Den 2. Juni hat den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp d'Geleeënheet bei der Premiere vun den neie BMW-Modeller iX an i4 dobäi ze sinn.

Den i steet bei BMW fir d'Elektromodeller, an déi spille quasi bei alle Marken aktuell eng ganz wichteg Roll. Et geet drëm sech eng Identitéit an deem Segment ze ginn, woufir een och bei BMW bei deene Modeller ganz vill Wäert drop leet, alles richteg ze maachen.

D'Presentatioun um Kierchbierg war net just fir d'Journalisten aus der Autobranche intressant, ma och d'Händler a gréisser Cliente ware present, fir sech unzekucken, wéi d'Zukunft bei BMW ausgesäit. Am Ufank waren d'Autoen nach zougedeckt, ma no enger kuerzer Introduktioun vum Marketing-Chef, konnt een en éischte Bléck op den iX an den i4 werfen. Als Press hate mer de Privileeg, eis déi 2 Modeller als alleréischt vu méi no ukucken ze dierfen.

BMW iX

Fänke mer beim iX un... mat dësem Auto wëll BMW nei Standarde setzen an der "Sports Activity Vehicle"-Kategorie, kuerz SAV. Rieds ass souguer vun enger Neiinterpretatioun vum Fuerkonzept. Besonnesch Wäert leet een hei op den Design an op de luxuriéise Raumkomfort. Wat direkt opfält, ass déi grouss Nier un der Front, déi jo scho fir déi eng oder aner Diskussioun bei anere Modeller gesuergt huet. Hei ass se och nees mat um Start... allerdéngs ass se an dësem Fall komplett zou, also ouni Lächer dran. Fir dass se awer wéi eng Zort Kühlergrill ausgesäit, gouf en Desing drop geprint. Vu Wäitem gesäit et ganz ok aus... ma vun no gekuckt, war ech dach e bëssen enttäuscht. Et ass einfach just e risegt Stéck schwaarze Plastik mat e puer groe Elementer drop geprint. Dat gesäit net wierklech héichwäerteg aus. Hannendru verstoppt sech allerdéngs vill Sensorik, Kamera- a Radartechnik fir d'Fuerassistenzsystemer.

D'Form u sech vum iX ass gefälleg... vill Kanten spigelen d'Luucht gutt an e wierkt dynamesch. Wat beim Frontgrill eventuell als net sou héichwäerteg vu mir interpretéiert gëtt, gëtt am Banneraum dofir awer nees korrigéiert. Hei fillt ee sech direkt wuel. De Cockpit ass extrem opgeraumt... just e Steierrad... e laange schmuele gekrëmmten Display, dee bis eriwwer bei de Bäifuerer geet, an eng Commande an der Mëttelkonsol, déi an dësem Fall iwwregens an Holz + Kristalloptik gehale war. Verbaut ass déi neiste Generatioun vum iDrive, déi besonnesch op Sprooch-Bedéngung a Kollaboratioun mam groussen Touchscreen opgebaut ass.

Den iX soll fir November 2021 op de Stroossen uechter d'Welt ënnerwee sinn, dat am Ufank mat 2 Motorisatiounen, déi allebéid op Allrad opbauen. De BMW iX xDrive50 kënnt mat enger Systeemleeschtung vun 523 PS bei engem Stroumverbrauch vun 19,8 bis 23 kWh/100km. Den iX xDrive40 kënnt op 326 PS an et soll ee bis 425 Kilometer wäit mat vollgeluedener Batterie kommen, sou d'Informatioun vu BMW. Beim iX xDrive50 solle souguer 630 Kilometer méiglech sinn.
Spéider soll nach eng méi sportlech Versioun op de Marché kommen, mat ëm déi 600 PS. Do leeft d'Entwécklung awer nach.

Bei der Batterietechnologie gouf och fläisseg weiderentwéckelt. Et kommen Héichvoltbatterien an den Asaz, déi jee no Modell mat bis zu 200kW Gläichstroum kënne geluede ginn. Beim xDrive50 soll domat bannent 35 Minutten d'Batterie vun 10 op 80% geluede kënne ginn. Wann ee sech sou een Auto keeft, ass eng BMW Charging Card mat dobäi, grad ewéi e Flexible Fast Charger fir bis zu 11kW Luedleeschtung an en Mode-3-Luedkabel fir d'Benotzen un ëffentleche Luedstatiounen.

