• De PLUS

    • Plaz
    • Verbrauch
  • De MINUS

    • Look

Erënnert dir iech nach un di Zäit, wéi all Auto Mark op d'mannst e Van mat 7 Plazen a senger Gamme hat? Et ginn där nach, beispillsweis bei Ford.

An deenen hire Gréissten, de Modell Galaxy, koum elo als Hybrid Versioun an den Test. Um Volant de Christian Schmit, an dee kuckt awer och schonn no vir op de Caravan Salon zu Düsseldorf, Enn August.

Automag: Ford Galaxy Mild Hybrid

"De grousse Won“, dee mir als Stärebild kennen, dee fält engem gläich a wann e vrum grousse Galaxy steet. 4m85 laang, 1m91 breet an nobäi 175cm héich, dat ass schonn e Cube op Rieder. Mat de ville Fënstere ganz iwwersiichtlech, a mam Panorama Toit ouvrant avancéiert de Kölner dann eigentlech zum Wantergaart op 4 Rieder.

1995 koum schonn di éischt Generatioun, a Ford huet Wëlles de Galaxy och weider am Programm ze halen. Dowéinst dann elo e puer Retusche bannen a baussen, an eng Hybrid Versioun.

Neen dir kënnt de grousse Ford net mam Stecker oplueden, et handelt sech em eng sougenannte Mild Hybrid Versioun. Den 2,5 Liter 4 Zylinder huet 190 PS ënnert der Hauf, an da kommen nach eng 37 E-Power PS dobäi. D’Systemleeschtung läit bei ronn 200 Päerdercher.

Den Energie Späicher ass eng butzeg waassergekillte Lithium-Ionen-Batterie mat 1,1 kw Leeschtung. De regenerative Brems System ka bis zu 90% vun der Bremsenergie notzen, fir Jus an d’Batterie fléissen ze loossen. Um Tableau de Bord kritt de Chauffer mat engem Symbol Brems-Recommandatiounen ugewisen. Reng elektresch, ouni Dezibel setzt sech de Galaxy Hybrid a Beweegung.

Kuerz drop schalt sech dann awer schonn de Verbrenner bäi. D’Automatik ass eng CVT Boîte, also stufelos. Do heescht et moderat mam Gaspedall ëmgoen, well soss dréint de grousse Ford an Toureberäicher, déi engem éischter onagreabel sinn.

An 10 Sekonne steet Tacho Nol bei 100, an di 7 Passagéier kënnen op fräien Autobunnspassagen ouni Tempolimitt, wa gewënscht, mat bis zu 182 km/h ënnerwee sinn.

Déi sinn och confortabel ënnerwee. Fiederung a Fuerverhale passen zum groussen SUV.

Interessanten Detail. Fir dass kee vergiess gëtt, weist den Auto um Ecran optesch an akustesch drop hin, ob wierklech kee méi u Bord ass, éier zougespaart gëtt.

De Ford Galaxy de Serie mat 7 Sëtzer, erfëllt de Wonsch no vill Plaz. Entweder fir d’Kanner aus der Noperschaft op den Training ze féieren, oder wa Kolleege plënneren. 2.339 Liter Mall gi gebueden. Ganz kamoud loosse sech och di eenzel Sëtz Reien elektresch ëmklappen.

Wie sech fir de Ford Galaxy decidéiert, dee brauch wierklech e grousse Won. Ausgeräift a mat opgeraumtem a vill méi iwwersiichtlechem Cockpit nom leschte Facelift, elo dann an der Mild Hybrid Versioun och en Tick méi ëmweltfrëndlech. E Verbrauch op iwwer 600km vu 6,8 Liter ënnersträicht dat dann och.

Bis Enn 2022 ass et jo d’Ambitioun bei Ford de gréissten Deel vun der Gamme ganz, oder zumindest deelweis, ze elektrifizéieren. Den Testauto, Ford Galaxy Hybrid an der Titanium Versioun steet mat 46.200 Euro an der Lëscht. E faire Präis, fir esou vill Auto, och wa mat e puer Optioune séier iwwer 50.000 € ze iwwerweise sinn.

Enn August ginn zu Düsseldorf 60 Joer Caravan Salon gefeiert

D’Weltfoire vun der mobiller Fräizäit gouf 1962 zu Essen an d’Liewe geruff.  Vu Joer zu Joer goungen Zuele bei der Ausstellungsfläch a bei de Visiteuren an d’Luucht. An och am Pandemie Joer koumen der iwwer 100.000. Fest steet, dass et och eng Editioun 2021 gëtt, an och déi ass vital wéi ëmmer. De Salon weist, wat an der Branche déi boomt an Thema ass. Awer och wéi mir eis an Zukunft beweegen, a wouhin d’Rees a punkto Technik geet.

En informéiert an entertéint, bréngt Frënn a Professioneller zesummen, an esou ass de Caravan Salon zënter 6 Joerzéngte Branchentreff fir jiddereen, an Zentrum fir all Bedeelegt an Interesséierter aus der Welt vum Camping, esou den Organisateur.

Ok dann ass dee Rendezvous jo schonn notéiert. Vum 27. August bis 5. September heescht et Caravan Salon zu Düsseldorf.