• De PLUS

    • Leeschtung
    • Wéineg Bannegeräischer
  • De MINUS

    • Keng Rescht-Kilometer
    • Infotainment

Quasi an all Motorisatioun hate mer de Volvo XC40 schonn am Test. Elo steet deen éischte vollelektresche Volvo um Programm.

Deen huet ënnert dem Blech méi ze bidden, wéi e vu bausse kéint mengen – de Paul Origer ass fir eis deen neien XC40 Recharge gefuer.

Automag: Volvo XC40 Recharge

Am Fong goufen déi éischt vollelektresch Schrëtt scho mat der Sous-Mark Polestar gemaach, den XC40 weit dann d’Elektro-Gamme bei Volvo an, déi sech duerch den Zousaznumm “Recharge” ze erkenne gëtt. Bis 2030 soll dann all Volvo op Stroum ëmgestallt sinn.

Den Design

Den XC40 kenne mer, schliisslech fiert de kompakte SUV schonn eng Zäitchen op eise Stroossen. An en ass nach kee Fatz gëeelst, a punkto Design hu se bei Volvo jo scho méi laang eng gutt Händchen. D’Elektroversioun vum XC40 fält am Fong just vu vir op. Hei ass de Grill zou an an der Wofaarf lackéiert. Säitlech an hanne verroden héchstens d’Schrëftzich, woumat gefuer gëtt. Dat selwecht gëllt fir bannenan. Hei fanne mer de bekannte soberen Design, alles héichwäerteg an top verschafft.

Den Undriff

Déi éischt grouss Iwwerraschung kritt ee schonn emol, wann e vir de Capot opmécht. Kloer waart hei kee Verbrennermotor méi, mä et gesäit een awer och näischt vun der Elektromaschinn. Am Recharge hu se nämlech déi gewonne Plaz genotzt an ee Frunk – eng viischt Mall fir z.B. eng gréisser Sportstäsch installéiert. Déif am Verbuergenen an net ze gesinn, sëtzen déi zwee Elektromotoren, déi déi hënnescht an déi viischt Achs undreiwen. An déi hunn et richteg a sech! 408 PS leescht de Motorenduo, gespeist gi se vun enger 75 kW-Stonne-Batterie. Laut WLTP-Zyklus versprécht Volvo eng Autonomie vun iwwer 400 km.

Op der Strooss

408 Elektro-Päerd – dat mécht natierlech virwëtzeg! An et gëtt och tatsächlech net ze vill versprach. Dee relativ onscheinbaren XC40 mutéiert zu enger Rakéit, déi a 4,9 Sekonnen op 100 schéisst. An dat, Merci Allrad, ouni am geréngsten Traktioun ze verléieren. Bei 180 km pro Stonn gëtt ofgerigelt, anerefalls ass et mat der grousser Autonomie séier gedoen. Dat selwecht gëllt natierlech och, wann een sech dacks de Genoss vun der Acceleratioun gonnt. Schnëtteg gefuer läit dann de Stroumverbrauch op 24 kW-Stonnen, wat zur grousser Iwwerraschung och der Wierksdonnée entsprécht. Mä souwisou motivéiert de kompakte Volvo-SUV éischter zum gemittleche Cruisen, e bëssen nom Motto: wann ech wëll, da kann ech, mä ech muss net. Dozou motivéiert net nëmmen dat extrem nidderegt Bannegeräisch, mä och dat stattlecht Gewiicht vun 2,2 Tonne, wat sech besonnesch an zackege Kéiere bemierkbar mécht. Obwuel den XC40, dank sportlech ofgestëmmter Steierung an engem guttmiddege Fuerwierk dat mol guer net esou schlecht meeschtert.
Am Alldag mécht de Recharge op jiddwer Fall eng gutt Figur. Lueden deet e relativ séier un enger Borne an um Schnelllueder, just doheem un 230 V kann et schonn emol bis zu 40 Stonnen daueren. Wou Volvo nei Weeër geet, dat ass bei den Informatiounen. Reschtkilometer gi keng ugewisen, just d’Charge vun der Batterie a Prozent. Dann dierf de Chauffer fläisseg rechnen a kënnt zum Schluss, dass am Alldag mol héchstens 300 – 350 km méiglech sinn. Mat enger anerer Innovatioun hat ech och meng Suergen. Den Infotainment war jo nach ëmmer e bësse méi ëmständlech ze bedéngen; mat der neier Ënnerstetzung vu Google ass et net wierklech besser ginn. D’Connectioun mat mengem Handy goung ëmmer verluer, d’Musek vu mengem USB-Stick huet en net erkannt an de Google Maps ass heiansdo mol nëmme schwaarz bliwwen.

D’Präisser

Knapp iwwer 59.000 Euro si fälleg, eisen Test-XC40 mat e puer flotten Optioune loung bei ronn 66.000. Domat spillt de Recharge-Volvo vun der Leeschtung hir definitiv an der Liga vun Audi E-Tron, Mercedes EQC a Jaguar I-Pace – kascht awer e gudde Krack manner.