• De PLUS

    • gudde Confort
    • Präis-Leeschtung
  • De MINUS

    • vereelzten Infotainment
    • bëllege Materialmix

Am Automag vun haut dréit sech alles ëm e japanesche Familljekombi, deen engem ënner Ëmstänn bekannt virkënnt.

Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp huet sech den neie Suzuki Swace am Detail ugekuckt.

Automag: Suzuki Swace

En neien Numm, mä en ale Bekannten. Fir et kuerz ze maachen: de Suzuki Swace ass eigentlech en Toyota Corolla Touring Sports a Suzuki gëtt sech nawell wéineg Méi, fir dësen Ëmstand ze verstoppen. Zanter 2019 besteet tëschent Toyota a Suzuki eng Partnerschaft, déi et Suzuki erméiglecht op d’Hybrid Plattform vun Toyota zouzegräifen, an esou déi ëmmer méi streng Ofgasnormen an Europa ze erfëllen. Éischt Resultat vun dëser Partnerschaft ass de Suzuki Across, deen um Toyota Rav4 baséiert. Mam Suzuki Swace stoung elo e Familljekombi am Agenda.

Design

Et ass keng Iwwerraschung ass sech den Suzuki Swace an den Toyota Corolla Touring Sports wéi een Ee deem anere gläichen. Nogewierzt huet Suzuki awer mat enger eegener Frontpartie. Besonnesch d’Luuchte si méi schmuel ausgefall, wat dem Swace gutt zu Gesiicht steet. Soss gëtt et keng Ännerungen, mat Ausnam vun den Toyota-Logoen, déi Suzuki-Logoe Plaz gemaach hunn. Am Profil a vun hannen ass dem Swace säin Zwillingsbrudder awer ëmmer nach direkt ze erkennen.

Den Interieur

Och den Interieur huet Suzuki vun Toyota iwwerholl. D’Veraarbechtung ass gutt, allerdéngs fille sech verschidde Knäppercher bëlleg, et bleift awer bei engem generell positiven Androck. D’Ergonomie ass gutt an et fënnt ee séier wat ee sicht. D’Sëtzer si bequem an trotz enger niddreger Sëtzpositioun behält de Chauffer eng gutt Iwwersiicht. An der zweeter Rei bitt de Swace gudden Duerchschnëtt wat d’Plaz betrëfft. Allerdéngs dierfte sech grouss gewuesse Passagéier iwwer ze wéineg Kapp- a Beenfräiheet beschwéieren. Iwwer 1,85 Meter gëtt d’Loft an der zweeter Rei dënn. An d’Mall passen 596 Liter Gepäck wat am Alldag genuch Reserve bitt.

Navi an Infotainment

An dësem Kapitel kann de Suzuki Swace net mathalen. D’Menü-Féierung an d’grafesch Duerstellung kënnen net mat der Konkurrenz mathalen. D’Tast fir d’Navigatioun ze starten huet keng Funktioun a wien Wäert op e gudde Soundsystem leet, gëtt enttäuscht. En Trouscht ass d’Integratioun vum Smartphone iwwer Apple Carplay oder Android Auto. Esou léisst sech d’Smartphone-Navigatioun um zentralen Ecran notzen, allerdéngs wierkt de System net fäerdeg a vereelzt.

Undriff

Beim Undriff ka Suzuki op d’Hybrid-Experienz vun Toyota zielen. Am Swace kënnt en 1,8 Liter Bensinner mat 98 Päerd zum Asaz dee vun engem Elektromotor ënnerstëtzt gëtt. Ënnert dem Stréch mécht dat eng Systemleeschtung vun 122 Päerd, déi iwwert eng stufelos CVT-Boîte un déi viischt Rieder geleet gëtt. Domat gëtt aus dem knapp 1,5 Tonne schwéieren Swace keng Rakéit, fir gemittlech mam Verkéier matzeschwamme ass et a mengem Test awer gutt duer gaangen.

Op der Strooss

D’Fuerwierk ass confortabel ausgeluecht, d’Steierung ass liichtgängeg, ma e bësse méi Reckmeldung géif hir gutt doen. Wéineg Réckmeldung gett et iwwerdeems vum Zesummespill vun Elektromotor a Verbrenner wat gutt ass. De Swace schalt automatesch tësch deenen zwee Undriwwer hin an hir a recuperéiert beim Bremsen an Ausrullen. E Stecker fir opzeluede gëtt et also net.

Bannendran bleift et zu all Moment agréabel roueg, héchstens d’Boîte mellt sech zu Wuert wann d’Gaspedal de Buedemblech beréiert an déi voll Leeschtung ofgeruff gëtt. A bis déi uläit dauert e klenge Moment. De Swace ass kee Kompakt-Sportler mee éischter e gemittlechen Zäitgenoss. A wien et roueg ugeoe léisst, gett mat engem relativ niddrege Verbrauch belount. An eisem Test huet sech de Swace mat 5,2 Liter Bensin op 100 Kilometer zefridde ginn.

Präisser

De Suzuki Swace gëtt et just mam 1,8 Liter Hybrid-Bensinner dee mir am Test haten. Lass geet et an der Equipements-Linn « Grand Luxe Plus » mat 30.900 Euro. Erfreelech kuerz fält d’Lëscht mat den Optiounen aus: Klimaautomatik, LED-Pharen a Sëtzheizung si Serie.