An den News vun haut geet et em Audi. D’Ingolstädter hunn hir Elektrogamm ausgebaut.

Op enger Presentatioun zu Lëtzebuerg goufe mam Q4 an e-tron GT déi lescht elektresch Neiegkeete virgestallt. De Paul Origer war fir eis dobäi.

Automag News: Audi Q4 e-tron & e-tron GT

MEB – op dësen 3 Buchstawe baut déi grouss VW-Famill hir Zukunft op. No den Elektromodeller ID3, ID4 a Skoda Enyaq ass elo den Tour un Audi fir op hir Aart a Weis d’Elektro-Mobilitéit ze interpretéieren. Kloer hunn d’Ingolstädter dat scho mam e-tron gewisen, abee den neie Q4 e-tron attackéiert an engem Segment, wou et de Moment fluppt – dat vum kompakten SUV.

RTL

© Paul Origer / RTL

Do spillt natierlech den Design eng Roll an deen ass typesch Audi: besonnesch déi staark betounten Taille iwwert de grousse Rieder stécht eraus, vun hanne gëtt sech de vollelektresche SUV duerch ee breet Luuchteband ze erkennen. Fir d’Fans vun de méi eleganten SUV gëtt och hei nees eng Sportback-Versioun ugebueden.

Bannenan hunn d’Designer sech dann total ausgetoobt: de Cockpit baut wäit eraus an ass zimmlech futuristesch ausgefall. Op der Bäifuerersäit gëtt et dofir bei laange Been villäicht mol enk fir d’Knéien, soss kann ee sech op deene ronn 4m60 iwwer Plaz net bekloen. Och Gepäck schléckt de Q4 genuch. 520 – 1490 passen an d’Mall. A geet dat net duer, e maximal 1200 kg schwéieren Unhänger dierf den neisten Elektro-Audi och zéien.

Ouni eppes um Krop versprécht Audi maximal 520 km Autonomie, dat jee no Motorisatioun. An do sti fir den Ufank 170, 204 an 299 PS zur Wiel, jee no Versioun och mat Allrad. Bei de Batterië proposéiert Audi eng 55 an eng 82 kW-Stonne-Versioun, jee no Besoin vum Client. A quasi alle Versioune stécht mol op jidder Fall e knackeg ofgestëmmtent Fuerwierk esouwéi e gënschteg déiwe Schwéierpunkt an eng gläichméisseg Gewiichtsverdeelung. Präislech start de Q4 nach engem relativ faire Beräich: ronn 42.000 Euro soll d’Basisversioun kaschten.

Eng liicht aner Vokatioun verfollegt den e-tron GT. De 4-dierege Coupé, deen et och als RS gëtt, ass onverkennbar den Audi-Zwilling vum Porsche Taycan. Kuckt ee beim Design, da gëtt mat der knapp 5 Meter laanger an op 1m41 geduckter Silhouette, esou wéi der laang gezunnener Heckpartie den Zuffenhausener Brudder dezent zitéiert.

RTL

© Paul Origer / RTL

De Rescht: Nues an Hënneschten genee wéi déi ausgestallten Hëften sinn typesch Audi. Och den Interieur erwaarde mer eis mat 4 Réng genee esou. Besonnesch an der RS-Versioun gëtt mat vill Carbon an Alcantara esou wéi rouden Akzenter op Sportlechkeet gesat. Wat allerdéngs net ëmmer praktesch ass. Eng gutt Iwwersiicht oder eng grouss Mall fënnt een am e-tron GT net, e speziell konzipéierte Buedem mécht eng raisonnabel Plazoffer awer méiglech.

Mä elo gëtt gefuer. Wann och hei de Respekt-Ofstand a punkto Leeschtung gehale gëtt, stécht am e-tron GT natierlech déi selwecht Technik wéi am Taycan. Den 800 Volt-System erlaabt zum Beispill e séiert Opluede vun der 84 kW-Stonne-Batterie. En erlaabt virun allem awer och héichkaräteg Fuerleeschtungen. Tëscht 476 a 598 PS sinn dran, mat Overboost esouguer eng Spëtzt vu 646 PS. Esou dat d’Topversioun RS an nëmmen 3,3 Sekonnen 100 erreecht huet.

Wéi fillt sech dat an der Praxis un? An engem Wuert: Ier! De Rëtt op enger Kanounekugel oder de Start vun engem Iwwerschallfliger wäert deem zimmlech nokommen. Den e-tron GT beschleunegt därmoossen, datt een d’Gefill huet, d’Gehier kéim net méi no. Do derbäi kënnt dann och nach ee Fuerwierk, wat alles matmécht, genee wéi eng héchstperformant Bremsanlag. An – esou seet Audi – fir d’Konschtwierk ofzerënnen, gouf esouguer extra e Sportsound komponéiert, dee via 2 Hautparleure baussen an 2 bannen ofgestraalt gëtt.

E soll awer och séier lueden a wäit fuere kënnen. Sinn déi maximal 488 km opgebraucht, da sollen am Idealfall no 5 Minutten un der 270 kW-Borne nees 100 km méiglech sinn. E komplizéierten Thermomanagement suergt dann dofir, datt et dem e-tron GT net ze waarm gëtt. An d’Schweesse kënnt héchstens de potentielle Client wann en op d’Präislëscht luusst. Ënner ronn 100.000 leeft näischt, fir den RS leet een der nach emol 40.000 drop. Eben ee richtegen Dramauto.