• De PLUS

    • Verbrauch
    • Finitioun
  • De MINUS

    • aggressiven Laneassist
    • Präis

An der Klass vun de Kompakt-Sportler gëtt erëm geraibert. Mam 128ti huet BMW en neie GTI-Géigner um Start.

Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp huet sech méi genee mam sportlechen 1er BMW beschäftegt.

Et ass wéi mam Hung a mam Ee: wat war fir d'éischt do? Gëtt et wierklech eng Demande no engem 1er BMW, dee seng Plaz tëscht dem 120d (190 PS) an dem M135i xDrive (306 PS) fënnt, oder hoffe se zu München, dass den 128ti mat sengen 265 Päerd genee dëse Wonsch eréischt wakreg këddelt?

D’Kierzel “ti” am Numm steet fir “Turismo internazionale” an zeechent bei BMW besonnesch sportlech Modeller aus. An de 60er Joren agefouert, ass d’Ofkierzung déi leschte Kéier Enn der 90er Joer beim 3er Compact benotzt ginn. Elo gëtt et mam 128ti erëm aus dem Tirang gezunn, woubäi en des kéier net fir de sportlechste Modell aus der 1er Serie steet. De stäerksten 1er bleift weiderhin den M135i xDrive mat sengen 306 Päerd an Allrad-Undriff. Allerdéngs hu sech d’Ingenieuren genee un dësem Top-Sportler zerwéiert, wou se den 128ti entwéckelt hunn.

Den Design

Beim Design gouf sech um M-Modell inspiréiert. Verschidden Ubau-Deeler kommen aus dem Optiouns-Programm a si beim 128ti Serie. Déi viischt Calander gouf speziell fir dëse Modell ugepasst an huet aner Loftaläss, hannen gouf d’Heckschürz adaptéiert an huet schwaarz blénkeg Applikatiounen. Aner Säiteschweller-Verkleedungen, eng erweidert “Shadow-Line” mat enger schwaarz lackéierter Nier a schwaarze Säitespigele a rout Fuerw-Akzenter suerge fir eng zolidd Portioun Individualitéit. Dobäi kommen eng duebel Auspuffanlag an 18 Zoll Sportfelgen: an eisem Test huet den 128ti méi wéi eemol d’Blécker op sech gezunn. Wien gär onopfälleg ënnerwee ass, sollt dëse Kandidat léiwer am Showroom stoe loossen.

Den Interieur

Bannendran hunn d’Designer sech austoben dierften. Mat roude Kontrastnéit, roude Sécherheetsgurter an agebutten « ti »-Emblemer mierkt een d’Léift zum Detail. Wéi et sech fir e sportlechen Kompakten gehéiert, tendéieren d’Sëtzer a Richtung Schraufstack, ma se bleiwen awer och op méi laange Strecken bequem. D’Steierrad läit gutt an der Hand, virausgesat d’Hänn si grouss genuch. Aner Qualitéiten – oder Schwächten – deelt e sech mat senge Bridder. Ënner anerem déi schlecht Iwwersicht an déi héchstens mëttelméisseg Plaz an der zweeter Rei.

Den Undriff

Op der Strooss gëtt den 128ti dem BMW Verspriechen vun der Freed um Fueren gerecht. An éischter Linn ass dofir natierlech de Motor zoustänneg. Ënnert dem Capot suergt dofir en 2.0 Liter Véierzylinder-Turbobensinner mat 265 Päerd a 400 Nm maximalem Dréimoment, deen aus dem M135i xDrive iwwerholl a liicht adaptéiert gouf. Iwwert eng 8-Gang-Automatikboîte gëtt d’Kraaft un déi viischt Rieder geleet. Den xDrive bleift dem M135i virbehalen, wouduerch den 128ti ronn 80 kg méi liicht ass. Wien et drop uleet, knackt a 6,1 Sekonnen Tempo 100, eréischt bei 250 km/h ass Schluss.

Op der Strooss

E Motor mat Leeschtung am Iwwerfloss, e Sportfuerwierk, eng direkt Lenkung, déi kaum Aflëss vum Undriff ausgesat ass, a Bremsen, bei deenen engem de Knätsch aus dem Mond flitt, wann ee se aus versinn ze fest trëppelt: BMW huet villes richteg gemaach, fir dem Chauffeur en agille Kompaktsportler un d’Hand ze ginn.

Mä wou Sonn ass, ass och Schied: negativ ass mer de Laneassist opgefall, dee mat uerdentlech Kraaft probéiert huet mech zeréck an dat ze lenken, wat de Computer als Fuerspuer erkannt huet. Wien dovun iwwerrascht gëtt, kéint am Autobunns-Chantier scho mol d’Leitplank kenne léieren. Méi Feingefill géif och der Fiederung gutt doen. Natierlech ass den 128ti e Sportsmodell an den M-Logo pecht net ouni Grond um Auto, allerdéngs sinn déi sportlech Ambitiounen am Alldag mat Momenter eng Grëtz ze vill däers Gudden. Déi meescht 128ti gi méi reegelméisseg duerch e Stau pilotéiert, ewéi iwwert eng Rennstreck.

De Verbrauch

Méi Alldagstauglech ass de Verbrauch: wien net non-stop d’Muskele spille léisst – wat engem an dësem Auto schwéier fale kéint – ka mat engem Verbrauch vun 8,2 bis 8,6 Liter op 100 Kilometer rechnen. Allerdéngs ass den Auto gutt isoléiert a fiert ewéi op Schinnen, esou dass een d’Vitesse oft guer net matkritt. De Chauffeur sollt am beschte Fall déi néideg Disziplin matbréngen, soss kéint et deier ginn – wat eis bei den nächste Punkt bréngt.

De Präis

Et muss een awer nach eppes aneres matbréngen, an zwar e gutt gefëllte Portmonnie. BMW steet fir Premium a Leeschtung huet hire Präis. Wie sech den 128ti an d’Garage stelle wëll, ass no der Ënnerschrëft vum Kontrakt op  d'mannst 42.850 Euro méi liicht. Eise gutt equipéierten Testauto hat d’50.000 Euro Schallmauer mat Liichtegkeet duerchbrach.