Präislech geet et lass  bei ronn 78.500 Euro fir den iX xDrive40 a bei bal 95.000 Euro fir den xDrive50, mat sécherlech vill Loft no uewen, wann ee bis bei d'Optioune kënnt.

BMW i4

Mam i4 attackéiert BMW dann elo och kloer am Segment, wou bis elo Tesla d'Soen hat. Et ass e 4-Dierege Gran Coupe, deen nieft Laangestreckentauglechkeet och nach de Volet Sportlechkeet a Fuerdynamik wëll ofdecken. Besonnesch punkte wëll een hei mat engem eleganten Design, engem héijen Niveau u Fuerkomfort an enger Veraarbechtsqualitéit, wéi et se BMW no, esou an där Klass nach net gëtt. Hei kann ee sech dann och beim Konfiguréieren austoben, well et e sëllege Méiglechkeeten un Individualiséierung gëtt.

Och beim i4 ginn et fir de Launch am Hierscht zwou Modellvarianten. Den i4 eDrive40 mat 340 PS gëtt just un der hënneschter Achs ugedriwwen a soll bis zu 590 km wäit kommen, mat enger voller Batterie. De Stroumverbrauch soll hei bei 16 - 20 kWh/100 km leien.
Da gëtt et awer och nach de Performance-Modell aus der "M GmbH". Deen huet Allrad an eng Systeemleeschtung vu 544 PS. Dee Modell gëtt ënnert dem Numm BMW i4 M50 gefouert.

Déi extrem niddreg gebauten Héichvoltbatterien leie ganz déif am Auto, wouduerch dem i4 säi Schwéierpunkt am Verglach mat der 3er Limousin ganzer 53mm méi déif läit. Déi ausgeglachen Achsverdeelung, déi steif Karosserie an déi optiméiert Aerodynamik, a Kombinatioun mam laange Radstand dierften hei ideal Viraussetzunge bidden, fir déi BMW-typesch Sportlechkeet mat engem héije Reeskomfort. Et gouf vill Entwécklung an d'Fuerwierkstechnik, grad wéi an den Allrad gestach, fir dass z.B. beim M50 och deementspriechend Fuerspaass opkënnt, wann ee mol méi sportlech ënnerwee wëll sinn. Beim M50 kënne bis zu 795 Nm Systemdréimoment mobiliséiert ginn, wat den Auto an 3,9 Sekonne vun 0 op 100 sprinte léisst. Beim i4 eDrive40 sinn et ëmmerhin nach 430Nm an e Sprint vun 5,7 Sekonne vun 0 op 100. Bei 190 km/h ass aus Effizienzgrënn Schluss.

Fir dass dës "sportlech" Wäerter och richteg beim Chauffer Wouer geholl kënne ginn, gouf sech beim Sounddesign och dat eent oder anert afale gelooss. Mat der Optioun BMW IconicSounds Electric huet ee souguer d'Méiglechket nei Klangvarianten z'integréieren. Do huet keen anere wéi de Komponist Hans Zimmer mat dru geschafft, dee bekannt ass fir seng Film-Museken.

Am Interieur ass grad ewéi am iX och den "Curved Display" verbaut, oder och nach déi 5. Generatioun vum iDrive. Wat d'Sécherheet ugeet, ass een och gutt opgestallt. Jee nodeem wat een un Optiounen ukräizt huet ee bis zu 40 Assistenzfunktiounen am i4. Am Auto, deen op der Premiere ausgestallt gouf, war vill Lieder a Carbon am Banneraum ze gesinn. Et war héichwäerteg verschafft an huet direkt Loscht gemaach, en Tour fueren ze goen.

Wie mam i4 op d'Rees wëll goen, deen dierft sech och fir d'Dimensioune vun der Mall intresséieren. Hei sinn et 470 Liter Volumen, déi sech op 1.290 erweidere loossen, wann een d'Réckbänken ëmklappt.

Fir en i4 eDrive40e muss een op d'mannst 57.650 Euro op den Dësch leeën, ouni weider Optiounen. Beim M50 geet et lass bei 70.600 Euro.

Waarden op éischt Testkilometer

Wéi sech den iX an den i4 fueren, wéi et mat der Autonomie ausgesäit a soss weider Andréck vun der Veraarbechtung, grad ewéi vun de Vir- an Nodeeler vu béide Gefierer, doriwwer kënne mer iech hoffentlech an e puer Méint weider Detailer ginn, wa mer d'Autoen dann och selwer testen dierfen.