• De PLUS

    • Design
    • Confort
    • Veraarbechtung
    • Autonomie
  • De MINUS

    • Iwwersiicht
    • Touchscreen
    • Wéineg Gripp bei dynameschem Fuerstil

Mam DS3 huet alles ugefaangen. Deen nobele Cousin vum deemolegen Citroën C3 war deen éischte Schrëtt an d’Richtung vun enger eegestänneger Marque.

Deen aktuellen DS3 lauschtert op de Bäinumm Crossback a stoung an der Elektroversioun E-tense dem Paul Origer fir een Alldagstest zur Verfügung.

Automag: DS3 Crossback E-Tense

Och d’PSA-Nobelmark DS huet missen d’Konzept vum klenge schnëttegen 3-Dierer opginn an dem Trend zum klengen SUV follegen. Den DS3 Crossback ass awer keen x-belibegen SUV, mä hieft sech agreabel vun der Konkurrenz of.

Den Design

Premium verkeeft sech gutt an dat ass natierlech och d’Vocatioun vum DS3. Beim Plattformbrudder vun Opel Corsa a Peugeot 208 hunn d’Designer dat mol guer net esou schlecht hikritt. Resultat ass nämlech ee klengen, muskulösen SUV mat deenen typeschen DS-Attributer: e puer markant Falen am Blech, déi dominant Kalander mat de Pharen an LED-Technik, e puer Chromelementer an natierlech déi typesch Haifëschfloss, déi beim Crossback an den hënneschten Dieren integréiert ass. Donieft kann de Client ënnerschiddlech Faarwe fir Daach a Karosserie esou wéi eng Hellewull u Felgendesigns auswielen.

Den Interieur

Hei geet et mat der Personalisatioun virun. Jee no Equipementslinn kënnt den DS3 Crossback mat Stoff, Lieder oder Alcantara an deene verschiddenste Fuerfkombinatiounen. Ausserdeem weist den Interieur vill Léift zum Detail a besonnesch enger geometrescher Form: d’Madame Merkel hätt hei hir gelleg Freed, wëll d’Thema vun der Raut ass am DS3 omnipresent. Ouni dass et verspillt ausgesäit, am Géigendeel. D’Veraarbechtung an den Design verdéngen egal wéi de Premium-Sigel – do gëtt et bei der Konkurrenz net villes, wat d’Waasser reeche kann.

De Confort

Och wa Fans vun der legendärer DS de Verglach refuséieren, den nobele klengen SUV huet méi vun der Göttin a senge Gene wéi ee mengt. Am Confortkapitel kritt den DS3 op jiddwer Fall voll Punktzuel: dat geet lass beim richteg flott gemaachte Banneraum, den exzellente Sëtzer, der wierklech grousszügeger Plazoffer vir, dem zimmlech kompletten Equipement an den immens nidderege Fuergeräischer. Näischt deit drop hin, datt een am Fong an engem klengen Auto fiert – am DS3 sëtzt ee gefillt eng Klass besser wéi bei der Konkurrenz. Dat ass och de Fall fir d’Fiederung. Zwar gëtt och hei net op déi obligatoresch grouss 18-Zöller verzicht, trotzdeem fiedert de franséische SUV gekonnt de Gros vun de Sënnen am Stroossebau ewech. Respekt!

Op der Strooss

Mat der neier Plattform koum dann och den Elektroundriff bei DS. Eisen Testauto war den E-Tense mam selwechten Aggregat wéi bei de Peugeot Bridder e-208, e-2008 an dem Corsa e. An ech hu misse feststellen, den DS3 léisst een och an der E-Versioun näischt vermëssen. 320 km Autonomie gi versprach - déi waren am Alldag effektiv och do a gounge gutt duer, d’Luede war relativ séier, wa gewënscht och per CCS. Déi 136 PS an 260 Nm ware just heiansdo bei Iwwerhuelmanöver Limitt. De knapp 1.500 Kilo schwéieren DS3 Crossback E-Tense goung awer soss ëmmer gutt virun. An trotzdeem loung de Stroumverbrauch, trotz zackegem Fuerstil, erstaunlech no bei der Wierksdonnée vu ronn 16 kWh. Dat kléngt alles gutt, mä kléng Bemöll ginn et awer. D’Iwwersiicht leit zemools säitlech un deenen eropgezunnenen Haifëschflossen, den Touchscreen an d’Sensortaste reagéieren net ëmmer op den éischte Knappdrock an déi relativ mëll Fiederung, esou wéi déi viischt gedriwwe Rieder komme bei dynamescher Faart emol gär un hir Limitten. All dat ass awer Kritik op héijem Niveau, well am Alldag war den DS3 bis elo ee vun deene beschten E-Autoen, déi ech fueren duerft.

D’Präisser

Jo, Elektro, Premium a Prestige sinn deier. Als E-Tense start den DS3 Crossback eréischt bei ronn 37.000 Euro. Allerdéngs kritt ee fir seng Sue ee villsäitegen, gutt notzbaren a virun allem mat Léift zum Detail gemaachten Auto, dee bestëmmt glécklech mécht. An esouvill méi bëlleg sinn d’Konkurrenten och net.