Viru kuerzem hat Hyundai op eng Presentatioun op Wanze an der Belsch agelueden, fir déi neiste Modeller ze presentéieren.

Leider stounge fir déi eenzel Autoen net all ze vill Testkilometer zu Verfügung. Interessant war et awer trotzdeem. Virun allem well de klenge Brudder vum i30N och presentéiert gouf. Nämlech de fuschneien i20N. De Rich Simon war fir den Automag zu Wanze mat dobäi.

i20N
Den i20N ass eng kleng Sportsmaschinn, déi et a sech huet. 1,6 Liter 4-Zylinder Turbo aus deem 204 PS gesuckelt ginn. Dat katapultéiert de klenge Koreaner vun 0 op 100 a 6,7 Sekonnen. De Sprint ass awer nëmmen ee Wäert deen zielt. Een aneren ass deen, ob den Auto déi Power och op de Buedem kritt. Dat ass de Fall! Eng immens Traktioun, een einfachen Handling duerch eng gutt ofgestëmmten Balance vum Auto an eng Bremsanlag mat 320mm Scheiwen. Dat mécht Spaass. Dovunner konnten d'Journaliste sech op der Teststreck zu Andenne iwwerzeegen. Den i20N kascht an der Basis 29.490 Euro.

i30N Facelift
Deen i30N krut ee Facelift an awer och nach méi Power ënnert d'Hauf. Vun 250, respektiv 275 PS ass een elo op 280 erop gaangen. Dobäi kennt, datt den Auto méi liicht ginn ass. Bei de Felgen huet ee 14,4 Kilo agespuert a bei de viischte Sëtzer allkéiers 2,2 Kilo. De Sprint vun 0 op 100 packt den i30N elo a 5,9 Sekonnen an den Tacho geet bis op 250 erop. Nei ass och, datt et am Verglach zum Virgänger Modell elo och eng automatesch 8 Gang Boîte gëtt. Beim i20N ass dat nach net de Fall. Hei muss nach ëmmer normal geschalt ginn. Zeréck bei de Facelift. Alles ass e bësse méi breet ginn: De Kühlergrill, déi viischt an hënnescht Luuchten, déi zwee Auspuffen. Domadder huet et sech awer och schonns praktesch. De Präis vum i30N läit bei 36.742 Euro an der laanger Fastback Versioun bei 40.462 Euro.

Santa Fee Plug In Hybrid an Hybrid

D´Flaggschëff vun Hyundai ass schonns an der 4. Generatioun de Santa Fee. Dee gëtt et elo ënnert anerem als Plug In Hybrid an Hybrid Versioun. Dat heescht een 1,6 Liter 4 Zylinder Turbo Bensinner plus Elektromotor dee 60 Päerd bäi steiert, esou datt am Ganzen 230 PS zesumme kommen. Bei engem Gewiicht vun 1.907 Kilo klengt dat net no ganz vill. Op de ronn 20 Kilometer, déi als Teststreck zu Verfügung stoungen, ass et schwéier ze soen ob déi 230 Päerd duerginn oder net. Et ass awer duergaangen fir festzestellen, dat den Auto sech gutt fuere léist an extrem bequem ass. Et huet een immens vill Plaz am Santa Fee an alles ass iwwersiichtlech ubruecht. D´Mall léist sech mat 1.030 Liter méi wéi weisen. De Santa Fee kritt ee vun 51.246 Euro un.

Bayon
Mam Bayon lancéiert sech Hyundai an dat sougenannte B-Segment, also déi kleng SUVen. De Bayon gouf speziell fir den europäesche Maart entwéckelt. Hien ass de klengsten SUV an der Gamme vun der koreanescher Mark. Awer hie wëll grouss eraus kommen. Dat soll ënnert anerem iwwert ee gewoten Design funktionéieren. Virun allem den hënneschten Deel vum Auto ass, an dat ass dat mannst wat ee ka soen, speziell: Een décke Spoiler an eng Mall wou ee kéint unhuelen, datt ee beim hannerzeg fueren ee Gelänner iwwersinn hätt an dat hätt d'Mall agedréckt. De Bayon gëtt et just am Bensinner. Allkéiers een 1 Liter Motor mat 3 Zylinder déi 84, 100 respektiv 120 Päerd staark sinn. Den 100 an 120 PS Motor huet dobäi nach een 48 Volt Generator, deen de Motor beim ufueren ënnerstëtzt. Leider war och d'Teststreck fir de Bayon ze kuerz, fir een detailléierten Fazit ze zéien. Et brauch een awer net laang oder guer net ze fueren, fir festzestellen, datt am Bayon leider ze vill haarde Plastik verschafft ass. Dat léist de soss flotten an innovativen Cockpit dach e bësse bëlleg ausgesinn. De Präis vum Bayon fänkt bei 18.661 Euro un.