Am Kader vun enger Lëtzebuerger Presentatioun huet BMW eng ganz Rëtsch nei Motorisatioune virgestallt.

Dorënner en neien Topmotor, en neien Diesel an een Hybrid. Den Highlight vun dëser Presentatioun fiert awer komplett mat Stroum - wat d’Elektrifikatioun ugeet, war BMW mat de Modeller i3 an i8 jo schonn ee vun de Pionéier, elo kritt d’i-Gamm mam neien iX3 Zouwuess. Den Detail elo an den Automag News mam Paul Origer.

Automag: Neies bei BMW

Bis ewell hat BMW a punkto E-Modeller just ee relativ skurille 5-Dierer an een zimmlech individuelle Sportler ze bidden, wa mer beim i8 mol vum Hybrid-Undriff ofgesinn. Dat grousst Geschäft léisst sech awer bei den SUV maachen an dofir lancéieren d’Bayern relativ séier d’Elektroversioun vum X3. Déi héichgeluechte Karosserie bitt sech reegelrecht un fir ënnert dem Buedem Batterien ze Bunkeren ouni am Banneraum Ofstrécher ze maachen. 80 Kilowattstonnen leescht den Akku a versprécht domat eng Autonomie vu 460 km. Wëll Autoen aus München jo och fir Fuerspaass stinn, leescht den nei konzipéierten Elektromotor 286 PS an een Dréimoment vu 400 Nm. Domat sprint deen 2,2 Tonne schwéieren SUV a 6,8 Sekonnen op 100. Bei engem kuerzen Test duerfte mer dat och selwer “erfueren” – mat Diesel oder Bensinn war den X3 bis elo schonn net schlecht ënnerwee, mam E-Undriw kënnt awer nach e Pak u Confort dobäi. Komplett geräischlos an awer flénk ass den iX3 ënnerwee, per upassbarer Rekuperatioun ass d’Fueren ee Kannerspill a soll och spueren. Knapp ënner 20 Kilowattstonne sollen op 100 km méiglech sinn. Reizt een dat typescht Fuererliewnes awer aus, da kënn et natierlech méi ginn. Wëll den typesche BMW-Package, wéi den Heckundriw, en adaptiivt Fuerwierk an eng messerschaarf Steierung motivéieren zu méi. Sinn dann iergendwann d’Batterie platt, da sinn um Schnelllueder a 34 Minutten 80 Prozent erreecht, soss sinn et 7,5 Stonnen un enger 11 kW-Borne. Präislech beweegt sech den iX3 wéi erwaart awer am ieweschte Beräich. Mat ronn 66.000 Euro läit en 10.000 Euro iwwert dem genee esou staarken Diesel 30d.

Als klenge Kontrast duerfte mer dann awer och eng vun de potente Versiounen aus der 8er-Rei testen. Am M850i kann een sech iwwer ze mann Leeschtung jiddefalls net bekloen; 530 PS a 750 Nm këddelen déi 2 Turbolader aus dem 4,4 Liter V8. Den Allrad an déi blëtzschnell Automatik erlaben esou de Sprint op 100 a lächerlechen 3,8 Sekonnen. Dat ganzt natierlech ënnermoolt vu standesgeméissem Sound an engem Chassis deen déi 2 Tonnen erstaunlech handlech erschénge léisst. Wéi d'Performancë läit dann och den Tarif an de Sphäre vun 911 a Co; bei 126.600 geet et lass.

A punkto Hybrid-Technik huet sech esou munches gedoen. Besonnesch am X5 mam Hybrid-Bensinner 45e gouf villes verännert. Fir d’éischt huet BMW sech nees u seng Wuerzelen erënnert an de 4-Zylinder-Bensinner duerch ee wiesentlech méi souveräne Reiesechszylinder ersat. D’Systemleeschtung klëmmt dee Moment op sat 394 PS déi mam grousse SUV natierlech liicht Spill hunn. Et geet awer virun allem och em d’Autonomie. Beim Virgänger war déi bal net der Ried wäert, elo huet se sech carrement verdräifacht. Bis zu 87 Kilometer solle méiglech sinn. Ginn déi voll ausgenotzt an den X5 Hybrid dacks genuch gelueden, dann sinn och déi 1,2 – 1,9 Liter Verbrauch kee Märche méi. Batter Realitéit ass den héije Präis: 78.550 Euro stinn an der Lëscht, par Rapport zum décksten Diesel awer just e Plus vun 3.700 Euro.

Och den traditionelle Reiesechser kritt bei BMW elo liicht elektresch Hëllef. Esou ass zum Beispill den X7 an der Versioun 40d als Mildhybrid ënnerwee. Technesch bedeit dat een 48V-Bordnetz mat Startergenerator a Rekuperatioun beim Bremsen. Op der anerer Säit gëtt dann beim Ufueren a Beschleunegen mat 11 zousätzleche Päerdercher geboost. Profitéieren deet natierlech och de Verbrauch; beim X7 40d soll esou eng Moyenne vu gutt ënner 7 Liter méiglech sinn. Am 8er Coupé geet mam selwechte Motor dëse Wäert esouguer op knapp ënner 6 – trotz enger Leeschtung vun 340 Päerd.