• De PLUS

    • Confort
    • Materialien
  • De MINUS

    • Gewiicht

Chic chic presentéiert sech den Testauto vun haut. Mam DS 9 ass dat nämlech den Top Modell an der DS-Famill.

Elo kéint e mengen dee misst jo da wuel aus der Stad vun der Haute Couture Paräis kommen? Abbé neen, den DS 9 rullt a China vum Band. De Christian Schmit war awer net do, mee ronderëm Antwerpen domat ënnerwee.

„Luxe à la française“, esou huet de Charles Peugeot, de CEO vun DS fir d’Belsch a Lëtzebuerg den Top-Modell an hirer Gamme ëmschriwwen, deen duerch savoir-faire, refinement et expérience, élégance, confort an Design soll opfalen a gefalen. An do soll een och e bësschen un di legendär DS vun 1955 erënnert ginn. Clin d’oeil si beispillsweis d’Winkeren déi an der hënneschter Glace integréiert sinn.

Grad emol 50.000 DS ginn am Moment am Joer gebaut. Deemno wëllkomm an deem Club, zu deem och de franséische President Emmanuel Macron zielt. Mam DS 9, elo déi nei voiture de représentation fir den Elysée?

De Charles Peugeot

Elu fir den Elysée ass den DS 9 deemno nach net, sou de Charles Peugeot de CEO fir DS Belgo/Luxembourg.

Den Interieur

Den DS 9 ass eng Plug-In Hybrid Limousine déi sech op bal 5m streckt. Mat engem Radstand tëscht den Achse vun 2m89 hëlt een alles eraus aus der selwechter Plattform, wou och aner Modeller aus dem Stellantis-Grupp stinn.

Kloer, dass e sech do net iwwer Plaz-Verhältnesser muss beschwéieren.

Fir dat ze ënnersträichen, hat DS eis fir d’éischt proposéiert hanne Plaz ze huelen a sech chaufféieren ze loossen. Dat hu mir gär acceptéiert, a festgestallt, hei hält een et aus, an de Fiederungsconfort ass wierklech top. Et denkt een un de klengen Aladin mat sengem Teppech dee fléie konnt, dir erënnert iech…

Beim DS 9 ass et eng Kombinatioun aus adaptiver Suspensioun an eng Kamera, déi d’Strooss virum Auto iwwerwaacht a scannt. An engem Brochdeel vu Sekonne gi Rëss a Lächer am Makadamm einfach ewech radéiert. Obschonn den Nobel-Fransous iwwer 1.800 Kilo op d’Wo bréngt.

Bannena Lieder an Alcantara souwäit e gesäit. Hei hat d’Bitzmaschinn ze dinn, a vill fläisseg Hänn hunn dee chicen Ambiente geschaf, well net nëmme Sëtzer, mä gläich de ganzen Tableau de bord domat iwwerzunn.

Massage-Sëtzer fir di 4 Passagéier inklusiv Heizung oder Belëftung, optiméieren nach de Confort.

Vill Assistenz-Systemer sinn natierlech u Bord, an Night-Vison, de luewenswäerte Radar dee Mënsch, Déier an Objet an der Nuecht erkennt, dee mir awer och schonn an anere Modeller aus dem PSA-Grupp kennen.

Den 12 Zoll Touchscreen mat der obligatorescher DS-Raute-Grafik fir Knäppercher. Vläicht eng Grimmel verspillt, mee dofir eegestänneg.

Souwisou gëtt sech och den DS 9 extrovertéiert.

Eng Läischt aus Chrom mat „Clou de Paris Gravur“ déi d’Motorhauf deelt, Grëffer vun den Dieren, déi wéi vu Geeschterhand an der Karosserie verschwannen, an di Lightshow déi gebuede gëtt, wann d’LED-Scheinwerfer sech virum Depart dréinen a wéi Diamante fonkelen.

Den Undriff

Just Hybrid-Versiounen. Am Moment de bekannten 1.6 mat 180 PS + E-Power mat 110 PS aus dem Stellantis Grupp. D’System-Lesschtung läit esou bei 225 PS. Domat sinn 240 km/h dran, an eng Acceleratioun op 100 a manner wéi 9 Sekonnen. Jee no Uspréch un Temperament an e clevert Notze vun der elektrescher Autonomie si remarkabel Verbrauchswäerter dran. Well net mol 6 Liter fir eng bal 5m a bal 1900 Kilo schwéier Limousine si ganz ok.

Am Resumé

Entspaant reesen um Volant oder am Fong vum DS 9 ass garantéiert. An och a punkto Präis gëtt d’Seel net erofgerappt. Lass geet et bei 53.000 Euro fir d’Versioun Performence Line+. Nach méi Luxus  ass da fir 57.000 Euro dran. Da muss dir d’Versioun Rivoli+ ukräizen.

A vläicht kënnt dir jo dann deemnächst behaapten, dir géift dee selwechten Auto fuere wéi den Här Macron.