• De PLUS

    • Confort
    • Equipement
  • De MINUS

    • Präis

D'Mercedes E-Klass als Plug-In Hybrid 300e 4Matic steet haut am Automag am Mëttelpunkt. Déi elegant Limousine gouf rezent bei d’Visagistin geschéckt.

Voll getankt a geluede goung et lass fir de Christian Schmit hannert dem Volant.

Automag: Mercedes E300e 4 Matic

Jo esou eng E-Klass ze beweegen, dat hunn ech ëmmer ganz agreabel an Erënnerung. D’E-Klass jo e Bestseller, an dat ronderëm de Globus. Déi Kéier war et awer di éischte Kéier déi Versioun mat Kabel u Bord. A mir wollten och hei erausfannen, ob déi Kilometer, déi engem reng elektresch versprach ginn och wierklech kënnen zeréckgeluecht ginn. 50 Kilometer an dësem Fall.

Di gréisste Changementer

Optesch gouf d’E-Klass effektiv iwwerschafft. Dezent an awer effikass, fir méi no un di aktuell Modeller aus der Gamme erunzekommen. Eng Charge fir de Chef-Designer Gordon Wagener, den Exterieur elegant opzewäerten. An der Versioun AMG-Line gëtt dat dann nach ënnerstrach. Am Stil vun den AMG-Performence-Modeller mat der markanter Front, dem grousse Stär um Küler Grill a mat de Power Domes op der Motorhauf.

Neit Geliits ass och elo dran. Voll LED de Serie, Multibeam LED mat Ultra Range géint Oppräis.

Mir trëppele bis hannert de Benz. Och hei aneren Design bei de Luuchten, an der Stoussstaang ass och dezent den Typ2-Stecker verstoppt. Léisst sech wéi den Tankdeckel opmaachen. Do derhannert läit di 13,5 kw/h Batterie, déi di Autonomie vu 50km erlaabt. Allerdéngs sinn dowéinst och elo 300 Kilo méi op der Wo vum E 300e. Do kommen elo 2.100 Kilo zesummen. Méi lästeg, eng gutt Portioun manner Mall. E Podest mech sech do breet an esou bonzelt de Volume op grad mol 365 Liter.

Den Interieur

Am Interieur gëtt et soss dogéint näischt ze meckeren. Fuerconfort a Sécherheetsequipement weiderhin „up to date“. Dat suedelbrong Lieder (1.920 Euro extra) a Kombinatioun mam schwaarzen Eschenholz huet mir perséinlech ganz gutt gefall. An de Lieder Fautele war ee beschtens opgehuewen, a wann di Pandemie-Rees-Restriktiounen net gewiescht wären, jo ech menge mir wäre schnuerstracks bis op d’Côte gefuer. Entspaant a relax mat Wuelfille-Effet.

Hätten dann och Zäit gehat alles auszeprobéieren, wat sech iwwer MBUX alles esou ofruffen, verstellen an dirigéiere léisst. Jo et brauch een e bëssche fir sech zu Recht ze fannen. Um groussen Ecran ass Infotainment um neiste Stand garantéiert. Hei kann een och suivéieren an ajustéiere wéi vill Elektropower soll fléissen oder gespäichert ginn. Den Eco-Assistent hëlleft engem seng Route effizient ze fueren.

Navi an 360-Grad-Kamera, top. Manner gutt läit engem dat Multifunktiounssteierrad an der Hand. Wat iergendwéi eng Nummer ze déck ausfält.

Den Undriff

Den 300e, dat ass e 4 Zylinder Turbo Bensinner mat 211 PS, dee kräfteg ënnerstëtzt gëtt vum 122 PS staarken Elektromotor. Systemleeschtung 320PS. Domat sinn trotz vill Gewiicht méi wéi uerdentlech Fuerleeschtungen dran. Just dass de Sound vum Motor och zimmlech present ass. 440 Nm Dréimoment, knapps 6 Sekonnen op 100 an 245 à l’heure, rien à dire.

Am E-Modus kann e bis 130 km/h fueren. Den E-Motor, integréiert an di automatesch Boîte, passt am beschten am Stadverkéier oder stop and go. Do si mir op 42km reng elektresch komm. Recuperéiert gëtt och, mee domat d’Batterie erëm komplett lueden, geet net.

Also un eng Borne domat, an op mannst 1 ½ Stonn waarden, oder déi Zäit eppes anescht an der Noperschaft maachen. Doheem un der normaler Steckdous, wou och de Stëbssuckeler drunhänkt, si 5 Stonnen anzerechnen.

Wien de Kabel fir ze lueden ignoréiert, dee kritt d’Quittung beim Verbrauch. Da sinn et ganz séier tëscht 6 a 7 Liter

Wäit ewech vun den 2 bis 3 Liter vum Wierk annoncéiert. Dat geléngt da wierklech just, wien konsequent luet, an den 300e kaum fuerdert.

D’Präisser

Maache mir et kuerz. Autoe mat Stär hunn hire Präis. Och de Mercedes E300e. Mat der AMG Linn baussen, Designo bannenan + en etlech Optiounen a vill Assistenz Systemer fir de Chauffer ze entlaaschten, wären da bal 86.000 Euro fälleg. Trotzdeem bleift och dës Renconter mat der E-Klass agreabel an Erënnerung.