An den News vun haut ginn et zwee ganz ënnerschiddlech Autoen am kuerzen Test: den Alfa Stelvio Veloce an de Renault Megane Grandtour E-Tech Hybrid.

Automag: Alfa Romeo Stelvio / Renault Mégane Grandtour

Bei den Elektroautoe war Renault ee vun de Pionéier. Sinn dach scho ganz fréi Twizzy, Kangoo a spéider de Zoé mam Zero Emissions – Label ronderëm gefuer. Bei der Hybrid-Technik gouf awer geträntelt. Eréischt fir de leschte Festival huet Renault d’Modeller Captur a Mégane mam neie Motorenduo presentéiert. Testkandidat war de Mégane Grandtour, deen och ee liichte Facelift spendéiert krut. D’E-Tech-Technologie, wéi Renault se nennt, soll esouvill wéi méiglech op den E-Undriff zeréckgräifen, an zwar am Idealfall bis zu 80% vun der Zäit a 65 km wäit, dat esouguer bis zu Vitesse vun 135 km/Stonn. Net groussaarteg verkënnegt gëtt wat tatsächlech ënnert dem Capot stécht, nämlech ee relativ einfache 1600er Bensinner ouni Turbo mat moeren 91 PS, dee vun engem 67 PS-Elektroaggregat gehollef kritt. D’Systemleeschtung vun 160 Päerd kléngt do scho besser. Mä wéi ëmmer, esoulaang d’Batterië voll sinn. An dofir muss een de Mégane Plugin-Hybrid ëmmer fläisseg lueden, per Stecker a maximal 5 Stonnen.

Méi sënnvoll ass et natierlech wärend dem Fueren Energie ze recuperéieren an domat den Akku bei Laun ze halen. Wat an der Praxis och gutt klappt. De Mégane E-Tech fiert iwwerraschend dacks a vill km am E-Modus, gefillt méi wéi déi ugewise 50 km. Wat bei dee grousse Kombi als gemittlechen a spuersame Cruiser och passt.

Déi éischt Mësstéin dauchen awer op, wann de Bensinner an den Asaz muss. E liicht Geruckels ass ëmmer ze spieren, zum Deel och duerch d’EDC-Automatik. Nach méi onharmonesch gëtt et wann d’Batterie um Minimum ukomm ass an de Verbrenner méi dacks aspréngt, besonnesch op der Autobunn hault de relativ leeschtungsschwaache Motor dann dacks op – fir e puer Sekonne méi spéit ze verstommen. Opklärung fir de Chauffer a Form vun engem Tourenzähler gëtt et keng an och soss weess een net richteg wat leeft. Da luet de Bensinner wéi am Opel Ampera d’Batterien ouni d’Rieder unzedreiwen, da ruckelt et nees an de Mégane fiert nach just mat Bensin an dann och net méi esou spuersam.

Säin Domaine ass éischter de Stad- an Iwwerlandverkéier, wou 3 Liter Verbrauchsmoyenne méiglech sinn – fir awer Honnerte vu Kilometeren op der Autobunn ze schruppen ass fir ronn 5.000 Euro den Diesel nach ëmmer de bessere Choix. Den Hybrid-Tarif ass awer fair. Bei 33.600 Euro geet et an der Kombiversioun lass.

Alfa Romeo Stelvio Veloce

Bei Alfa ass et zimmlech roueg. Nom Produktiounsstopp vun der Giulietta besteet d’Gamm nach just aus Giulia a Stelvio. Déi kruten Allenzwee ee Facelift verpasst a mir dofir de Stelvio Veloce an den Test. Op den éischte Bléck ass vum Facelift net vill ze gesinn – de Stelvio bleift nach ëmmer ee vun deene schéinsten SUV. Ënnert dem Blech ass méi geschitt... d’Finitioun huet e gudde Sprong an der Qualitéit gemaach, den Tableau ass nach ëmmer schéin unzekucken an zum Gléck ass bei Alfa d’Allergie op Knäppercher an de Wan no Displays nach net ausgebrach. Dofir genéisst een nach de Bléck op schéi-gemaachten Analoginstrumenter. Den Infotainment gouf trotzdeem grëndlech iwwerschafft: de Stelvio ass elo besser connectéiert, de Schierm reagéiert och op Touchbefeeler a soll de Chauffer besser abannen. An der Praxis geet dat gutt, just net ze verstoe wisou no all Start den Infotainment-System nees muss mat zwee Knappdréck ugeschmass ginn.

A propos Elektronik: d’Zuel un Assistenzsystemer gouf opgestockt. De Stelvio kann elo bis zum Niveau 2 autonom fueren, spréch selwer steieren, Gas ginn a bremsen, wat besonnesch am Stau e grousse Confortgewënn ass. En Alfisti interesséiert allerdéngs och d’Maschinerie ënnert dem Capot. Vun Hybrid gëtt bei Alfa nach net geschwat, eise Stelvio Veloce hat deen Undriff ënnert dem Capot, dee fir ee groussen SUV nach am meeschte Sënn mécht: en 2.2 Diesel mat 210 PS. Am Verglach mam alternativen 280 PS-Bensinner vermësst ee guer keng Leeschtung. Au contraire, dank üppegem Dréimoment fiert den Diesel méi souverän a virun allem mat eppes iwwer 7 Liter weesentlech méi spuersam. An dat trotz méi zackegem Fuerstil zu deem dem Stelvio säin adaptivt Fuerwierk, seng knackeg Stroosselaach an eng zimmlech kommunikativ Steierung verleet.

E klenge Bemol gëtt et fir déi relativ enk Sportsëtzer an d’Automatik. Duerch de Seegelmodus spuert déi zwar Sprit, beim nees Akuppelen geet awer all Kéiers, genee wéi beim Zeréckschalten een onangeneeme Ruck duerch den Auto. Dat dierft net sinn. Zemools bei engem Basispräis vu 56.500 Euro, oder, mat chicen Optioune wéi bei eisem Testgefier 67.000. Schéinheet huet eben hire Präis.