• De PLUS

    • Chassis
    • Motor
    • Brems
  • De MINUS

    • Präis

M – am Fong ee ganz einfache Buchstaw. Bei BMW-Fans suergt deen awer fir Häerzklappen.

Schliisslech steet den M bei de Münchener fir déi besonnesch leeschtungstaark Modeller. Häerzklappen hat och de de Paul Origer, hien duerft fir eis déi nei Modeller M3 an M4 op genee der richteger Plaz testen.

35 Joer gëtt et den M3 schonn - an dëst an alle méigleche Formen: als Zweedierer, Coupé, Cabrio oder Limousine, mat 4, 6 oder 8-Zylinder, Saugmotor oder Turbo. Haut heescht de Coupé M4, d’Limousine duerft d’Ziffer 3 behalen – mat engem normalen 3er oder 4er hunn dës Modeller awer net méi esouvill um Hutt.

Den Design

Obwuel den Design all déi Joren ëmmer relativ dezent bliwwen ass. Am opfällegsten ass bei der neister Generatioun awer sécher déi nei Kalander mat den iwwerdimensionale vertikalen Nieren. Ausserdeem ënnerscheede sech d’M-Modeller duerch zousätzlech aerodynamesch Elementer, de grousse Felgen, der Auspuffanlag mat 4 Réier esou wéi nach Carbon-Daach a verbreete Radhaiser, fir just e puer Beispiller ze nennen. Fir Individualiste gëtt et dann nach extra opfälleg Lackéierungen a Bannefaarwen.

Den Undriff

Net laang ronderëm de Bräi geschwat – schliisslech geet et bei engem M3 oder M4 och ëm de Motor, awer net eleng, wéi mer spéider wäerte gesinn. 6 Zylinder an der Rei, dat huet bei BMW scho laang Traditioun an d’3er a 4er-M-Modeller sinn, no enger kuerzer V8-Aventure mat der Baurei E92, och beim perfekt ausbalancéierte 6er bliwwen. 480 respektiv 510 PS am Competition këddelen zwee kleng Turbolader aus deenen 3 Liter Hubraum. Bei knapp iwwer 6000 Touren stinn dës un, dank Turbo ass dat üppegt Dréimoment vu 650 Nm awer schonn éischter parat, nämlech ab 2750. Seng Aarbecht mécht dës Héichleeschtungsmaschinn mat gréisster Dréifreed an, natierlech, engem Sound deen d’Hoer op den Äerm opstellt.

Op der Strooss

...hätte mer warscheinlech eng Passfoto no der anerer kritt. Nee, BMW hat eng besser Iddi an huet eis fir e puer Ronnen op Zolder agelueden. De 4 km laange Circuit a Flanderen huet mat sengen 10 Kéieren genee dat um M3 an M4 gefuerdert, wou dat meescht Gehierschmalz dra gefloss ass, nämlech de Chassis. Op Vitesse kommen ass schonn emol absolut keng Affär: 3,9 Sekonne brauchen de Coupé an d’Limousine als Competition bis op 100, déi an eisen Testween verbauten 8-Gang M Steptronic flippert ultraséier duerch d’Gäng, esou datt een am Fong näischt anescht wëll. Trotzdeem bitt BMW als ee vun deene ganz wéinegen och nach eng 6-Gang Handschaltung un. Mä nees zeréck op de Circuit... de Grip beim Sprinten ass enorm an och tëschenduerch setzt dee vive Reiesechser alles ëm, wat een him mam rietse Fouss seet, op Wonsch bis 7.200 Touren.
Verschidden Ingenieure wieren awer beleidegt wa mer op der heiter Plaz just géinge vum Motor schwätzen – bei deenen neien M3 an M4-Modeller gouf nämlech besonnesch um Fuerwierk geschafft. Hei kënnt den Know-How aus dem Rennsport an den Asaz. Prfekt Gewiichtsverdeelung, optimiséiert Stabilitéit an Aerodynamik an dat adaptiivt M Fuerwierk mat elektronesch gesteierten Amortisseuren, drécken d’Grenze vun der Schwéierkraaft wäit ewech. Déi 2 nei M-Modeller follegen all Richtungswiessel op d’Wuert a Ronn fir Ronn huet een den Androck, et wier een nach ëmmer ze lues an d’Kéier gaangen. Passend dozou sinn déi onermiddlech a bësseg Bremsen, déi perfekt ofgestëmmte Steierung an d’Sportsëtzer mat Schraufstackeffekt. Ze meckeren gouf et wierklech näischt, mä déi nächst Rubrik kënnt jo nach.

D’Präisser

Rennsporttechnik huet hire Präis... bei ronn 82.000 Euro start d’M3 Limousine, fir déi elegant Coupé-Versioun M4 muss een der nach 1.500 dropleeën. Ass et souwisou egal, da maachen déi 7.000 Euro plus fir d’Competition-Ausféierung och näischt méi aus. An dann, no engem klengen Tour duerch de Konfigurator kann, wéi bei mengem Wonsch-M3, och mol séier eppes 6-stelleges do stoen. Dofir sinn d’Emotiounen awer och onbezuelbar!