• De PLUS

    • Design
  • De MINUS

    • Enk Sëtzer

Am Automag vun haut, huele mir iech nees mat an d'Welt vun den SUV.

All Mark huet praktesch op d´mannst een Sport Utility Vehicle a senger Gamme. Bei Mazda ass dat ënnert anerem den CX-5. De Rich Simon huet fir eis dëse Modell getest.

Automag: Mazda CX-5

Den CX-5 ass dee Mazda, dee sech kloer am beschte verkeeft. An Zuelen ausgedréckt heescht dat, datt zanter dem éischte Modell am Joer 2012 eng 500.000 Autoen eleng an Europa an iwwer 3 Milliounen Weltwäit verkaaft goufen. Dat sinn ëmmerhi 35 Prozent vun alle Mazda Modeller. Et kann een also vun enger Succes Story schwätzen.

Elo koum ee Facelift eraus. Allerdéngs ass dee vu baussen net wierklech ze erkennen. No Motto "Never change a winning Team" hunn Designer d'Patte vum Äusseren ewech gelooss.

Bannen ass dat awer schonns anescht. Do fält direkt den iwwer 10 Zoll grousse Monitor op. Navi an Infotainment sinn einfach ze bedéngen iwwer een Dréiknäppchen respektiv iwwer d'Sproocherkennung allerdéngs gëtt et nach ëmmer keen Touchscreen. Houfreg ass ee iwwer déi nei Mazada App, wou een ënnert anerem den Auto kann op an zouspären oder erausfanne wou hie steet. Dat ass allerdéngs mëttlerweil kee Verkafsargument méi. Den Interieursdesign ass klassesch awer iwwersiichtlech gehalen. D'Veraarbechtung ass net déi vun enger Premium-Mark, awer fir d'Präisleeschtung méi wéi korrekt. Kapp a Been Fräiheet gëtt et genuch. Enk gëtt et allerdéngs bei de Sëtzer. Wann een net grad eng Modelfigur huet, da vill een sech e bësse wéi an enger Sardinnebéchs ragepresst. Dat ass schued.

Genuch iwwer dat bannescht geschwat. Ouni Motor rullt den Auto net. Den Testauto, deen ech hat war am Bensinner d'Basisversioun. Dat heescht een 2 Liter 4 Zylinder mat 163 Päerd. Bei engem Gewiicht vu bal annerhallwer Tonn brauch een net ze betounen, datt den Auto keng Rakéit ass. Mä d'Fro déi sech stellt ass déi, Brauch een an deem Segment vun den SUV onbedéngt eng Rakéit?