• De PLUS

    • italienescht Designerstéck
    • vill Luxus bannenan
  • De MINUS

    • Sound vum Moteur
    • Verbrauch

Dëser Deeg gouf et fir d’Redaktioun vum Automag Besuch aus Italien. An dat vun enger Mark déi net esou dacks do parkt. Maserati!

Hire Modell Ghibli geet jo technesch och elo mat der Zäit, an dowéinst eng Hybrid-Versioun. „Bella macchina“, oder „Bemol“? De Christian Schmit wollt dat um Volant erausfannen.

Automag: Maserati Ghibli Hybrid

Fir eisen Date ware 5 Deeg ageplangt, an zum Schluss sollte mir 1.000 Kilometer zesummen ënnerwee sinn.

Elo huet de Modell Ghibli jo eigentlech scho 7 Joer um Bockel, an dach gëtt sech no him ëmgedréint, an dat op enger Plaz, wou een nu wierklech all Dag en Defilé u Luxuskarosse kann erliewen. Zu Knokke un der belscher Côte.

Di bal 5 Meter Limousine weess nach ëmmer mat hirer schicker Designlinn aus all Wénkel ze gefalen a gouf dann och prompt e puer mol wéi e Fotomodel geknipst.

Och am Premium-Segment kann een Zeeche vun der Zäit net méi ignoréieren. Schéin eleng geet net méi duer, fir an der Verkafsstatistik gutt ofzeschneiden. Mat „performence charged“ mellt e sech zeréck, och wann dat Opluede moderat ausfält. De Ghibli ass een aus der Kategorie Mild Hybrid.

Den Undriff

A Plaz 6 an 8 Zylinder, muss ee sech elo mat just 4 Stéck zefridde ginn. Den 2 Liter stécht eigentlech och am Alfa Romeo Giulia. Mä d’Maserati-Ingenieure betounen, dass bis op Dimensioun an den Zylinderkapp alles verännert gouf. De Motor ass eng Kombinatioun aus engem 4-Zylinder-Bensinner mat engem 48 Volt Generator an engem elektresche Verdichter. Den Turbo gouf vergréissert an d’Motorsteierung adaptéiert.

D’Synchronisatioun tëscht der Starter Generatrice mat Rimmen, an deem elektresche Verdichter, sollt anscheinend Ingenieurskonscht erfuerdert hunn. Eraus kommen dann elo 330 PS a Fuerleeschtungen, déi top sinn. Bei 255 km/h an enger Acceleratioun op 100 a 5,5 Sekonnen, do wäert jo wuel kaum ee sech beschwéieren. 450Nm Dréimoment héiere sech och gutt un, 350 dovunner scho bei 1.500 Touren. D’Euro 6d Norm gëtt och erfëllt.

Op der Strooss

Mir drécken de Starter Knapp, an, jo bei deem Motorsound dréint kaum ee sech ëm. Mä dat ass dann awer séier vergiess, wann ee sech a Beweegung setzt. D’Aart a Weis, wéi dynamesch de Gran Sport sech verhält, dat passt.

D‘8-Gang Automatik vun ZF leescht och hiren Déngscht mat Bravour, an huet mam bal 1.900 Kilo schwéiere Maserati kee Problem.

Och an der Hybrid-Versioun kann e Fiederung a Fuerwierk variéieren. ICE steet hei fir Increased Control and Efficency, och Normal oder Sport ass méiglech. D’Lenkung ass präzis ofgestëmmt. De Ghibli Hybrid ass e RWD, also Traktioun op di hënnescht Rieder.

Eng ganz Armada un Assistenz-Systemer sinn och u Bord, dee fir d’Spuer ze halen huet een awer dacks genervt, well en hyper virsiichteg ass, a permanent zurechtweist. Beim Verbrauch stoungen um Enn 10,2 Liter. Dat ass kee Rekordwäert,  mä vill manner wéi déi méi duuschtereg 6 Zylinder vu fréier.

Den Interieur

Lieder, Alcantara, Carbon alles vum Allerfeinsten empfänkt e bannenan. Grand Luxe, an d'Diere muss e just bäimaachen, déi zéie sech da vum selwen zou. Um 10 Zoll Ecran ass den Infotainment an Navi och elo zimmlech up2date. Den Entertainment genéisst e mat enger Sound Anlag vu Bowers & Wilkens... och Premium.

Am Resumé

Mam Maserati Ghibli Hybrid huet ee fir ëm di 70.000 Euro en Designerstéck an der Garage, wat net op all Eck steet. Deemno Bella Macchina, a wéineg Bemol.

Bei där softer Elektrifizéierung eleng dierft et an Zukunft kaum bleiwen.

A fir all déi di sech partout net mam 4-Zylinder Sound ufrënne kënnen, fir déi steet de Maserati Ghibli Trofeo mam V8 a 630 PS prett, oder vläicht gläich dann awer den 2 Sëtzer MC 20??