• De PLUS

    • technesch Innovatiounen
    • Confort
    • Plazverhältnisser
  • De MINUS

    • 21-Zoll Rieder

Keen anere Modell an der Mercedes-Gamm steet fir hire Savoir-Faire wéi d’S-Klass. No iwwer 60 Joer ass d’Flaggschëff mam Stär an der 12. Generatioun ukomm.

Ob déi méi wéi je dem Slogan “Das Beste oder Nichts” gerecht gëtt, huet de Paul Origer fir eis getest.

Automag: Mercedes-Benz S-Klass

Op eng grouss Première mat Tamtam huet misse verzicht ginn, eng aner Traditioun huet d’S-Klass awer bäibehalen... och als Baurei W223 setzt d’Luxuslimousine nees technesch an optesch d’Jallonge fir déi ganz Mercedes-Famill. Wouhi geet et a wat soll nach kommen – den S weist eis et!

Den Design

D’Zäit vu barocke Formen, ville Falen am Blech oder pompösem Optrëtt ass eriwwer, den Design vun der neier S-Klass ass diskret a glat. Eenzeg den zimmlech grousse Kühlergrill fält do e bëssen aus der Rumm, Fans ginn awer mam traditionelle Stär um Capot nees getréischt. Trotz ronn 5m20 wierkt den S mat senger bouförmeger Silhouette net ze flappeg. Bannendran gëllt dat selwecht... den Tableau ass vill manner wuchteg an agreabel minimalistesch. De Widescreen-Cockpit huet misse Plaz maache fir ee groussen Display an der Mëttelkonsol esou wéi een neie Schierm fir de Chauffer. Bedénge geet iwwert dës Schiermer elo ganz ouni Dréi-Dréck-Knapp oder Touchpad an dat fonctionéiert och relativ intuitiv a gutt. Knäppercher ginn et zwar och nach, mä nach just fir déi wichteg Commanden.

Dat ass nei

Luxus a Confort ass natierlech dat éischt wat ee sech vun enger S-Klass erwaart. An dees gëtt et nees en masse; engersäits duerch méi Raum bannenan, anerersäits duerch eng perfekt akustesch Isolatioun an ee weesentlech verbesserte Sëtzconfort op alle Plazen. Eng vun de groussen Innovatiounen ass déi zweet Generatioun vun MBUX mat engem neien optionalen 3D-Chaufferdisplay. E passt sech den Aen un an erméiglecht esou eng raimlech Duerstellung vun zum Beispill dem Navi. Fonctionéiert an der Praxis ganz gutt, genee wéi den erweiderten Head-Up Display, deen d’Navigatiounspfeiler direkt op d’Strooss ablend. A wa mer bei de Fuerhëllefe sinn: d’Assistenzsystemer starten an der S-Klass natierlech och an eng nei Generatioun. Elo passt sech den Tempomat de Vitesse-Limitatiounen automatesch un, iwwerléisst dem Chauffer awer nach genuch Spillraum. An der Luuchtentechnik gëtt mam Digital Light een neit Kapitel opgeschloen. Nieft den automatesche Pharefonctiounen kënnen déi nei Luuchten och Symboler op d’Strooss projezéieren esou wéi sech der Verkéierssituatioun, sief et Vitesse oder Topographie, komplett upassen.

Op der Strooss

Eng S-Klass ass den idealen Auto fir laang a stressfräi Strecken ze meeschteren. Also firwat net emol 800 km um Stéck fueren... am W223 ass dat de renge Genoss. Perfekt ausgeformten an astellbar Sëtzer, eng Loftfiederung déi dem spréchwiertleche fléienden Teppech zimmlech no kënnt, eng Rou wéi an enger Kathedral an ee souveränen Undriff. Obwuel et als 350d dee klengsten Diesel war, hunn ech näischt vermësst. Déi 286 PS a 600 Nm vum seidege Reiesechszylinder ginn engem d’Gefill vu genuch Kraaft ënnert der Pedall, si operéiere komplett onhéierbar an immens harmonesch mat der 9-Gang-Automatik an dem Allrad 4Matic. Ouni grouss ze schluppen, e Schnëtt vu 7 – 9 Liter si fir eng 2,2 Tonne Limousin absolut vertrietbar. Fir München an Ingolstadt awer e bësse Paroli ze bidden, feiert an der S-Klass elo eng optional Allradsteierung Première. Bis zu 2 Meter manner Wendekrees an eng Handlechkeet, wéi ee Kompaktwon gi versprach - dat huet misse getest ginn! Op 4 Südtiroler Alpepäss gouf de Luxusliner geschéckt an huet enorm iwwerrascht. Esou agil a wendeg a voller Fuerspaass war bis elo nach keng S-Klass. 180 Grad-Kéieren, séier Laaschtwiessel, zackeg Sprints – dat alles, dank active Body Control vun der neister Generatioun ouni grouss Wankbeweegungen a mat souveräner Stroosselag. Eenzege Beemoll sinn déi massiv 21-Zoll-Rieder, déi ee mat der Allradsteierung matkafe muss, si verhonzen d’Efforte vun der Loftfiederung, fir esou douce wéi méiglech ofzerullen. Soss bleift d’S-Klass e richtegen Dr Jekyll and Mr Hyde. Beim Sprint op de Passstroosse gutt mathalen an duerno am Chill-Modus vu Soundsystem a Massagesëtzer verwinnt nees heem fueren. Dat Spagat ass gelongen.

D’Präisser

Iwwert d’Präisser lamentéiere maachen ech net. Eng S-Klass ass de Summum an huet hire Präis. Wien d’Gréisst net brauch, dee kritt geschwënn an deenen anere Baureien quasi déi selwecht Technik, fir dee méi gënschtegen Tarif. Spillt dat keng Roll, da muss ee mindestens ee mindestens 100.000 Euro parat hunn, an dat mat open end. Well mat e puer vun deenen techneschen Neiegkeeten sti séier, wéi bei eisem Testauto 140.000 a méi Euro op der Rechnung.