• De PLUS

    • Veraarbechtung
    • Fuerleeschtung
    • Exklusivitéit
  • De MINUS

    • Präis

Zu Buchloe a Bayern, do ass eng vun de ganz exklusiven Automarken doheem: Alpina.

Mat net mol 2.000 pro Joer produzéierten Exemplairë kann een dat wuel behaapten. Deenen hiren Topmodell B8 gouf elo kierzlech presentéiert, an déi Invitatioun huet de Christian Schmit gären ugeholl.

Automag: Alpina B8

All Joer virum Summer invitéiert de Chef vun ALPINA, Andreas Bovensiepen, d’Autopress fir di neiste Kreatioun aus hirem Haus virzestellen.

ALPINA, déi zënter 1978 als Mark eegestänneg Modeller produzéiert, déi op BMW Modeller baséieren. Fir de B8 Gran Coupé goung et an d’Salzburger Land, an op de Salzburg Ring. Fir deen Trajet, a fir gläich an de Feeling ze kommen, hat den ALPINA Concessionnaire hei zu Lëtzebuerg eis frëndlecherweis en D 3S Modell zur Dispositioun gestallt.

Als Lëtzebuerger ass e bei der klenger exklusiver Auto Schmëdd gär gesinn, wéi mir am Gespréich mam Andreas Bovensiepen feststellen?

Jo effektiv. D'Lëtzebuerger hu Spaass um Autofueren. Si si jo duerch dat klengt Land séier op enger däitscher Autobunn fir Gas ze ginn. Ass eng Clientèle déi de gewëssene Budget huet, an dowéinst fir eis en interessante Marché, deen nach wiisst.

De 4-Diregen elegante Luxus Sportswon, Alpina B8 Gran Coupé ass schonn um Pabeier eng Wucht.

4400 Kubik, 8 Zylinder, Bi-Turbo, 621 PS, a Fuerleeschtunge bei deenen e ganz uewe matspillt. 3,4 Sekonnen op 100, an 324 km/h, nach Froen? Nach e Wuert zum Monster Dréimoment vun 800 Nm, an dat tëscht 2000 bis 5000 Touren.

Dowéinst gouf dann och de Salzburg Ring gelount. Déi Rennstreck aus dem Joer 1969, ass ideal fir ze erfueren, wéi ee Performence à la ALPINA ka kombinéieren.

Woubäi di wéinegst warscheinlech op engem Circuit wäerte mat hirem landen. Dëst Joer gi bei ALPINA 2000 Gefierer ugepeilt, an et geséich gutt aus war ze verlauschteren. D’US-Clientèle wier scho ganz schaarf op de B8, a géif fläisseg bestellen.

Um Circuit, a mam Soutien vum Renninstrukter dréine mir di éischt Ronne mam 5,10m laange B8, dee jo um 8er BMW baséiert, mee vum Designteam bei ALPINA optesch nach dee néidege Feinschliff krut. An dee steet elo op 21 Zoll Felgen, an P-Zero Pneuen déi zesumme mam Konstrukteur, an extra vu Pirelli entwéckelt goufen.

Den iwwer 2 Tonne schwéieren Alpina ass wéineg beandrockt vum Circuit mat e sëllege Buedemwellen. Erstaunlech wéi de Gran Coupé hei Héichleeschtung, Fuerspaass a Confort gläichzäiteg zou léisst.

Dat ass dem ugepasste Kill Aggregat mat 50 % méi Killfläch geschëlt, dem modifizéierten Allrad an enger verstäerkter Gelenkwell. Och di brillant 8 Gang Automatik vun ZF gouf ugepasst. High Performence Bremsen mat Compound-Scheiwen op déi Verlooss ass, suerge fir e gutt Gefill an de Schikanen. Respekt, och wann déi wéinegst mat hirem B8 op der Rennpist Beschtzäite wäerten absolvéieren.

Och mir net, a kréie bei 225 um Tacho iwwer d’Funk d‘Info, dass bis virun e puer Joer op där Plaz en DTM Auto net méi séier war. Just hei sëtze mir an engem Serienauto.

D’ALPINA Clientèle, esou den Andreas Bovensiepen, fueren an der Reegel am Joer ganz vill Kilometeren. Déi wielen och dacks „Lavalina Lieder“. Kascht e Pak extra, mee ass esou agreabel, dass ee guer net méi erausklamme wëll. Mee bei 161.-000 Euro, déi fir den Alpina B8 opgeruff ginn, spillt dat dann och kaum nach eng Roll. Genee wéi Verbrauchswäerter, déi net därmoossen an d’Gewiicht falen.

Woubäi da bei den alternativen Energiequelle wieren. BMW huet jo viru kuerzem seng Elektro-Offensiv presentéiert. Mécht dat engem bei ALPINA Suergen, oder anescht ausgedréckt, hunn och si schonn Elektroborne fir d'Zukunft bestallt?

Effektiv nach net. Dat wier nach ze fréi. Technolgie evoluéiert jo hei permanent. All Joer gëtt déi perfektionéiert, do ass et fir eis besser nach ze waarden.

Vum Salzburg Ring dann an d’Salzburger Land. Eng Dram-Kuliss mat herrleche Landschaften, smaragt grénge Séien, Bierger, an engem Schotz Heidi a Sissi.

Sonor mee ouni sech am Toun ze vergräifen, geet et mam Alpina iwwer Land. Mat der Zweeachs-Loftfiederung, der Boîte am Comfort+ Modus e Genoss. A Plaz vun allméiglechen Track an Drift Programmer, leet e bei ALPINA den Accent op Fuerconfort.

Als Fazit hale mir fest, dass där klenger Auto.Manufaktur aus dem Ostallgäu op en Neits de Spagat tëscht elegantem Luxusliner an Luxus Sportswon gelongen ass. Mam B8 gouf eng kleng Nisch an der Welt vun de souveräne Luxus-Sportsween fonnt, an och gläich besat.

Normalerweis wier eis den Abschid bestëmmt schwéier gefall, mee mir wosste jo dass eis Rees an engem Alpina D3 S viru géing…