• De PLUS

    • Präis
  • De MINUS

    • Bordcomputer
    • Infotainment
    • Sëtzer

Elo dréint sech alles ëm en SUV, an nawell ëm e ganz exoteschen. Den MG EHS kënnt nämlech net aus Groussbritannien wéi den Numm et vläicht vermudde léisst.

Mä e kënnt aus China. Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp ass der Fro nogaangen, ob de China-SUV an Europa eng Chance huet.

MG klengt an éischter Linn brittesch. Ma no der Insolvenz vu Rover 2006 gehéiert d’Marque mëttlerweil zur “Shanghai Automotive Industry Corporation”, dem gréisste Grupp vun Auto- a Motorradhiersteller a China. De Grupp ass ënner anerem Kooperatiounspartner vun General Motors a VW a China, an huet deemno déi néideg Kompetenz a finanziell Ressourcë fir erfollegräich Autoen ze bauen.

Design

Den EHS soll MG d’Dieren an Europa opmaachen, an dat geléngt am beschten mat engem gefällegen Design. An esou iwwerrascht et wéineg, dass sech d’Designer un etabléierte Modeller inspiréiert hunn. De Kühlergrill erënnert e bëssen u Mercedes, d’Lüftungsdüsen am Banneraum kéinte vu BMW sinn a verschidde Knäppercher géifen och bei Peugeot esou, oder esou änlech, ze fanne sinn.

Den Interieur

Bannendran gëtt et wéineg Iwwerraschungen. Alles ass do, wou een et sicht. D’Veraarbechtung ass gutt a muss sech net hannert den direkte Konkurrenten aus Korea verstoppen. D’Sëtzer sinn allerdéngs net fir mëttelgrouss Europäer gebaut, fir mech souz d’Stäip am ënneschte Réck definitiv op der falscher Plaz. Apropos Plaz: doru feelt et weder an der éischter, nach an der zweeter Rei. Allerdéngs sinn déi viischt Sëtzer esou wuchteg, dass ee vun der Réckbänk aus net méi vill no vir gesäit.

Navi an Infotainment

An dësem Kapitel muss MG nach eng Schëpp bäileeën. Den Ecran ass zwar, wat d’Gréisst betrëfft, op der Héicht vun der Zäit, d’Technik hannendrun allerdéngs net. Wielt een eng Funktioun aus, dauert et eng gefillten Éiwegkeet bis et viru geet. D’Navigatioun luet net am Hannergrond, mä eréischt wann ee se benotze wëll, a beim Apple Carplay geet de System reegelméisseg an d’Knéien.

Dat nervt

Net alles ass bis zum Schluss duerchduecht. Am Bordcomputer sinn net all Menü-Punkter iwwersat ginn an d’Vernetzung vum Bordcomputer mam Infotainment feelt komplett. Déi zwee Systemer tauschen ënnerteneen keng Donnéeën aus. Esou sinn d’Animatiounen iwwert den Energiefloss vum Hybridsystem zum Beispill statesch: Eisen Testauto huet permanent eng voll gelueden Batterie ugewisen, och wann de Contraire de Fall war.

Den Undriff

Ënnert dem Capot schaffen en 1,5 Liter Turbo-Bensinner mat 162 Päerd an en 122 Päerd staarken Elektromotor zesummen. Esou kënnt den MG EHS am ganzen op 258 Päerd. De Stroum dofir stécht an engem 16,6 kWh groussen Akku a soll fir bis zu 52 Kilometer reng elektresch Räichwäit duergoen. Geschalt gëtt op Verbrenner-Säit iwwert eng 6 Gang-Automatik, den Elektroundriff huet eng eegen 4-Gang-Automatik.

Op der Strooss

An der Praxis kann den MG dann awer déi héich Erwaardungen net ganz erfëllen. D’Fuerwierk ass confortabel ofgestëmmt, eng dynamesch Fuerweis läit dem EHS awer net. Besonnesch an de Kéiere spiert een d’Gewiicht däitlech. An apropos däitlech: de Wiessel vun Elektroundriff op Verbrenner kréien aner Hiersteller méi diskret hin. Gestéiert huet dat awer net, am Géigesaz zum Elektromodus, dee sech dacks net aktivéiere gelooss huet. Schued, well wann et geklappt huet, konnt een d’Rou genéissen an dobäi Bensin spueren. Am Test loung de Verbrauch bei 6,4 Liter wann d’Batterie beim Depart geluede war. Ass se bis platt, affichéiert de Bordcomputer och mol 9 Liter op 100 Kilometer.

Resumé

D’Chinesen hannert MG stinn do, wou d’Koreaner ëm de Joerdausendwiessel stoungen. An och wann den EHS a munche Punkten nach net ganz mat sengen direkte Konkurrente mathale kann, sinn déi eenzel Kritikpunkten fir sech geholl net dramatesch. Mam néidege Feedback stinn d’Chancë gutt, MG an den nächste Jore méi oft am Automag ënnert d’Lupp ze huelen, zemools den EHS Plugin-Hybrid mat 34.900 Euro am Verglach zu senge Konkurrente gënschteg ass.