• De PLUS

    • eleganten an individuellen Design
    • chicen a confortabelen Interieur
  • De MINUS

    • onpräzis Lenkung
    • geréng Autonomie reng elektresch

DS, mëttlerweil als eegestänneg Mark etabléiert, hat hiren DS 7 Modell E-Tense an d'Redaktioun vum Automag geschéckt.

De Schlëssel vum chice Fransous goung un de Christian Schmit.

Automag: DS 7 E-Tense

Chic chic ënnerwee ass e mam DS 7 souwisou. Elo dann als E-Tense mat Stecker, a mat Kabel an der Mall. Awer deen trëllt net einfach esou do, neen an enger Designer Husse inklusiv Händschen, fir dass et keng knaschteg Fangeren un der Elektroborn gëtt. Scho virum Depart, a besonnesch nuets, mécht den DS 7 op sech opmierksam. LED Scheinwerfer dréinen sech em hir eegen Achs an déi fonkelen da vrun engem wéi Stären.

Den Interieur

Très chic an eegestänneg geet et bannenan virun. Paräisser Haute Couture, well och wann den DS 7 Crossback um selwechte Chassis steet wéi aner Modeller aus dem Stellantis Grupp, hien ass deen elegantsten.

An der Louvre Versioun war den Testauto op Lëtzebuerg komm. Nieft dem Emblème „Louvre“ baussen a bannen, ass des Serie en eenzegaartege Modell. DS gesäit an dësem en Ausdrock vun Inspiratioun a Konscht.

An enkem Partenariat mam Musée Louvre zu Paräis gi vill exklusiv Akzenter gesat, déi een un dat renomméiert Bauwierk mat senger Pyramid an der franséischer Haaptstad erënnert. Jo et gëtt esouguer eng virtuell Tour duerch d’Konschtwierker vum Louvre. Mat der App „En Dag am Louvre“ kann een dat dann um 12 Zoll Ecran bewonneren. A mam „Amis du Louvre“ Pass, dat dann och fir e ganzt Joer op der Plaz. A stellt iech vir, deen ass esouguer och an de Vereenegten Arabeschen Emirater Louvre Muséeë gülteg. Bon dohi fuert dir jo awer wuel kaum mat ärem DS 7.

Op der Strooss

Zeréck zum Auto. Anescht wéi beim Topmodell an der Gamme ass et keen Allrad, mä eng Traction avant. De Motor, e mëttlerweil Bekannten, deen dacks Déngscht huet. Do wär et den 1,6 Liter Bensinner mat 180 PS, deen en 110 PS staarken Elektromotor ugedockt kritt. Zesumme sprangen do 225 PS Leeschtung eraus. 13,2 kw/h ass d’Leeschtung vun der Batterie. Sou solle laut der berüümter WLTP Norm 55km reng elektresch dra sinn.

Ouni Dezibel setzt sech dëse Plug-In Hybrid a Beweegung. Am rengen Elektromodus ka bis zu enger Vitesse vun 135 km/h gefuer ginn. Hybrid a Sport Modus kommen awer och nach a Fro. Eng Kamera scannt d’Strooss, fir dass all Knubbele bescht méiglech ewech gefiedert kënne ginn.

Woubäi mir eis am Alldag meeschtens fir Hybrid decidéiert hunn. Ëmmer fest am Viséier di 1,6 Liter Verbrauch déi DS versprécht unzepeilen. Bon dat ass net gelongen, ergo sinn CO2 Emissiounen dann och méi héich ausgefall, mä 3,2 an 3,5 Liter op verschiddenen Trajeten, dat ass jo awer och scho pas mal.

Net anescht wéi bei anere Plug-In Hybrid Modeller luet sech d’Batterie iwwer dem Fuere vum Verbrenner Motor. Un der Born oder klassescher Steckdous natierlech och. Zäit fir ze lueden deementspriechend kuerz oder méi laang. Wie wëll, kann dat iwwer eng App suivéieren.

D’Präisser

Den DS 7 ass a bleift den Esthet ënnert den SUVen. Och als E-Tense Plug-In Hybrid kann en a ville Versioune configuréiert ginn. Di virgestallten a vun eis gefuere Versioun kënnt an der Präis-Skala op eppes iwwer 57.000 Euro.