Verbrenner eng kleng Entwarnung: reng elektresch kann de Q5 domat net fueren, an och d’Oplueden fält ewech. Déi zousätzlech Technik schafft esou diskret, dass een näischt dovu matkritt an hëlleft gläichzäiteg Diesel ze spueren: 0,3 Liter rechent Audi vir. An der Praxis louch de Verbrauch, ofhängeg vum Verkéier, tëscht 6,5 a 7 Liter.

Op der Strooss

Als SUV aus dem Premium-Segment gëtt de Q5 den Erwaardunge gerecht. De Motor leeft ewéi eng Auer, onopgereegt, diskret an huet mat 204 Päerd genuch Leeschtung wann et drop ukënnt. Ëmmerhin packt den SUV de Sprint vun 0 op 100 a 7,6 Sekonnen. Bannendran bleift et zu all Moment agreabel roueg, wuel och well d’Sounddesigner dem Q5 kee forcéiert sportleche Klang verpasst hunn.

Ëmmer méi performant gëtt och d’Vernetzung vun den Assistenzsystemer: esou erkennt de Q5 net just d’Schëlder a versteet wat de Chauffeur bei sengem Gefummels um Tempomat wëlles ass, mee se bremsen den Auto och viru schaarfe Kéieren of an acceleréieren duerno erëm, ouni dass een agräife muss. Dat klappt an der Reegel ganz gutt. Mir ass et awer och virkoum, dass den onsiichtbaren Assistent den Anker virun engem Autobunnstunnel geheit huet an zolidd vun 130 op 90 ofgebremst huet. Domat hat weder ech, nach den Automobilist hannert mir gerechent.

De Präis

E groussen Auto, e Premium Hiersteller a vill High-Tech: wien 1 an 1 zesummenzielt, weess, dass de Q5 kee Kaddo ass. De Basispräis vun eisem Testauto mam 204 Päerd Diesel, Quattro-Undriff, S-tronic an S-Line Ausféierung läit bei 51.400 Euro. Dobäi wäert awer wuel an de seelenste Fäll bleiwen.