De 24. Juni huet Ferrari op enger virtueller Pressekonferenz dat neiste Päerd am Stall virgestallt, dat op den Numm 296 GTB lauschtert.

Den Auto ass eng komplett Neientwécklung mat engem fuschneie Motor. Eng éischte Kéier iwwerhaapt kënnt en 120° V6-Turbomotor bei Ferrari an den Asaz, dee mat engem Hybrid-System gekoppelt gouf. De Verbrenner eleng kënnt schonn op eng Leeschtung vu 663 PS aus 2992cm3. Dozou geselle sech dann nach emol 167 PS vum Elektromotor. Summa summarum si mer da bei 830 PS Spëtzeleeschtung, dëst bei engem Auto deen 1470kg weit. Dat maximaalt Dréimoment vu 740 Nm läit bei 6250 Ëmdréiunge pro Minutt un.

De Motor ass wéi gesot eng komplett Neientwécklung, déi néideg war, well een de Schwéierpunkt vum Auto sou déif wéi méiglech leeë wollt. Et huet ee sech d'Liewen deemno net einfach gemaach, a sech z.B. bei Maserati am Motor-Regal zerwéiert. Dat gouf op der Presentatioun nach emol kloer ënnerstrach: Ferrari wier bekannt fir seng Motoren, an do kéim et net a Fro, dass een do eppes géif bei een anere kopéieren oder siche goen. Mat sengen 663 PS an deemno 221 PS pro Liter stellt de 296 GTB en neie Rekord op bei der spezifescher Leeschtung vun engem Serien-Auto.

RTL

© Ferrari

Den Numm 296 GTB setzt sech iwwregens zesummen aus dem Hubraum (2992cm3), der Unzuel vun den Zylinder (V6) an de Buschtawe GTB (Gran Turismo Berlinetta).

Den alleréischte V6 an engem Ferrari gouf iwweregens 1957 am Dino 156 F2 verbaut. Deemools war et en 65° Motor mat 1500cm3.

Am 296 GTB ass wéi gesot en Hybrid-System verbaut. Mam Elektromotor eleng soll ee bis zu 25km fuere kënnen. D'Kraaft gëtt iwwert eng 8-Gang Doppelkupplungsboite an engem elektreschen Differential un déi hënnescht Rieder iwwerdroen. Den Elektromotor staamt aus der Formel 1 an e ka bis zu 315 Nm Kraaft entwéckelen. Dat sinn 20% méi wéi nach beim Asaz an aneren Autoen.

Et kann een tëscht 4 Fuermodi wielen:

eDrive: da fiert ee reng elektresch bis zu enger Vitess vun 135 km/h a maximal 25km wäit.
Hybrid: dat ass de Standardmodus beim Start. Hei ginn déi 2 Motore fir eng maximal Effizienz gekoppelt an agesat, sou wéi se grad gebraucht ginn
Performance: de Verbrennungsmotor bleift stänneg am Asaz an hëlleft de Wierkungsgrad vu der Batterie oprecht ze erhalen, fir zu all Ament déi voll Leeschtung ofruffen ze kënnen.
Qualify: hei gëtt déi maximal Leeschtung ofgeruff, allerdéngs op Käschte vun enger méi gerénger Batterie-Opluedung.

Beim Design geet et éischter schlicht zou an et si Style-Elementer vum 250 KM vun 1963 mat afléisse gelooss ginn. Am Banneraum gouf de Cockpit ronderëm dat neit Konzept vun enger komplett digitaler Benotzeruewerfläch entwéckelt, dat eng éischte Kéier beim SF90 Stradale virgestallt gouf.

Et gouf nëmmen dat beschte Lieder fir d'Sëtzer an d'Verkleedunge benotzt, a fir déi funktional Komponenten, koumen edel technesch Materialien an den Asaz.

RTL

© Ferrari

Ween net just wëll mat dem 296 GTB iwwer Landstroossen oder Autobunne cruise wëll, fir dee gëtt et och nach eng méi sportlech Variant, déi da mam Assetto Fiorano-Package equipéiert ass: heescht nach méi Liichtbau an Aerodynamik-Modifikatiounen.

RTL

© Ferrari